Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Roboter als „juristesch Persoun“
International Neiegkeeten

De Roboter als „juristesch Persoun“

Déi vergaange Woch hat d‘Europadeputéiert Mady Delvaux Stehres (LSAP) zu

ACL: Ee Bazar fir Kannersëtzer
International Neiegkeeten

ACL: Ee Bazar fir Kannersëtzer

Um kommende Samschdeg organiséiert den Automobiles Club op een neits

dislike
De Puidgemont an Däitschland verhaft, Gewaltausbréch a Katalounien
International Neiegkeeten

De Puidgemont an Däitschland verhaft, Gewaltausbréch a Katalounien

De fréiere President vun der autonomer spuenescher Provënz Katalounien, Carles

26 Mënsche stierwe bei enger Schéisserei am Texas

26 Mënsche stierwe bei enger Schéisserei am Texas

An enger Kierch am Texas huet e Mann, matten am Gottesdéngscht ronderëm sech geschoss a 26 Leit ëmbruecht. Et ass eng weider vun de schrecklechste Schéissereien déi Amerika a seng Geschichtsbicher muss androen. E „Massaker“ dat grad emol fënnef Wochen no der déidlecher Schéisserei vu Las Vegas d‘USA stattfonnt huet.

11:20 Auer zu Sutherland Springs, eng kleng ländlech Uertschaft mat 400 Awunner, e Sonndeg wéi ëmmer? Net dëse 5. November. Eng jonke Mann ëm déi 20 Joer jonk, ganz schwaarz gekleet an d‘Stuermgewier fest am Grëff, d‘Schosswest eng gebonnen, schéisst op Baptistekierch. Da geet de Mann an d‘Kierch an schéisst geziilt, bis en Awunner him d‘Gewier kann enträissen.

De Mann ka flüchten, mee gëtt eppes méi spéit a sengem Gefier dout opfonnt, ouni dat een bis ewell weess op een hien erschoss, oder op e sech selwer ëmbruecht huet. D‘Autoritéiten hunn zur Zäit näischt iwwert dem Täter seng Identitéit matgedeelt an och zum Motiv gouf bis ewell keng geséchert Informatioun erausginn.

US-Medie wëlle wëssen, datt et sech hei ëm e 26 järegen ex-Zaldot handelt, dee no enger Veruerteelung duerch e Militärgeriicht 2014, aus der Loftwaff entlooss ginn ass. E soll an engem Viruert vu San Antonio, eng vun den texanesche Groussstied, ronn 50 Kilometer vu Sutherland Springs ewech, gewunnt hunn.

„Bis heihinner hu 26 Mënschen d‘Liewe verluer. Mir wëssen net op sech dëse Bilan esou ofschléisse léisst oder net“, sot den texanesche Gouverneur Greg Abbott bei der Pressekonferenz. Bei der Schéisserei sinn, esou d‘Autoritéite, nach eng 20 Leit blesséiert ginn. Mënschen am Alter vu 5 bis 72 Joer. Den Ugrëff op d‘Baptistekierch wäert als déi schlëmmst Masseschéisserei an d‘Geschicht vum Texas agoen.

Diabolesch ?

Den US-President, aktuell op Asien-Tour, huet de Virfall als „erschreckend“ an „diabolesch“ veruerteelt. Den Donald Trump deen dem gültege Waffegesetz frëndlech gesënnt ass, huet dann um Méindeg och den Debat heizou guer net opkomme gelooss. Hien huet sech drop beschränkt dem Staat Texas an den Autoritéiten, déi „ganz Ënnerstëtzung vu senger Administratioun“ ze verspriechen.

„Mir hunn d‘Häerz gebrach. Mir versammelen eis, vereenen eis Kräfte (…) Duerch d‘Tréinen an d‘Leed bleiwe mir staark“, esou den Trump zu Tokio. „Eis feelen d‘Wieder fir d‘Leed an de Schmäerz dat mir empfannen auszedrécken“. Virun der Pressekonferenz hat de Locataire vum Wäissen Haus getweet: „Sief Gott mat de Leit vu Sutherland Springs, Texas“.

Wéi bei alle Schéissereie virun dëser, weisen d‘Demokraten och hei nees mam Fanger op d‘Gesetz zum Recht eng Waff ze droen. Gefuerdert gëtt eng gréisser Kontroll. Keng einfach Fuerderung an engem Land wou et e Grondrecht ass eng Waff ze hunn an ze droen. E Recht datt fir eng grouss Majoritéit vun den Amerikaner „helleg“ ass.

De fréiere President Barack Obama huet en Akt vum Haass denoncéiert an deklaréiert: „Gott soll eis d‘Wäisheet ginn an zouloossen, datt mir eis d‘Fro stelle wéi eng konkret Moossnamen ze ergräife sinn fir d‘Gewalt an d‘Waffen ënnert eis ze reduzéieren“. Déi demokratesch Senatrice Elizabeth Warren mengt hirersäits: „Net nëmme sinn ech bestierzt, mee ech si wierklech rosen“.

D‘Liewe geet weider

No der Schéisserei vum 1. Oktober zu Las Vegas, wou 58 Mënsche gestuerwen a bal 550 blesséiert gi waren, elo dann en ähnleche Virfall an engem „Duerf“ am Texas. An et ass dat net déi éischte Kéier, datt e „Massaker“ an enger Kierch stattfënnt.

Am Juni 2015 hat den Dylann Roof, en Unhänger vun der „Wäisser Iwwermuecht“ déi dem Klu Klux Klan zougeuerdent gëtt, néng Kierchegänger zu Charleston (Süd-Carolina) ermuerkst. De Virfall hat sech an der Kierch „Emmanuel“, dat Symbol fir de Kampf géint d‘Sklaverei, zougedroen. De Roof ass am Januar 2017 zum Dout veruerteelt ginn.

All Joer stierwe wäit iwwer 33.000 Mënschen duerch den Asaz vu Schosswaffen. Bei all Virfall flaamt den Debat ronderëm d‘Waffegesetz op e neits op, gi Fuerderunge gestallt an… et bleift dann och dobäi. Ze staark ass d‘Waffelobby, geleet vun der NRA (National Rifle Association) déi et esou liicht kengem wäert maachen sech dem 2. Amendement unzehuelen an deen ze änneren.

mam Suzanne Cordeiro an dem Francesco Fontemaggi/AFP

Foto: Um Owend vum 5. November, dem Dag wou 26 gleeweger an der Baptistekierch vu Sutherland Springs erschoss gi sinn, hunn sech, wéi et an Amerika bei esou Virfäll üblech ass, d‘Leit zesummefonnt a Käerzen ugemaach. © Suzanne Cordeiro/AFP

Ähnlech Sujeten Barack Obama, Donald Trump, NRA, Schéisserei, Texas
Nächsten Artikel Virrechten Artikel