Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OPGEPASST: Ochratoxin A an de Bionëss vum Aldi!
alex and clay dating in real life Neiegkeeten soulmate online dating

https://moien.lu/kevin-durant-dating/

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt den schnellen europäesche Sécherheetssystem

blow off valve hookup
alex and clay dating in real life Neiegkeeten soulmate online dating

Escher Kulturlaf mat 3.000 Leefer gutt besicht

“When sport meets culture”: dat ass de Motto vum Escher

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen
alex and clay dating in real life Neiegkeeten soulmate online dating

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen

Et gëtt vill Bosseges ze beriichte wann et ëm d‘Bezéiung

30 Joer ländlech Entwécklung: Esou geet Koler mat guddem Beispill vir!

Wéi sech ee klengt Duerf erausmausere kann

30 Joer ländlech Entwécklung: Esou geet Koler mat guddem Beispill vir!

Ganzer 30 Joer gëtt zu Lëtzebuerg un der ländlecher Entwécklung geschafft an esou ee stolze Gebuertsdag muss natierlech gefeiert ginn. An engem éischte Schrëtt huet de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, de Bilan vun allen Aktiounen am Duerfzenter Koler gezunn. Mat dobäi war och de Geroges Fohl, Buergermeeschter vun der klengster Gemeng am Süden, déi sech a kuerzer Zäit zu engem richtegen Higucker entwéckelt huet.

Bekannt ass déi ländlech Regioun fir d’Landwirtschaft, déi zu eiser Ernierung, dem Schutz an der Restauratioun vun de Landschaften, sou wéi der Stäerkung vum Ekosystem bäidréit. Zur ländlecher Entwécklung kann een awer nach vill méi opzielen: Duerch geziilt Aktiounen a Projete kann een nämlech d’Liewensqualitéit vun den Duerfbewunner immens steigeren, déi sozio-ekonomesch Diversifikatioun vun der Regioun fërderen an Acteure bei hiren innovative Pläng ënnerstëtzen.

Als virbildhaft Beispill huet een hei Koler gewielt. A wann Dir Iech elo frot, wou dat da läit a wisou dat klengt Duerf esou ervirstécht, da sidd Dir gläich bestëmmt esou positiv iwwerrascht, wéi mir et bei eiser Visitt waren! Duerch den Duerfzenter Koler an de Kinoler, dem klengste Kino vum Groussherzogtum, konnt ee beispillsweis zur Entwécklung, Kohäsioun an Identifikatioun vun allen Awunner, Lëtzebuerger an och Touriste bäidroen.

Koler

Ee Wierk vum Alain Welter © Shari Pleimelding/moien.lu

A wéi geet dann esou eppes?

Als klengst Gemeng vum Süden huet ee schonn ëmmer vill vun den Nopesch-Gemenge profitéieren. Elo wollt een awer endlech eppes zeréck ginn, wouduerch Koler sech mat der europäescher Initiative LEADER an dem Ministère fir Tourismus, Kultur a ländlech Entwécklung zesumme gedoen huet.

Wat sollt entstoen a wéi soll een dat Ganzt ugoen? Majo, do huet een direkt op d’Bierger zeréck gegraff, déi beim ganzen Opbau mat abezu gi sinn. Et hätt een d’Suerg gehat, datt am Endeffekt ëmmer méi Material an ëmmer méi Budget gefrot gëtt vun den Awunner, allerdéngs gouf de Buergermeeschter vum positiven Input an dëser moderner Decisiounsmethod beandrockt.

Virun allem mam Bau vun den neie Citéë konnt een déi nei Bierger ulackelen an esou beispillsweis de Kinoler an der fréierer Schoul entstoe loossen, de Jugendtreff oder och ee ganzen artistesche Circuit, bei deem de Kënschtler Alain Welter Fassadë vun ëffentleche Gebaier, Privathaiser a Scheiere queesch duerch d’Duerf verschéinert huet. Esou erkläert de Georges Fohl: „Mir wëllen eise Leit eppes bidden an der Géigend eppes bidden!“

Koler

© Shari Pleimelding/moien.lu

Een Abléck an den Duerfzenter Koler

Bei der Visitt mam Minister an dem Buergermeeschter goufe mir fir d’éischt an ee Raum guidéiert, deen beispillsweis als klenge Festsall oder als Bar genotzt ka ginn. Am Hannergrond erbléckt een, a risegem Format, 2 schwaarz-wäiss Fotoen, woubäi den Architekt dru geduecht huet, al an nei ze verbannen. Schliisslech ass et der Gemeng, an och dem Minister op dëser Plaz wichteg d’Bausubstanz ze erhalen an un d’Besoinen unzepassen. Déi lénks Foto vun 1928 weist beispillsweis eng Klass, déi emol a genau dësem Zëmmer un de Schoulcoursen deelgeholl huet.

Weider goung et an d’Jugendzëmmer. Um Wee d’Trap erop konnt een souwuel am Trapenhaus, wéi och um Gang Plakater vu fréiere Fester gesinn, déi de ganzen Opbau nostalgesch Wierke loossen. Banne fënnt een dann am modernen Zëmmer een ale massive Comptoir, wéi och ee flotte rustikale Schaukelstull.

Koler

© Shari Pleimelding/moien.lu

Do mëscht ee grouss Aen…an Oueren!

Beim Kinoler huet een natierlech d’Duerf Koler an de Kino verbonnen. Als klengste Kino vum Land huet dës Plaz awer eppes ganz Besonnesches virzeweisen: D’Kombinatioun aus der 100% quadratescher Form vum Sall an dem Dolby Atmos-Soundsystem a senge 36 Lautsprecher loossen een eenzegaartegt Klangerliefnis entstoen! Souguer d’Entreprise selwer war nom Abau faszinéiert vun dësem – et kann een et net anescht soen – super gäile Klang.

Kee Wonner also, datt hir Erwaardungen u Visiteuren däitlech iwwertraff gi sinn. Pro Seance misst een nämlech 9 Leit unzéien, si leien awer bei ganzer 22 Persounen! An och mir ware begeeschtert vum Kino, an deem ee sech gebuergen an a gudder Gesellschaft fillt. Duerch den intensive Klang kënnt engem och de Film direkt méi dräidimensional a realistesch vir. Esou kéint een och emol bis op Koler an de Kino flitzen, d’Duerf a seng 16 Benevollen an der Ariichtung ënnerstëtzen, amplaz bis an déi bekannt Kinoen ze goen.

De Kino kënnen iwwregens och Privatleit ganz fir sech lounen a sech selwer ee Film vum Programm eraussichen. Am Ganze fanne 46 Persounen am Sall eng Plaz. Weider Informatiounen zu den Ëffnungszäiten an de Virféierunge fannt Dir op kinoler.lu.

Koler

© Shari Pleimelding/moien.lu

Wann de Mr Mope säi Pinsel schwéngt

Gebuer an opgewuess zu Koler wollt och de 25 Joer jonke Kënschtler Alain Welter säin Deel zur Gemeng bäidroen. Schonn ëmmer huet hie mat Kollege gäre gesprayt a wou et bis op Berlin op d’Universitéit gaangen ass, fir Illustratioun ze studéieren, koum him schliisslech d’Iddi ee faarwege Projet am Heemecht-Duerf ze starten. Wärend 2 Joer huet hie seng Zäit an d’Bemolung vun de Fassade vu Privathaiser, Scheieren an ëffentlech Gebaier investéiert a se mat thematesch passende Motiver dekoréiert.

D’Thema Duerf stoung dobäi am Virdergrond, wat de jonken Artist op kreativ an originell Aart a Weis super ëmgesat krut. Bestëmmt hutt Dir och schonn emol Wierker vun him op Mauere gesinn, déi am ganze Land verdeelt sinn. Majo, wien mat der „make koler kooler“-Kaart equipéiert ass, dee kritt de ganze Parcours duerch Koler ugewisen an d’Geschicht zu de Wierker erkläert. Ee Grond méi, vir emol een Ablack méi laang an dësem klengen Duerf ze bleiwen!

Koler

Den Alain Welter, stolz wéi Oskar op seng Wierker! © Shari Pleimelding/moien.lu

Iwwer 1000 Projeten an 30 Joer

Kuckt een dräi Joerzéngten zeréck, esou kann een nëmme staune, wat bis ewell alles geschitt ass. De Ministère vun der ländlecher Entwécklung huet am Ganzen 82 Projete kofinanzéiert, wouduerch den Echange mat der Bevëlkerung an déi participativ Approche gefërdert ginn ass. Mat den Instrumenter vun der klassescher Entwécklung vum Land konnte 506 Projete realiséiert ginn. De Budget huet heivir 84 Milliounen Euro hierginn, wouvun de Ministère der 27 Millioune kofinanzéiert huet.

Déi europäesch Initiative LEADER huet et erméiglecht, nach weider 528 Projeten an de fënnef Regiounen, mat engem Budget vu 45 Milliounen Euro ze kofinanzéieren. Zënter 1991 ass LEADER Deel vun der nationaler ländlecher Entwécklungspolitik.

E puer weider Beispiller fir Projete vun der ländlecher Entwécklung si beispillsweis den Téi vum Séi oder och de Beki. Dozou gehéieren awer nach de Mëllerdall Trailer, d’Evenement Wine Taste Enjoy an d’Biekerecher Millen, woubäi Biekerech an der Vergaangenheet op internationalem Niveau schonn emol den Duerferneierunsgpräis gewonnen. Fir 2020, esou huet de Buergermeeschter mir et gepëspert, wier och Koler nominéiert fir dëse Präis.

Wéi de Minister Romain Schneider opgezielt huet si vun den 102 Gemenge vum Land zu 82% ländlech Géigenden. Dës Gemengen an Dierfer zielen awer knapp 200.000 Awunner. Et hätt een iwwregens nach e puer Projeten an e bëssi Budget am Tirang leien, déi an Zukunft vläicht verwierklecht ginn. Opschreiwe sollt ee sech iwwregens onbedéngt de 16. Oktober: Hei gëtt am Cube zu Maarnech den 30. Gebuertsdag grouss an offiziell gefeiert. Grouss Iwwerraschunge sinn ze erwaarden!

Ähnlech Sujeten Alain Welter, Dolby Atmos, Duerfzenter Koler, Kinoler, Koler, LEADER, Mope, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel