Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du déi al Eisebunnsstrecke vu Lëtzebuerg?
hunters dating site

Wéi gutt kenns du déi al Eisebunnsstrecke vu Lëtzebuerg?

Den Zuch huet eng fest Plaz zu Lëtzebuerg. Net nëmmen

https://moien.lu/catfishing-dating-stories/
hunters dating site

Breaking News: Blesséierter no Schéisserei zu Utrecht

An der hollännescher Stad Utrecht soll ee Mann an engem

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches
hunters dating site

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches

„Wat eng Welt, woaw!“ Den Donald Trump betrëtt d‘Zeen, installéiert

Verjéngt fënnt d’DP no iwwer 30 Joer de Wee zeréck op Fréiseng

Verjéngt fënnt d’DP no iwwer 30 Joer de Wee zeréck op Fréiseng

Fir d‘Gemengewahlen huet sech d‘Demokratesch Partei zimlech am ganze Land gutt etabléiert. No méi wéi 30 Joer Absence an der Fréisenger Gemeng, mat enger neier, jonker a voll motivéierter Lëscht unzetrieden, ënnersträicht dëse Fait.

Um Mëttwochowend ass d‘Sektioun dann och offiziell am „Restaurant de la Frontière“ gegrënnt ginn. Dësen dach feierlechen Ament konnt sech d‘Presidentin a Familljeministesch Corinne Cahen net entgoe loossen. Och de Fraktiounspresident Eugène Berger, de Bezierkspresident an Deputéierte Max Hahn grad ewéi de Munnerefer Député-Maire Lex Delles hunn sech dësem historeschen Evenement ugeschloss.

De Routinier Carlo Raus héich erfreet endlech nees eng DP-Sektioun zu Fréiseng zu hunn © Nancy Klauner

Et war dem Carlo Raus, deen als Spëtzekandidat déi Fréisenger Lëscht an d‘Wahle féiert, dann och eng ersiichtlech Freed d‘Sëtzung opzemaachen. Ville vun de Kandidaten hunn sech zur DP bekannt nach iert se vum Projet woussten. Fir de Carlo Raus, dee am Miker Varnier d‘Zukunft vun der DP an der Gemeng erkannt huet, Motivatioun genuch dat „gliddegt Eisen“ unzepaken.

Gutt opgestallt

Wann de Spëtzekandidat och erfuere genuch ass, fir net den Usproch op de Schäfferot ze stellen, esou vertraut hien op de gesonde Mënscheverstand. D‘Gemeng, déi aus dräi Dierfer (Helleng, Uespelt a Fréiseng) besteet, zielt vill nei a jonk Familljen. Leit also, déi groussen Interessi dorunner sollten hunn, wéi et mat der Bildung an der kultureller Offer ausgesäit.

Mat enger Equipe déi duerchschnëttlech 40 Joer al ass an sech fir eng participativ Gestaltung vum Zesummeliewe wëll asetzen, sinn d‘Viraussetzunge beschtens. A wann elo och nach kee Programm presentéiert ginn ass, esou sollt d‘Famill ee vun den Sujete sinn. De Carlo erwaart dann och vun de Kandidate konstruktiv a kritesch un de Programm erunzegoen.

D‘Membere vun der DP-Sektioun Fréiseng dem Riedner opmierksam nogelauschtert © Nancy Klauner

Hie leet och grousse Wäert dorop, datt et eng Wahlcampagne a kee Wahlkampf gëtt. D‘Bierger aus der Gemeng ze iwwerzeegen an net ze iwwerriede muss d‘Zil sinn, wann d‘DP sech nohalteg an der Gemeng wëll positionéieren. Et ass och drop higewise ginn, datt et sécherlech och emol intern Differenze ka ginn. Grad wéi ee sech muss bewosst sinn, datt „Réckschléi“ en Deel vum politeschen Alldag sinn. Zesummenhalen an zesummewierke sinn d‘Stäerkt déi sech d‘Sektioun muss ginn.

De Virstand an d‘Kandidaten

Et huet net vill gebraucht, a schnell war de Virstand duerch Applaus bestätegt. De Mike Varnier iwwerhëlt d‘Presidence, d‘Samantha Hutmacher ass Vizepresidentin. De Caissier an weider Rolle gi bei der nächster Sëtzung verdeelt. Eng jonk Sektiounsspëtzt also, déi de Besoine vun de Leit an der Gemeng ka Rechnung droen. Déi, déi selwecht Uspréch a Wënsch huet a motivéiert ass, dat ëmzesetzen.

D‘Kandidatin Martine Becker (44) ass wuel „aus Virwëtz derbäi“, wëll awer fir eng besser Politik an der Gemeng bäidroen. De Sam Berns (36) huet wëlles „nei Loft an d‘Gemeng“ ze bréngen an de Rafael Cabete (39) ass iwwerzeegt, datt „een eppes muss maachen“. D‘Samantha Hutmacher (32) gesäit vill Potential a wëll emol „Erfarung sammelen“ a seng Virstellung vun enger moderner an dynamescher Gemeng de Leit nobréngen.

Den André Kieffer (45) mengt datt „ee muss matmaachen amplaz ze meckeren“. D‘Edisa Kozar (37) mëscht mat wëll „de Mike mech iwwerzeegt huet“ an et wichteg ass, seng Zukunft selwer ze gestalten. D‘Julie Perez (30) ass dat jéngst an der Sektioun a „wëll eppes léieren“ mee och beweisen datt jonk Mënschen hiren Deel kënne bäidroen.

D‘Sonia Pinto (42) hëlt den „neie Challenge“ un a Freed sech op déi vill Gespréicher mat de Wieler. De Carlo Raus (63) Doyen vun der Equipe, bréngt seng „laangjäreg Erfarung mat“ an ass zouversiichtlech, datt seng Leit ee Gewënn fir d‘Gemeng sinn. De Fränk Schmitz (42) konnt wéinst eng Mogripp net deelhuelen, mir wëssen awer, datt och hie fir ee gréisseren Zesummenhalt an der Gemeng antriede wëll.

DP-Sektiounspresident Mike Varnier zouversiichtlech ee gutt Resultat am Oktober virweisen ze kënnen (v.L.n.R. Corinne Cahen, Max Hahn, Mike Varnier, Carlo Raus) © Nancy Klauner

De Mike Varnier (40) huet de Gedanken, nees eng DP-Sektioun zu Fréiseng ze etabléieren, scho laang beschäftegt. Hien ass natierlech geéiert dierfen als President d‘Sektioun ze leeden. Hien erhofft sech d‘Partei nohalteg an der Gemeng opzestellen an d‘Leit nees méi no un d‘politescht Geschéien erunzebréngen. Et ass him bewosst, datt ee net jidderee vum eegene Programm kann iwwerzeegen, et wier awer wichteg, datt all Awunner sech um demokratesche Prozess bedeelegt.

D‘Famill als Mëttelpunkt vun der Gesellschaft

Iwwerzeegt vum Potential deen déi nei DP-Sektioun huet, ass och d‘Parteipresidentin. D‘Corinne Cahen erkläert dann och de Kandidate, wéi wichteg Gemengepolitik ass. Den direkte Kontakt mam Wieler an d‘Chance d‘Problemer direkt kënnen unzeschwätze sollt een net ënnerschätzen. Ouni elo ee Programm virzeschloen, weist d‘Familljeministesch op d‘Roll vun der Gemeng an der Groussregioun hin.

Familljeministesch a Parteipresidentin Corinne Cahen steet hannert der Fréisenger Equipe © Nancy Klauner

Eng Gemeng op der Grenz soll dann och hir ekonomesch Atouten am A behalen. Dozou gehéiert och den Zesummenhalt an eng gutt Kommunikatioun. Natierlech stoung a steet beim Corinne Cahen, d‘Famill an alles wat domadder zesummenhänkt op éischter Plaz. Si ass dann och déi Gesetzer agaangen déi nach virum Congé misste gestëmmt ginn.

Mindestens zwee Sëtz sollte méiglech sinn

Eugène Berger, Députéierten

Fir den Eugène Berger, Deputéierten, deen eigentlech och esou eppes wéi de „Noper“ ass, muss de Courage vun de Kandidaten ervirgehuewe ginn. Et wier net selbstverständlech sech esou ze engagéieren, ëmmerhin hëlt een eng Positioun an, déi net jiddereen deele wäert. Mee dat ass ëmmer de Fall wann een eppes zum bessere wëll veränneren. Wat déi „Fréisenger Lëscht“ ugeet, ass de Fraktiounspresident ganz optimistesch. „Mindestens zwee Sëtz sollte méiglech sinn“, ënnersträicht hien a verweist op déi exzellent Resultater bei de Chamberwahlen.

De Max Hahn huet sech u seng „éischte Kéier“ erënnert a weess dass d‘Zäit bis ze de Wahle ganz schnell vergeet. Hie mécht och kloer, datt vun der Equipe eng ganz Partie Leit net wäerte gewielt ginn. Dofir ass den demokratesche Prozess an der Sektioun och esou wichteg. Alles steet a fält mam Zesummenhalt deen d‘Kandidaten no bausse weisen. An d‘Wahle geet en zesummen, Wahle gewënnt een zesummen.

Ähnlech Sujeten Corinne Cahen, DP, Eugène Berger, Fréiseng, Mike Varnier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel