Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neie Kollektivvertrag fir d‘Personal vun der Wäscherei „Monplaisir“
Neiegkeeten

Neie Kollektivvertrag fir d‘Personal vun der Wäscherei „Monplaisir“

Den 22. Oktober haten sech d‘Gewerkschaften OGBL (Majoritär) an LCGB

Chantier um Echangeur Stroossen bis den 8. Mee 2020
Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Stroossen bis den 8. Mee 2020

Am Kader vm Reamenagement vum Echangeur Stroossen wäert et vum

dislike
Washington: Vollen Zougreff op d’sozial Netzwierker
Neiegkeeten

Washington: Vollen Zougreff op d’sozial Netzwierker

Säit Enn Mee verlaangen d’USA vu jidderengem deen sech ee

30 Joer NATURATA & Co: Nëmme glécklech Gesiichter ze gesinn!

Top-Placéierung bei der „Customer Experience“-Etüd als Kiischt um Gebuertsdagskuch

30 Joer NATURATA & Co: Nëmme glécklech Gesiichter ze gesinn!

Mat engem informatiounsräichen a genësserlechen Owend am Trifolion huet d’Netzwierk ronderëm d’Bio-Bauere Genossenschaft BIOG um Mëttwoch hiert 30 järeg Bestoe gefeiert. Virum Hannergrond vun der Klimadebatt stoung d’Evenement ganz am Zeeche vun der Nohaltegkeet, zesumme mat den ekologesche Froen a sozialen Aspekter. Ee weidere Grond fir ze feieren: Hir Geschäfter, déi besser ënnert dem Numm NATURATA bekannt sinn, konnten een exzellent Resultat bei enger grousser Clientsetüd erzilen.

Den ekosoziale Grondtoun vum Owend huet dobäi den Demeter-Bauer Tom Kass virgeluecht an d’Grënnungsmotiv vu BIOG nees an Erënnerung geruff. Zil ass et nämlech, déi no biologesche Standarde produzéiert Wuer ëmmer zu faire Präisser fir all Bedeelegter un de Konsument ze bréngen. D’Maximéierung vum Gewënn géif dobäi bei kengem BIOG-Betrib am Virdergrond stoen. Allgemeng fillen si sech bei der alternativer Wirtschaft zur Gemengewuelekonomie verflicht.

NATURATA

(v.l.n.r.) Tom Kass, OIKOPOLIS-Opsiichtsrotvirsëtzenden; Marc Emering, BIOG-President; Claude Turmes, Energieminister; Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch; Professer Reinhard Loske; Änder Schanck, OIKOPOLIS- Opsiichtsrotvirsëtzenden © OIKOPOLIS

Verantwortung iwwerhuelen a fair handelen

Zënter 2017 ginn déi sozial Komponenten duerch ee spezielle Label och fir de Client direkt siichtbar. D’Qualitéitszeechen „fair & assoziativ“ steet dobäi fir d’Wäertschätzung vun alle Bedeelegten, bei der d’Aarbecht an d’Natur gewierdegt an de Bauer nohalteg Beruffsperspektive gebuede kritt.

An dësem Kader appelléiert den Tom Kass: „Wat mir haut brauchen, si Mënschen, déi wéi deemools bei der Grënnung vun der BIOG Verantwortung iwwerhuelen – Verantwortung fir zukünfteg Generatiounen, Verantwortung fir ee respektvollen Ëmgang mat natierleche Ressourcen a fir ee respektvollen Ëmgang mateneen.“ Wichteg wier hei och d’Ausdeenung vun enger ekologesch bewirtschafteter Fläch, woufir ee Systemwiessel onbedéngt noutwenneg ass. „Mir sollen net midd ginn, et ëmmer erëm anzefuerderen“, sou den Tom Kass.

NATURATA

Een ekosoziale Systemwiessel – mee wéi?

Den akademeschen Iwwerbau zu dësem Opruff liwwert de Professer Loske. A sengen Iwwerleeungen huet hien als éischt déi Denkfiguren ënnert d’Lupp geholl, déi eng systematesch Orientéierung nom Prinzip vun der Nohaltegkeet erschwéieren an déi politesch Gestaltung an hirem Sënn behënneren. Heibäi geet et vum dogmatesche Glawen un d’Muecht vum Maart bis zum Brutto-Inlandprodukt, deen hautdesdags als zentral Gréisst fir de wirtschaftlechen Erfolleg mëssinterpretéiert gëtt.

Dës an aner Leetbiller vun der „Mainstream Ekonomie“ misst een an Zukunft iwwerwannen oder op mannst ergänzen, wéi beispillsweis mat alternative Modeller wéi der „Share, Care and Repair Economy“. Den Expert stellt dobäi och nohalteg Alternativen am Beräich vun der „technologiebedriwwener“ a „liewensstilgedriwwener“ Ekonomie vir. Heizou gehéiert, sou de Loske, zum Beispill d’Ekonomie vun der Effizienz am Sënn vun der Ressourceschounung an d’Befreiung vum Iwwerfloss.

Een totale Systemwiessel hält awer och den Expert fir onwahrscheinlech. D’Realitéit géif keen „entweder oder“, mee éischter een „souwuel dat, wéi och dat“ virgesinn. Mee och hei braucht een nees déi politesch Ënnerstëtzung.

NATURATA

Den Energieminister Claude Turmes

Optimismus beim Client

Bei der Feier huet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg betount, datt d’Landespolitik de Biolandbau ënnerstëtzt. Bis 2050 soll zu Lëtzebuerg 100% biologesch ugebaut ginn, bis 2025 op mannst 20%. Den Energieminister Claude Turmes huet ergänzt, datt d’Biolandwirtschaft am Groussherzogtum déi selwecht Ënnerstëtzung erhält, wéi déi Konventionell.

Datt och de Client immens zouversiichtlech an d’Zukunft kuckt, beweisen d’Resultater vum sougenannte Customer Experience Report, dee vun der KPMG organiséiert ginn ass. De Geschäfter vun NATURATA ass et direkt gelongen, ënnert déi éischt Zéng virzeréckelen. Fir genau ze sinn konnt een am gesamte Ranking vun de Lëtzebuerger Firmen déi 8. Plaz ënnert de Client-frëndlechste Betriber erreechen. Am Beräich vum Liewensmëttelhandel bedeit dëst souguer eng 1. Plaz!

Déi positiv Bewäertung géif, sou den Änder Schanck, an der Philosophie vun den OIKOPOLIS-Betriber leien. Hei setzt een nämlech op den Dialog tëscht alle Participanten – vum Bauer, Gäertner, Veraarbechter, Grossist, Verkeefer bis zum Verbraucher. Reegelméisseg kënnt et bei institutionaliséierte Ronndëschgespréicher zum Austausch.

Zu gudder Lescht huet de BIOG-President Marc Emering betount, datt déi haiteg Vermaartungsstruktur vu ganz OIKOPOLIS de Visiounen, dem Engagement an der Haartnäckegt vum Änder Schanck ze verdanken ass. Als Representant vun der Genossenschaft an Interessensvertrieder vun de Biobaueren am Opsiichtsrot vun der OIKOPOLIS-Grupp, weist hien sech immens zefridden, wéi d’Betriber dru schaffen, d’Bio-Landwirtschaft weider ze entwéckelen.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) BIOG-President Marc Emering; OIKOPOLIS-Opsiichtsrotvirsëtzenden Tom Kass, Energieminister Claude Turmes, Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, Professer Reinhard Loske, OIKOPOLIS- Opsiichtsrotvirsëtzenden Änder Schanck © OIKOPOLIS 

Ähnlech Sujeten Änder Schanck, Biobaueren, BioG, Carole Dieschbourg, Claude Turmes, Naturata, OIKOPOLIS, Reinhard Loske, Tom Kass
Nächsten Artikel Virrechten Artikel