Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Drogenhändler am Garer Quartier gepëtzt a Brandstëfter gesicht
hook up causes Neiegkeeten

big ditch speed dating

Déi beschte Geschäftsiddi daacht näischt, wann däi Business illegal ass.

internet dating first messages
hook up causes Neiegkeeten

Editorial: Vum Chantier iwwerrascht ginn?

Datt den Tram an der Stad fir onbequem Situatioune Suergt,

Liicht getéitscht, mee glécklech – Stock-Car an der Belle Etoile!
hook up causes Neiegkeeten

Liicht getéitscht, mee glécklech – Stock-Car an der Belle Etoile!

Nach bis den 1. Juni stellen d’Membere vum Stock Cars

Den 33.International American Car Festival zu Stadbriedemes!

Den 33.International American Car Festival zu Stadbriedemes!

Veréierer vun de beléiften US-Maschinnen a Besëtzer vun engem historeschen oder och neien amerikaneschen Auto – Ouere gespëtzt! Un dësem Weekend fënnt un der Musel schonn déi 33. Editioun vum International American Car Festival statt!

Wärend dësen zwee Deeg ginn um Event, wat mëttlerweil iwwert d’Grenzen hinaus groussen Uklang fënnt, wäerten déi dausende Visiteuren eng 700 amerikanesch Gefierer an US-Motorieder bestaune kënnen. Blénkende Chrom, liichtend Karosserien an de Klang vun V8-Moteure loossen d’Häerz vun Leit mat Bensin am Blutt méi schnell klappe loossen.

Ob den US-Klassiker mat markanter Heckfloss, Hot Rods oder och Muscle Cars, un der Lëtzebuerger Musel gëtt sou munches gebueden. An och US-Car Import Reisdorf, sou wéi Harley Davidson Moutfort wäerten op der Plaz sinn.

Domat awer nach net genuch. Dobäi kënnt nämlech nach eng immens Villfalt un Verkafsstänn fir Autoen a Motorieder, Ersatzdeeler, Accessoires, Modell-Autoen, Deko-Artikelen, Spillsaache, Bicher, Rockabilly/Western-Kleedung a villes méi.

American Car

© ARL

De Programm

Freides, de 5. Juli

  • Ab 14:00 Auer Zoutrëtt op den Terrain an Arrivé vun den éischten US-Autoen a Motorieder. All Persoun, déi un dësem Dag kënnt, kritt 1 gratis Gedrénksbong geschenkt. D’Verkafsstänn ginn opgeriicht.
  • Ab 17:00 Auer Gedrénksstänn an Musek vum DJ

Samschdes, de 6. Juli

Sonndes, de 7. Juli

  • 11:00 Auer Convoy Cruising – traditionell Ausfaart laanscht déi lëtzebuergesch Musek an weider pittoresk Géigende vun eisem Land
  • 13:00 Auer Live Musek mat The Coal Street Minors
  • 15:30 Auer Präisiwwerreechung

Natierlech ginn un dësen Deeg dauerhaft US-Klassiker ausgestallt. Wie selwer säi Schmockstéck ausstelle wëll, dee sollt dat iwwert de Formular maachen. De Präis läit hei bei 15 € Participatioun fir de ganze Weekend mat engem Iessen um Moien, sou wéi engem ARL-Cadeau. Den Entrée fir de reguläre Visiteur (>15 Joer) kascht 10 € pro Dag, oder am Virverkaf fir 8 € fir de ganze Weekend. De Parking ass gratis an natierlech ass och op der Plaz fir Verfleegung, sanitär Ariichtungen an Dusche gesuergt.

American Car

American Roadrunners Lëtzebuerg

Am Joer 1986 ass d’Asbl vun den American Roadrunners Lëtzebuerg gegrënnt ginn. D’Interesse leien – wat och soss – bei amerikanesche Gefierer, egal op al oder nei, zivil oder militär.

D’Aktivitéite vun der Associatioun si villsäiteg. All éischte Freideg treffen sech d’Membere fir iwwert Neiegkeeten aus der Zeen ze schwätzen, Erfarungen ze deelen an nei Aktivitéiten ze plangen.

Tëscht Fréijoer an Hierscht organiséiere si Cruisings, Barbecues, Ausflich an divers Treffen zu Lëtzebuerg, sou wéi an den Nopeschlänner. Den absoluten Highlight kënnt awer kommende Weekend mam American Car Festival.

Ähnlech Sujeten American Roadrunners Luxembourg, Auto, International American Car Festival, Musel, Stadbriedemes, US-Klassiker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel