Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gamescom zu Köln: Et gëtt eng Welt „hannert“ de Spiller
https://moien.lu/no-answers-online-dating/

Gamescom zu Köln: Et gëtt eng Welt „hannert“ de Spiller

Et war schonn déi 10. Editioun vun der Gamescom, an

https://moien.lu/radiometric-dating-moon/
https://moien.lu/no-answers-online-dating/

good online dating starters

D’Associatioun fir d’Ënnerstëtzung vun immigréierten Aarbechtskräfte (ASTI) ass dofir bekannt,

Diddeleng PAP-Lidl: Zwee vu véier Beem sollen erhale bleiwen
https://moien.lu/no-answers-online-dating/

Diddeleng PAP-Lidl: Zwee vu véier Beem sollen erhale bleiwen

Laut dem Communiqué vu „Forges du Sud“, dee gëschter erausgaangen

250 Milliounen Euro Steiervirdeel, einfach esou…

250 Milliounen Euro Steiervirdeel, einfach esou…

Et gëtt där Deeg, do kanns de der just nach un de Kapp gräifen. Moies op der Pressekonferenz bei der CSV kriss de nach ze héiere wéi onverständlech et dach wier, datt d’Regierung bei engem Wirtschaftswuesstem vu gutt 4% mat engem mega Defizit an der Staatskeess dohier kënnt. Gutt dat ech mäi Wiertche mam Bréitchen einfach esou an de Grapp gedréckt krut.

Jo an am Nomëtteg, ech souz nach beim Digestif, d’Liewe war – no engem groussen Teller Wäinzoossiss an engem Eemer Kniddelen – nees einfach nëmme fir ze genéissen, wéi den Handy mech urifft fir mer ze soen: „Lëtzebuerg huet Amazon 250 Millioune a Form vu Steiervirdeeler geschenkt“. Ech wollt dem „Siri“ grad soen et soll mat de blöde Witzer ophalen, wéi se et all gesot hunn.

Do fräckt der de Kueder! Ech hu mer déi Zuel mat all deenen Nulle versicht virzestellen an hunn direkt nach en Digestif bestallt, ausgedronk, de Wiert bezuelt a mech an de Büro verfuusst. Esou eppes muss een nogoen, anscheinend sinn ech Journalist.

Um Site vun der EU-Komissioun stoung et du „schwaarz op wäiss“. D’Kommissärin fir Konkurrenz huet et tatsächlech gewot eise Steiersystem an de ganz frëndlechen Ëmgang mat Entreprisen, virun allem wéi an dësem Fall Amazon EU Sàrl, a Fro ze stellen. Wat eng Zatz, wat e Culot. Mee se huet Recht, iergendwou muss ee grenzen zéien.

Datt den „Deal“ mat Amazon nach zu Zäiten zustane komm ass wou de Premier Jean-Claude Juncker och Finanzminister war, an een dem Pierre Gramegna elo net wierklech d’Schold ka ginn, sief dohinner gestallt. Mee datt ech mat menger Pai, proportional zum Profit vun Amazon gesinn, méi Steiere muss bezuelen, dat ass bosseg.

Gutt denks de der, elo huet dat Gespills en Enn, Amazon EU Sàrl mécht e Virement an d’Saach ass vum Dësch. 250 Milliounen dinn der Staatskeess gutt an et kéint jo sinn, datt e groussen Deel dovunner fir de Logement genotzt gëtt. Hu mer dat och ausgerechent, a sinn op iwwer 800 Wunnenge komm, déi kéinte gebaut ginn.

En Dram. Deen ass dann awer direkt nees geplatzt. Dat engersäits well Amazon net eng Sekonn drun denkt de Goss op den Dësch ze leeën, mee virun allem well och d’Regierung sech virgeholl huet, dat ganzt gemälleg unzegoen. Et misst een emol kucken, heescht et do. Analyséieren, verhandelen a wéi gewinnt kucken op do net en Teppech onnëtz ronderëm läit, ënnert deen een dat kéint kieren.

Datt een als klénge Patron oder „Start-Up“ do d’Loscht verléiert un der wirtschaftlecher Entwécklung matzewierken, dat schéngt eis Politiker nëmme marginal ze interesséieren. An et gëtt ze bedenken, datt Amazon elo just eng vun „deenen“ Entreprisen ass, déi et sech et hei op eis Käschte gutt goe loossen. Geet et eis wierklech esou gutt, datt mer eis dat kënne leeschten?

Foto: (Archivbild vum November 2014) Den US-Gigant vum Versandhandel, hei d’Fassade vum Logistikzenter zu Berlin, war scho laang am Viséier vun der EU-Kommissioun. Dräi Véierels vum Benefice si guer net besteiert ginn, behaapten se zu Bréissel. Ma wann et dann esou einfach ass. © John MacDougall/AFP

Ähnlech Sujeten Amazon, EU-Kommissioun, Jean-Claude Juncker, Margrethe Verstager, Pierre Gramegna, Steieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel