Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verbuet vun Dronenaktivitéiten den 16. an 17. Oktober 2019
International Neiegkeeten

online dating so depressing

Am Kader vun der Staatsvisitt vum belsche Kinnek an der belscher Kinnigin

dating site true
International Neiegkeeten

Dammefussball: De SC Beetebuerg ass de verdéngte Landesmeeschter

Um Samschdegowend ass d‘Fussballsaison bei den Dammen op en Enn

Erklärung vun der KPL zur Situatioun a Venezuela
International Neiegkeeten

Erklärung vun der KPL zur Situatioun a Venezuela

Déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg veruerteelt an aller Schäerft all d‘Aktioune

30 Joer Mauerfall: Ee Jubiläum fir d’Vereenegung!

1989 – Eng Mauer fält an en Land gëtt nees vereent

30 Joer Mauerfall: Ee Jubiläum fir d’Vereenegung!
©Kelly Scholtes

„Deine Vision im Himmel über Berlin“ ©Kelly Scholtes

Den 9. November sinn et genau 30 Joer hier, datt d’Mauer zu Berlin gefall ass. Déi eng hunn et materlieft, di aner kennen et just aus dem Geschichtsbuch. Getrennt waren awer net nëmmen Ost an West, mee een ganzt Land an domadder eng Natioun. Ziel vun där berühmt berüchtegter Mauer war et, d’Bierger aus der DDR am Osten un hirer Flucht an d’Bundesrepublik am Westen ofzehalen.

An der Mëtt vun der DDR louch Berlin, wat nom Enn vum Zweete Weltkrich an 4 Selektioune gedeelt war. Am Joer 1961 goufen di westlech Sektiounen da vun enger ronn 155 Kilometer laanger Grenz, der Mauer, gespaart. An der Nuecht vum 12. op den 13. August gouf dës duerch ganz Berlin verlafent Sektiounsgrenz aus Stacheldrot an Stengemaueren, vun der Vollekspolice an der Nationaler Volleksarméi erriicht.

Mauerfall

7 Tage, 7 Orte – Die Festivalwoche ©Kelly Scholtes

Esou ass et der Bevëlkerung quasi onméiglech ginn, vun engem Staddeel an deen aneren ze kommen. Zeg Leit hunn deemools beim Versuch an de Westen ze flüchten hiert Liewe misse loossen. Den Ëmschwong koum dann 1989. De Grenziwwergang gouf ënnert Drock vum Vollek aus der DDR um Owend vum 9. November opgemaach. Déi éischt Leit duerften um Grenziwwergang “Bornholmer Straße” an West-Berlin areesen. Di lescht Spure vun der Mauer sinn di 1,5 Kilometer Betonswand an déi duebel Rei Pawee di duerch di ganz Haaptstad vun Däitschland verleeft an se hautdesdaags nach symbolesch deelt.

Zeg Attraktioune sollen un dee groussen Dag erënneren. Sou ginn 7 Deeg laang op 7 Plaze Filmer, Diskussiounen, Work-Shops, Projektiounen, Concerten an Konscht gebueden. Op all Standpunkt kritt een en geschichtlechen Abléck gebueden. Sief et duerch Installatioune mam geschichtleche Verlaf vun der Berliner Mauer oder duerch Infostänn.

Mauerfall

3000 Wënsch an Hoffnungen ©Kelly Scholtes

Eng ganz besonnesch Konschtausstellung kritt een dann an der Strooss vum 17. Juni gebueden. Hei schwiewen 30000 Botschaften ënnert dem Motto „Deine Vision im Himmel über Berlin“, wéi en risege Fändel iwwert den Käpp vun den Leit. Déi Botschaften, Wënsch an Hoffnungen déi een hei liese kann, goufe vu Bierger an Biergerinne geschriwwen. Di ganz Iddi staamt vum Kënschtler Patrick Shean. Dëst impressionnant Wierk, wat och speziell fir den 30. Jubiläum vum Mauerfall inzenéiert gouf, kann een genau wéi all di aner gebueden Attraktiounen nach bis den 10. November op sech wierke loossen.

Vergiesst net ee Bléck op d’Billergalerie ze werfen. Fotoen: ©Kelly Scholtes

Ähnlech Sujeten 30 Joer Mauerfall, Berlin, DDR, Deine Vision im Himmel über Berlin, Grenziwwergang, Jubiläum, Ost a West, Patrick Shean, Vereenegung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel