Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fréijoers-Sommet vum Weltwährungsfong an der Weltbank
https://moien.lu/dreaming-about-dating-different-guys/ Neiegkeeten

online dating was suchst du

Am Kontext vum Fréijoers-Sommet vum Weltwährungsfong (IWF) an der Weltbank

paid online dating sites india
https://moien.lu/dreaming-about-dating-different-guys/ Neiegkeeten

Frankräich: „Presséierte“ Client erschéisst „Relaxe“ Serveur…

Um Freidegowend géint 21 Auer, huet zu Noisy-le-Grand (Seine-Saint-Denis/Paräis) e

Wéi eng Zort Lieser bass du?
https://moien.lu/dreaming-about-dating-different-guys/ Neiegkeeten

Wéi eng Zort Lieser bass du?

Liesen ass fir verschiddener e grousse Sport. Anerer hunn nëmmen

E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg

E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
Zum Ofschloss vun de Walfer Bicherdeeg wëll d'Eliane Lothritz dëst Konschtwierk der Walfer Gemeng schenken. © Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
De Walfer Buergermeeschter François Sauber bei der Erëffnungsried mat engem klengen Historique. © Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
Eis Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng) erweist sech als grousse Fan vun de Walfer Bicherdeeg. © Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
Déi talentéiert Yu-Ting Li huet bei der Ëreffnung de musikaleschen Deel bäigedroen. © Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
Voll a sengem Element: Den CNL-Direkter Claude D. Conter bei sengem Virtrag "Auf den Spuren des Wissens in der Literatur". © Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
Ob dee Kuch aus Bliederdeeg gemaach ass? © Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
En Handwierk net fir jiddereen. Eng roueg Hand, gutt Aen a virun allem Gedold sinn heibäi gefrot! © Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
Do ass eppes drun... © Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
Déi Déifferdenger Geschichtsfrënn wëlle weisen, datt och de Süden eng interessant Geschicht ze zielen huet. © Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
En agespilltend Duo wéi aus dem Billerbuch. Wärend de Marc Lindner Texter schreift, huet d'Mandy Hemmen en An drop. © Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
© Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
D'Sylvie Collignon-Mathieu mat hirer Bicherkollektioun. Hir Kannergeschichte reegen zum Schluss zum Nodenken un. © Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
A wie verstoppt sech dann do hannert dem Gestrëpp? Sinn dat ieren... © Melvin Hatto/moien.lu
E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
... déi Wëll am Bësch? © Melvin Hatto/moien.lu

Wat viru 25 Joer als klenge Bicheroccasiounsmaart ugefaangen huet, ass vu Joer zu Joer méi grouss a virun allem ëmmer méi beléift ginn. De Weekend vum 16. an dem 17. November hu sech eng sëlleg Liesbegeeschtert zu Walfer beim Stade Prince Henri getraff an de 25. Gebuertsdag vun de Walfer Bicherdeeg matgestalt a matgefeiert. D’Buch als Medium fir d’Wësse festzehalen an ze vermëttelen, dat war d’Haaptthema vun der dësjäreger Editioun – an deementspriechend ass d’Buch gefeiert ginn.

Déi Walfer Gemeng, hir Kulturkommissioun souwéi weider Partner hu sech och dëst Joer nees gutt dru ginn, fir de Besicher eppes ze bidden. D’Walfer Bicherdeeg 2019, dat sinn: 51 Auteuren, 42 Verläg, 31 Institutiounen a Vereenegungen, 6 Bicherbutteker, 106 Verkeefer an 953 Meter lafenden Dësch.

De Programm ka sech duerchaus weise loossen, do dierft fir jiddereen op mannst eppes dobäi sinn. Ateliere mat Schrëftsteller wéi dem Anja di Bartolomeo an dem Jean Back, Liesungen, Bicherjuegd fir Kanner, Ausstellungen, Concerten an – dat dierf op engem Gebuertsdag op kee Fall feelen – e Gebuertsdagskuch. Owes nom éischten Dag war du jiddereen nach agelueden, am Festzelt un der “Buchparty” deelzehuelen.

E Freideg, de 15. November war iwwregens den däitsche Schrëftsteller Daniel Kehlmann zu Gaascht an huet aus sengem neie Roman “Tyll” virgelies.

Walfer Bicherdeeg

© Melvin Hatto/moien.lu

E Gebuertsdagsbuch als Gebuertsdagskuch

Éier et dunn awer sou richteg lass gaangen ass, war e Samschdeg am Festzelt d’Erëffnungszeremonie, bei där de Walfer Buergermeeschter François Sauber e klengen Historique zu de Walfer Bicherdeeg gemaach huet. Obwuel dëst Evenement sech zanterhier e gudde Krack verännert huet, esou ass a bleift d’Häerzstéck weiderhin de Bichermaart, betount hien. Zum Ofschloss bedankt de François Sauber sech bei alle Partner vun de Bicherdeeg, zu deenen och de Kulturministère gehéiert. Esou huet d’Kulturministesch Sam Tanson d’Walfer Bicherdeeg als “wichtegste Rendez-vous fir d’Bicher” bezeechent. Et wier eng gutt Geleeënheet, fir och mol kënne mat den Auteuren a Verläg a Kontakt trieden ze kënnen, erkläert si weider.

Mat engem Virtrag zum Thema “Auf den Spuren des Wissens in der Literatur” huet de Claude D. Conter, Direkter vum Mierscher Literaturzentrum, en interessante Bäitrag geleescht. Et ass drëms gaangen, wat fir Wësse Schrëftsteller an hire Fiktioune vermëttelen, virun allem am Ëmgang mat kënschtlecher Intelligenz, Computeren an Androiden. Esou seet hien, datt et a literareschen Texter manner ëm déi konkret Uwendungsméiglechkeete vu KI geet, ma vill méi ëm d’Beschäftege mam Ëmgang domat – eng Diskussioun iwwert Ethik, Grenzen a Méiglechkeete an dësem Meeschter-Kniecht-Verhältnis. An do hätt d’Literatur e grousse Bäitrag geleescht, well se zu dësen Iwwerleeungen ugereegt huet. Als Intermezzo huet déi talentéiert Pianistin Yu-Ting Li dräi Stécker zum beschte ginn.

Walfer Bicherdeeg

Voll a sengem Element: Den CNL-Direkter Claude D. Conter bei sengem Virtrag “Auf den Spuren des Wissens in der Literatur”. © Melvin Hatto/moien.lu

Esou war et dunn och scho bal 10:30 – d’Diere vun de jeeweilegen Hale sollten all Moment opgoen. Ganz ouni Kuch léisst sech e Gebuertsdag allerdéngs net uerdentlech feieren. An esou huet de François Sauber seng Virgängerkollegen op d’Bün geruff an de Kuch ugeschnidden. D’Walfer Bicherdeeg 2019 ware soumat offiziell lancéiert!

E klengt Disneyland fir all Bicherwuerm

Opgedeelt a véier Halen, eng dovunner nëmme fir Kannerbicher gewidmet, eng Ausstellung am Festzelt an ee Beräich fir Atelieren: d’Visiteuren hate soumat genuch ze erkënnegen. An deen een oder anere Bicherwuerm dierft sech beim Betriede vun de jeeweilegen Halen ewéi an engem klengen Disneyland gefillt hunn. Bicher vun allen Zorten esou wäit d’Guckelche kucke konnt. Ob Verlag, Veräin oder Privatpersoun, dëst Format huet et de Leit erméiglecht, mateneen a Kontakt ze trieden a sech iwwer d’Bicher a Literatur auszetauschen.

Bei vereenzelte Stänn ass dann och mol opgefall, datt et net direkt ëm d’Lektür selwer gaangen ass. Och Konschtwierker waren ze bewonneren. Ëmmerhin hunn déi jo och eng Geschicht ze erzielen. En interessante Stand war beispillsweis dee vum Eliane Lothritz. Eng talentéiert Fra, déi sech en dach méi aussergewéinlecht Handwierk ugëeegent huet. Si huet Bichersäiten esou gefaalt, datt doraus e Bild, e Portrait oder e Logo entstanen ass. Do ass vill Fangerspëtzegefill an eng Engelsgedold gefrot.

Walfer Bicherdeeg

Konscht aus Bicher. D’Eliane Lothritz weess mat hirer Konscht opzefalen. © Melvin Hatto/moien.lu

E weidert interessant Duo hu mir déi aner Säit vun der Hal begéint. De Marc Lindner, senges Zeechen geléierten Ingenieur, a seng Partnerin Mandy Hemmen. De Marc Lindner beschäftegt sech mat Konzepter vun der Nohaltegkeet an der Bilanzéierung. Fir eng besser Sensibiliséierung vun der Gesellschaft ze erreechen huet hien eng Rei Wierker verëffentlecht, an deene Beispiller opgefouert ginn, wéi mir eis selwer am Wee stinn. Do dernieft verfaasst hie Kuerzgeschichten. Als déi “besser Halschent” verbessert d’Mandy Hemmen sämtlech Texter. Doriwwer hinaus erzielt si Kuerzgeschichten op engem eegene Youtube-Kanal. Interessant Blog-Bäiträg a weider Informatiounen dozou fannt Dir ënner wortzeichner.wordpress.com.

Lëtzebuerger Orthografie gefrot wéi nach ni

Opgefall mat enger grousser Straalkraaft ass um Samschdeg de Stand vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Eng fläisseg Equipe huet sech an de leschte Méint a Joren d’Méi gemaach, eis Schrëftsprooch op Virdermann ze bréngen. Zanter dem 15. November 2019 ass déi aktuell Versioun vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (lod.lu) online gaangen. Vill Visiteure si bei dësem Stand laanschtkomm an hu sech déi aktuellste Versioun vun der Lëtzebuerger Orthografie gegraff – Lëtzebuergesch schéngt gefrot wéi nach ni!

Walfer Bicherdeeg

Dëst Exemplar war wéi waarm Bréidercher séier vergraff. © Melvin Hatto/moien.lu

Am Kannerberäich goufen eng Rëtsch Geschichte virgelies a soumat konnten eis ganz Kleng an d’Welt vun de Bicher an de Geschichten andauchen. Déi Raimlechkeet niewendru ass ganz fir si geduecht gewiescht: Bicher fir ze kucken an ze lauschteren huet een hei nämlech fonnt, an dat esouwuel fir déi ganz kleng Butzen, awer och fir Grondschoulalter. Esou hat zum Beispill d’Sylvie Collignon-Mathieu hir ganz Kollektioun u Kannerbicher op hirem Stand. Vill vun hire Geschichten reegen zum Nodenken un, a sou munch Léierpersoun wäert domadder scho geschafft hunn. Interessant ass, datt d’Illustratioune selwer vun hir gemoolt sinn.

A wien op Wuertspiller steet oder dat eent oder anert Spréchwuert fir boer Mënz hëlt, dee wäert mam Kannerbuch “De Wëlle leeft am Bësch” op seng Käschte kommen. An dësem Buch hunn d’Diane Orban an d’Myriam Karels Lëtzebuerger Spréchwierder ënnert d’Lupp geholl an aus Kanneraen duerchliicht. Begrëfflechkeeten, déi Erwuessener dacks fir selbstverständlech halen, hu fir Kanner oft eng aner Bedeitung a si stelle sech eppes ganz aneres drënner vir.

Et ass iwwregens ni ze fréi d’Kanner un d’Literatur erunzeféieren. Dorënner ziele selbstverständlech och reng Billergeschichten an Erzielungen.

Leider ass et eis net méiglech gewiescht, all Buch op all Stand genau ënnert d’Lupp ze huelen, ma sidd verséchert, datt do nach weider Pärelen op Iech waarden. Festzehalen ass, datt d’Walfer Bicherdeeg all Joers am Kalenner rout unzesträichen sinn.

Walfer Bicherdeeg

© Melvin Hatto/moien.lu

An engem weideren Artikel gëtt da méi vum Sonndeg bericht. Do steet ënner anerem déi wuelbekannten a beléiften RTL-Dictée um Programm. Wuel dat eenzegt Diktat, ob dat d’Leit sech freeën.

Weider Informatiounen zu de Walfer Bicherdeeg ënnert bicherdeeg.lu
Fir de Programm klickt hei

Weider Andréck vun e Samschdeg gesitt Dir an eiser Fotogalerie.

Opmaacherfoto a Fotogalerie: © Melvin Hatto/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bicher, Bichermaart, Claude D. Conter, François Sauber, Liesen, Literatur, Sam Tanson, Walfer Bicherdeeg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel