Search

You may also like

50 Joer Earth Day: Wëll mir eise Planéit méi schätzen a respektéiere mussen
Neiegkeeten

50 Joer Earth Day: Wëll mir eise Planéit méi schätzen a respektéiere mussen

Eigentlech sollt jo all Dag den Earth Day zelebréiert ginn,

natur&ëmwelt – d’Waasserschutzrichtlinn muss bestoe bleiwen!
Neiegkeeten

natur&ëmwelt – d’Waasserschutzrichtlinn muss bestoe bleiwen!

Dat wichtegst europäescht Waasserschutzinstrument, déi sougenannt Waasserschutzrichtlinn, ass a Gefor.

Mat Power of Peace géint d’Maueren an der Welt
Neiegkeeten

Mat Power of Peace géint d’Maueren an der Welt

Dem weltbekannte Gittarist Carlos Santana, dee kierzlech säi 70. Gebuertsdag

Déi 33. Studentefoire dësen Donneschdeg a Freideg

Och an dësem Joer wäerten sech nees all déi Schüler um Kierchbierg zesumme fannen, déi voller Panik nom gëeegente Studiëgank sichen oder och weider Informatiounen zu hirem Zukunftsplang wëlle kréien. Déi 33. Studentefoire, organiséiert vum Educatiounsministère, bitt an zwou Hale vun der Luxexpo The Box räichlech Material fir all zukünftege Student.

Mat 228 Exposanten aus 14 verschiddene Länner wäert de jonke Leit nees eng Panoplie un Informatiounsmaterial gebuede ginn. Op der Plaz kréien d’Schüler vun den Ofschlossklassen direkt vun den Universitéiten an Héichschoule méi zum Studium gewuer ze ginn, oder och eng detailléiert Aféierung zum spéidere Studenteliewen, der Aarbechtswelt oder de Perspektiven an der Karriär ze kréien.

Mat Hëllef vu verschiddene Faarwe soll d’Sich no den Exposante vun de verschiddene Länner vereinfacht ginn. Wärend an der Hal 3 virun allem Representante vun Universitéiten an Héichschoulen, Associatiounen a Cerclen d’Schüler empfänken, kann een an der Hal 2 d’Aarbechtswelt kenneléieren.

Nei an dësem Joer ass de Flyer CHECKLIST, deem um Stand vum Educatiounsministère (CEDIES, Stand 3D01) verdeelt gëtt. Mat dësem Guide kritt de Schüler Schrëtt fir Schrëtt erkläert, wéi eng Moossnamen a Prozeduren hien erwaarden a wat virun, wärend an no dem Studium berécksiichtegt sollt ginn.

33. Studentefoire

Wéi, wat a wou?

Déi 33. Editioun vun der Studentefoire fënnt dësen Donneschdeg, de 7. November an e Freideg, den 8. November an der Luxexpo The Box um Kierchbierg statt. Vu 10:00 bis 18:30 Auer kann een duerch d’Hal 2 an 3 schlenderen an sech informéieren.

Related topics 33. Studentefoire, CEDIES, Cercle, Claude Meisch, Educatiounsministère, Héichschoul, Informatiounsmaterial, Luxexpo The Box, Ofschlossexamen, Schüler, Studium, Universitéit
Next post Previous post