Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: De Viktor Orban wëll Vollmuechten
Kultur Neiegkeeten Stories

Coronavirus: De Viktor Orban wëll Vollmuechten

Offiziell gëtt et zur Stonn an Ungarn eng 300 Infektiounsfäll

International Animatioun um Escher Street Festival
Kultur Neiegkeeten Stories

International Animatioun um Escher Street Festival

Ausgangs leschter Woch hat Stad Esch/Alzette bei guddem Wierder an

Editorial: Et gëllt d‘Schoulflicht!
Kultur Neiegkeeten Stories

Editorial: Et gëllt d‘Schoulflicht!

No den Abiturienten an aneren Ofschlossklassen, hunn haut dann och

Et mäht um Kierchbierg – 300 Schof ginn duerch d’Stroossen!

Ronn 300 Schof hu sech, a Begleedung vun engem professionellen Hiert, am Nomëtteg vum Kierchbierg op de Wee Richtung Quartier Résidentiel Gréngewald gemaach, fir uschléissend bei de Park Klosegrënnchen ze wanderen an do bis den 8. Mee ze verbleiwen. De Cortège ass um 14:00 Auer lass gaangen.

Fir d’Biodiversitéit ze fërderen, sou wéi den natierleche Patrimoine ze schützen ass dës ekologesch Method vum natierleche Pâturage, dee ganzer zwee mol d’Joer iwwert de Kierchbierg gemaach gëtt, ee wichtege Bestanddeel fir d’Ëmwelt. Déi 300 déieresch Méimaschinne sinn zesumme gesat aus Moorschnucken, déi eigentlech aus dem Nord-Oste vun Däitschland kommen an zu de bedreete Schofsrassen gehéieren, sou wéi Rhönschof, déi och vum Ausstierwe bedreet sinn an zu den eelsten Häerdendéieren an Däitschland gehéieren.

De Klosegrënnchen ass mëttlerweil zu engem Refugium fir bedreet Planze ginn, woubäi d’Schof hiren Deel zur Entwécklung an dem Schutz bäidroen. De Pâturage gëllt als ekologesch Léisung an ee méi doucen Entretien vun der rarer vegetativer Spezies, sou datt och den Erhalt vun der Ëmwelt garantéiert ka ginn. Zesumme mat der Schéiferei Weber, dem Naturmusée, der Administratioun vun der Natur an de Bëscher, sou wéi dem Ponts et Chaussées gëtt dës Aktioun erméiglecht.

Eréischt am Februar vun dësem Joer huet de Wanderbetrib vun der Schéiferei Weber duerch hire remarkabelen Asaz an den essentielle Bäitrag zum Ökosystem de Präis Hëllef fir d’Natur 2018 iwwerreecht kritt. D’Koppel, der de Betrib gehéiert, bitt Wanderunge mat de Schof duerch dat ganzt Land un, woubäi ee selwer och mat trëppelen an eppes léiere kann.

Ähnlech Sujeten 300 Schof, a Begleedung vun engem professionellen Hiert, am Nomëtteg vum Kierchbierg op de Wee Richtung Quartier Résidentiel Gréngewald maachen, Biodiversitéit, Kierchbierg, Klosegrënnchen, Quartier Gréngewald, Ronn 300 Schof wäerten sech
Nächsten Artikel Virrechten Artikel