Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tonguecrying
USA: Familljen ausenanerrappen, dat geet guer net!
Neiegkeeten

USA: Familljen ausenanerrappen, dat geet guer net!

An dat huet elo och den Trump verstanen, deen an

Wéi steet ëm d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra?
Neiegkeeten

Wéi steet ëm d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra?

D‘Ministesch fir Chancëgläichheet, Lydia Mutsch (LSAP) huet kierzlech de Bilan

Lénke Ministerpresident empfänkt Spriecher vun déi lénk
Neiegkeeten

Lénke Ministerpresident empfänkt Spriecher vun déi lénk

De Spriecher vun déi lénk, Gary Diderich, war an der

Studentefoire 2018: Schüler sichen a Studenten hëllefen

Et ass nees un der Zäit fir d’Schüler vun de Lycéeën, mee och un deenen, déi sech wëlle weiderbilden, sech an der Luxexpo ze informéieren. Den 8. an 9. November 2018 bitt d’Studentefoire an zwou Hale verdeelt Informatiounsstänn fir interesséiert jonk Leit.

Den Optakt war haut de moien um 10:00 Auer, a schonn dunn waren d’Hale gutt gefëllt. Déi eng Schoulen halen et fir een obligatorescht Event fir hire Schüler um weidere Wee ze hëllefen, aner Schoule stellen et dene Jonke fräi op se ginn. Eppes steet awer fest: d’Busser ware gutt gefëllt an och an deenen zwou Halen um Kierchbierg war den Undrang grouss.

D’Stänn sinn de Studielänner no sortéiert. Vun eisen Nopeschlänner, iwwert Portugal, England, d’USA bis hin zu Japan ass alles vertruede, wat ee sech nëmme wënsche kann. Nieft den Universitéiten an Héichschoulen, déi sech presentéieren, zesumme mat de jeeweilegen Cerclen sinn och Entreprisen, wéi d’Raiffeisenkeess oder den CFL, wéi och wichteg Associatiounen, wéi beispillsweis Guichet.lu, de CEDIES ODER den ACEL um Site vertrueden.

Studentefoire

Ëm ee Besuch vum CEDIES kennt een als kënftege Student net dolanscht. © Shari Pleimelding/moien.lu

Wien de Publique e bëssen am A hält mierkt schnell, datt et Jonker ginn, déi sech immens gutt virbereet hunn, wësse wat se an Zukunft maache wëllen oder sech virun informéiere wëllen. An awer gëtt et och déi Grupp u Leit, déi mat de Scheihklappen duerch d’Hale lafen an net vum Informatiounsaustosch profitéieren. Dobäi ass dës Foire dozou geduecht a Kontakt mat verschidde Schoulen, mee och Studenten ze kommen a wierklech all seng Froe beäntwert ze kréien. Et muss een awer och soen, datt och vill Mammen a Famille beim Optakt vun der Studentefoire dobäi ware, fir sech schonn am viraus fir d’Zukunft vun hire Kanner an ze setzen an een Austausch ze woen.

ACEL – Jonker informéieren, zesummebréngen an representéieren

D’Assossiation des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois, kuerz ACEL, soll fir d’Schüler eng vun de wichtegsten Ulafstelle sinn, fir sech iwwert d’Universitéiten, d’Liewen als Student a generell Informatiounen, wéi beispillsweis d’Ufro vun der Bourse ze informéieren. Lieder kennen déi Jonk den ACEL oft eréischt dann, wa si schonn am Studenteliewen ukomm sinn.

Aus dësem Grond schwätzen déi vertruede Membere gäre vu sech aus d’Schüler un. Am Endeffekt war awer nach all Persoun mat engem positive Gefill vum Stand gaangen, wat eben um groussen Informatiounsaustausch läit.

Studentefoire

Gutt informéiert, an dat mam Najda Poensgen an Geraldine Rissé. © Shari Pleimelding/moien.lu

All Joer offréiert den ACEL de „Student fir een Dag“, wou d’Schüler fir 39 € mam Bus (inkl. Mëttegiessen) 14 Stied offréiert kréie, fir hei d’Uni ze besichen a Froen ze stellen. Dëst Joer gouf, mat iwwert 400 Umeldungen, de Rekord gebrach. Interesséiert Schüler kréie bei dëser Rees d’Schoul presentéiert a souwuel eng Féierung vum Campus, wéi och vun der Stad. Eventuell kënnen si souguer un enger Virliesung deel huelen. Et ass déi perfekt Geleeënheet, fir och mat anere Studenten a Kontakt ze kommen an seng Froe beäntwert ze kréien.

Donieft bitt d’Associatioun zwee Guiden un, mat enger immenser Offer un Auskënft. Zu all Stad fënnt de Schüler d’Universitéiten an Héichschoulen, mat den ugebuedene Studiëgäng, sou wéi och nëtzlech Informatiounen an Internetsäiten zur Wunnengssich an dem Cercle.

D’Aen opmaachen a méi wäit kucken

Mir Lëtzebuerger si bekannt dofir, gären no bei der Heemecht ze bleiwen. Sou ass et kee Wonner, datt ee Groussdeel vun de spéidere Studenten a Frankräich, d’Belsch oder Däitschland geet. Dobäi bidde Länner, déi ee Stéck méi wäit fort leien oft ee richteg gudde Schoulsystem, mat enger anerer Relatioun tëschent Student a Prof. D’Aalborg Universitéit Esbjerg an Dänemark steet op Platz 4 vun de beschten Educatioune zum Ingenieur weltwäit.

Vun dësem anere Schoulsystem, wou vill praktesch geschafft gëtt an een eng enk Bezéiung zum Proff féiert, profitéiert momentan och de Matthieu, Ingenieurstudent am sechste Semester. Als eenzege Lëtzebuerger um Campus bereit hien seng Entscheedung net, esou wäit vun doheem fort ze sinn. Am Géigendeel, hie schätzt de fortschrëttleche Schoulsystem a kann sech spéider u sengem Praxiswëssen orientéieren. Duerch Auswenneg-Léiere weess een zwar vill fir eng gewëssen Zäit, mee genau sou schnell vergësst een dat Geléiert och nees.

D’Coursë sinn all op Englesch, Dänesch muss een also net léieren. Ausserdeem sinn d’Mataarbechter vun der Aalborg Universitéit immens um Wuelbefanne vum Student interesséiert, hëllefe souguer bei der Wunnengssich a bidden internationale Leit eng campuseegen Wunneng zu engem akzeptabele Präis un.

Studentefoire

Een anere Schoulsystem mat groussem Succés: D’Aalborg Universitéit ass déi véiert bescht a Saachen Ingenieurswiesen. © Shari Pleimelding/moien.lu

Ab op déi aner Säit vum Atlantik

Een anere Stand, dee manner besicht ass, mee op alle Fall eng Berodung wäert ass, ass d’York Universitéit zu Toronto, Kanada. Momentan zielen si, och wéi zu Esbjerg, just een Lëtzebuerger Student, an hoffen awer dëst änneren ze kënnen. Mat engem Schoulsystem, den aus Praxisübungen, 20 Stonnen d’Woch schaffen an Aarbechten am Volontairberäich, vermëttelt d’York Universitéit eng grouss Diversitéit un Wëssen. Mat iwwer 60.000 Schüler ass et déi drëtt gréisst Uni a Kanada.

Och wann et mam Fliger e puer dausend Kilometer vum Grand-Duché ewech läit, sollt ee sech awer froen, op een anere Schoulsystem net vläicht besser ass. De Studium kann een an zwou bis 3 verschiddene Sproochen ofschléissen, wat engem hei zu Lëtzebuerg enorm Virdeeler bitt. A wiem dat net duergeet ka sech un der sensationeller Landschaft an Natur erfreeë.

Op alle Fall sollt een déi 32. Studentefoire net verpassen, sief et fir just ze kucken oder prezis Froen ze stellen. D’Luxexpo huet haut a muer op vun 10:00 bis 18:30 Auer. All weider Informatiounen kritt Dir um Site vum CEDIES oder bei der LUEXPO.

Foto: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten ACEL, CEDIES, Student, Student fir een Dag, Studentefoire, Universitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel