Search

You may also like

Police: Vereedegung vun dräi Membere vum ziville Kader
International Neiegkeeten

Police: Vereedegung vun dräi Membere vum ziville Kader

E Méindeg sinn déi dräi Membere vum ziville Kader Claire

Gutt gelaunte Minettsdäpp
International Neiegkeeten

Gutt gelaunte Minettsdäpp

Et war alt nees ee ganz flotte Virowend zum Nationalfeierdag,

Foire Agricole Ettelbréck mat neie Rekorder
International Neiegkeeten

Foire Agricole Ettelbréck mat neie Rekorder

De Weekend iwwer war et nees esou wäit: D’Foire Agricole

Hollännesch Drogefahnder konfiskéieren 2,5 Tonne Crystal-Meth

Hollännesch Drogefahnder konfiskéieren 2,5 Tonne Crystal-Meth

Zu Rotterdam ass den hollännesche Polizisten ee richteg grousse „Coup“ gelongen. An enger verstoppte Kummer an enger Lagerhal, hunn d‘Drogefahnder 2,5 Tonne Crystal-Meth séchergestallt. Wéi et heescht wier dat déi bis ewell gréisste Meng déi an der EU fonnt ginn ass.

Laut den hollänneschen Autoritéiten entsprécht dat Ganzt engem Verkéierswäert vun e puer honnert Milliounen Euro. Datt d‘Polizisten d‘Drogen iwwerhaapt fonnt hunn, ass engem glécklechen Ëmstand geschëlt. Si waren nämlech schonn déi lescht Woch an der genannter Hal, mee déi Perquisitioun hat näischt Aussergewéinleches ervirbruecht, ausser engem wichtegen Detail.

De Beamten ass et verdächteg virkomm, datt d‘Gebai vu bausse wiesentlech méi grouss erschéngt huet, wéi vu bannen. No eppes méi genauem Hikucke sinn d‘Polizisten op eng Wand gestouss, hannert där den ominéise Raum verstoppt war. Hei war de Crystal-Meth a groussen Täsche verpaakt gelagert ginn. Informatiounen zu méiglechen Täter huet d‘Police keng iwwermëttelt.

Chrystal-Meth

Allerdéngs huet déi hollännesch Police matgedeelt, datt am Kontext vun der Enquête, och e Gebai zu Utrecht perquisitionnéiert ginn ass. Hei hunn d‘Poliziste 17.500 Liter Chemikalien entdeckt, déi bei der Produktioun vu syntheteschen Drogen agesat ginn. Et sinn och „Steng“ séchergestallt ginn, an deenen de Crystal-Meth transportéiert sollt ginn. Zur Zäit lafen d‘Ermëttlunge weider.

mat indymedia/ams/rtm

Foto: © Politie NL

Related topics Amphetamin, Chrystal-Meth, Drogen, Politie, Rotterdam
Next post Previous post