Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: D‘Geschäft mat de Kaddoen
what questions should i ask at speed dating Neiegkeeten dating a guy who's been cheated on

how to fix early dating mistakes

Sou Chrëschtdag hu mer hannert eis, d‘Famill war do an

matchmaking overwatch long
what questions should i ask at speed dating Neiegkeeten dating a guy who's been cheated on

Sexuell Aggressioune stinn am Marokko fir Fraen op der Dagesuerdnung. Elo schreift eng Fra doriwwer!

Iwwerzeegt dovunner, datt „sexuell Rechter en Deel vun de Mënscherechter“

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou
what questions should i ask at speed dating Neiegkeeten dating a guy who's been cheated on

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou

Et war eng flott an ënnerhalent Gemengerotssëtzung déi engem zu

30 Joer Tiananmen: déi verbueden Erënnerung

Wéi China mat enger Geschicht ëmgeet déi si net selwer geschriwwen huet

30 Joer Tiananmen: déi verbueden Erënnerung

1989 war et am kommunistesche China zu engen „Virfall“ komm deen, géif et nëmmen um Regime leien, ni stattfonnt hätt. Mat ultimativer Gewalt hat déi chinesesch Regierung de 4. Juni 1989 déi sougenannte chinesesch Demokratie-Bewegung zerschloen a bis haut ass et net erlaabt dovunner ze schwätzen… zumindest um chinesesche Festland, och wann Hong Kong eng Ausnam bleift.

Datt ee sech zu Hong Kong nach „erënneren“ dierf – och wann ee besser géif doen et och do ze ënnerloossen – hänkt mam Fait zesummen, datt déi fréier „Krounkolonie“ esou eppes wéi en Autonomiestatus genéisst an een hei „nach“ seng Meenung fräi äussere kann. Woubäi de Regime näischt onversicht léisst, fir déi Stëmmen ze ënnerdrécken, déi vun hirem Recht gebrauch maachen.

Wat de „Kampf“ vun der Demokratie-Bewegung ubelaangt, esou gëtt dëse monter weidergefouert, dat awer am Exil an vun engem vun de Leader vum Mouvement, dem Wu‘er Kaixi, deen 1989 eng vun den emblemateschste Figure vun der Studentebeweegung war. Den Aktivist, deen de Kampf elo vun Taiwan aus weiderféiert, war 1989 grad emol 21 Joer jonk an huet sech fir seng Iddien agesat.

Den Dram vun Demokratie

Réckbléck: 20. Abrëll 1989, de Student an Aktivist, Wu‘er Kaixi, steet zu Peking virun dausende Studenten. Hien ass ee vun de Leader vun der prodemokratescher Studentebeweegung, ee vun deenen déi et net nëmmen iwwerlieft hunn, mee sech eng Zukunft am Exil opbaue konnt. E Gléck dat net jidderengem unhänglech war… An der Nuecht vum 3. op de 4. Juni ass d‘Blutt gefloss…

Haut a mat eppes Distanz zu de Faite vu virun 30 Joer, ass sech de Wu‘er Kaixi net méi esou sécher sengerzäit déi richteg Choixe getraff ze hunn. Hie wëll dann och net méi ausschléissen, datt et net Studente ginn huet, déi sech dem Mouvement ugeschloss a protestéiert hunn, well si him virdrun nogelauschtert haten. Steet hiren Dout am direkten Zesummenhang mat sengem Aktivismus?

Et ass eng reng rhetoresch Fro déi keng Äntwert verlaangt, well et se net gëtt. Zu Dausenden haten sech Studenten, mee och ganz „einfach“ Mënschen dem Mouvement ugeschloss an hunn sech op der Plaz vum himmlesche Fridde versammelt, wou se op d‘Zaldote getraff sinn, déi hir Uerder mat vill Effizienz befollegt hunn, an d‘Demonstranten erschoss an/oder mam Panzer iwwerrannt hunn.

De verluerene Kampf

Wéi vill Mënschen an dëser Nuecht zu dout komm sinn oder esou blesséiert goufen datt si haut nach gezeechent sinn? Kee weess dat esou genee an eigentlech wëll och keen an der „Partei“ datt dat jeemools ka beziffert ginn, wat sech de Staat deemools mat sengem Vollek geleescht huet. Bis haut ass den Wu‘er Kaixi fir Peking e „Staatsfeind“ an dierf China ni méi betrieden.

Si hunn hire Kampf verluer a mussen d‘Verloschter mat hirem Gewësse vereenbaren. De Regime huet gewonnen an elo 30 Joer no der bluddeger Nuecht, eng vun de seelene Stellungnamen. De Verdeedegungsminister Wei Fenghe huet beim „Shangri-La-Dialog“ (Singapur) den Asaz vun der Arméi géint Zivilisten als Optioun bezeechent, déi de Regime hat fir en Opstand ze verhënneren.

Fir de Verdeedegungsminister, deen dat ganzt och als „jonke“ mee endoktrinéierte Parteizaldot mat erlieft huet, ass net novollzéibar, datt ee sengem Land bis haut de Virworf mécht, net korrekt gehandelt ze hunn. Zudeem wier et d‘Flicht vun der Partei gewiescht, sech der Konterrevolutioun entgéint ze stellen an d‘Eenheet vum Land a senge Bierger oprecht ze halen an ze verdeedegen.

mat indymedia

Foto: E Bild dat sengerzäit ronderëm d‘Welt gaangen ass. Bis haut ass d‘Zuel vun den Affer aus der Nuecht vum 3. op de 4. Juni net gewosst. (Archiv IM)

Ähnlech Sujeten China, Peking, Plaz vum himmlesche Fridden, Tiananmen, Wei Fenghe, Wu‘er Kaixi
Nächsten Artikel Virrechten Artikel