Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘Pëtrolspräisser klammen, de Marché optimistesch
Crazy Money Neiegkeeten

D‘Pëtrolspräisser klammen, de Marché optimistesch

Nodeems um Donneschdeg de Cours vum Pëtrol op der Bourse

An d’Häerz getraff: Tréinen iwwert Barcelona
Crazy Money Neiegkeeten

An d’Häerz getraff: Tréinen iwwert Barcelona

Et ass moies fréi, zwou Auer an der Alstad vu

coolsurprise
QUIZ: Kenns du eis lëtzebuergesch Sportler?
Crazy Money Neiegkeeten

QUIZ: Kenns du eis lëtzebuergesch Sportler?

tonguemoney

Google séchert sech 34 Hektar zu Biissen

Google séchert sech 34 Hektar zu Biissen

Um Méindeg ass Bewegung an den Dossier „Google-Datenzenter“ komm. Dat nodeems d‘Entreprise bestätegt huet, sech 33,7 Hektar Terrain geséchert ze hunn. Google Benelux muss dat ganzt wuel nach bei engem Notaire aktéiere loossen, mee dat ass just eng Formalitéit.

An esou waren dann och direkt zwee Mann, de Premierminister Xaviel Bettel (DP) an de Vizepremier Etienne Schneider (LSAP) déi um fréie Méindegowend dës „gutt Nouvelle“ an d‘Welt bruecht hunn. Béid Politiker gesinn dat och als Zeechen, datt Google et eescht mengt, mat der Implantatioun vu sengem Datenzenter zu Lëtzebuerg. Mee et ass dann awer nëmmen „eng“ Etapp an et bleift nach villes ze dinn.

Et ass dann och sécherlech éischter fir dem „Dossier“ seng Spannung net ze huelen, wou ee sech säitens Google zréck hält, an de Bau vum genannten Datenzenter nach net bestätegt huet. Vläicht wëll een och just nach weider Zougeständnesser oder Steierkaddoen. Et ass jo awer och en haart Geschäft, a Google huet jo och schonn Datenzenter an Europa.

Genuch gëtt et net…

Mee och wa Google eleng zu Dublin zwee Datenzenter, a jee een an der Belsch, an Holland, an a Finnland huet, esou ass een dann awer „en Retard“ op d‘Konkurrenz. Google besëtzt offiziell 13 Datenzenter. D‘Konkurrenten Amazon, Microsoft an och IBM si Leader am Segment a verfügen zesummen iwwer 120 Datenzenter.

Et dierf een deemno dovunner ausgoen, datt wa Google en Terrain fir e méiglechen Datenzenter keeft, Google och wëlles huet deen ze bauen. An et geet och net anescht, ëmmerhi muss Google eegenen Aussoen no, seng Kapassitéiten an Europa massiv eropsetzen. D‘Amerikaner hu schliisslech Ambitiounen an der Cloud an am Internet. Dofir wier een anscheinend bereet bis zu enger Milliard Euro ze investéieren. Dozou kéimen nach puer honnert Aarbechtsplazen…

Datt sech den Duo Bettel/Schneider net zum Detail vum Geschäft wollt (oder konnt) äusseren, ass éischter e normale Virgank. Transparenz ass dat lescht wat US-Entreprise auszeechent, an esou kéint ee beschtefalls iwwer d‘Prozedur, de Präis an d‘Zukunft vum Biisser Datenzenter spekuléieren.

Eigentlech egal, oder?

Gewosst ass, datt d‘Regierung, hei den Duo Bettel/Schneider, vermëttelt hunn. Vermëttelt tëscht de Proprietäre vum Buedem an Google. Dozou muss gewosst sinn, datt et bei der Transaktioun u sech, ëm e privaten Handel gaangen ass. Et bleift deemno de Choix vu Google, wat se wou kafen, wat se wou opriichten a virun allem, wéini se gedenken unzefänken.

An dat mat deem „ufänken“ ass dann och esou eng Saach. Laut dem Communiqué vu Google wier hei nach absolut keng Entscheedung getraff ginn. Et géif ee sech aktuell „Raum sécheren“ an esou Optioune behalen sech an Europa auszebreeden, wann d‘Besoine vun der Entreprise et verlaangen.

Zudeem sollt ee sech un de Besuch vum Thierry Geerts (Google Belgium) erënneren, dee géintiwwer dem Wort gemengt hat, datt mir Lëtzebuerger eis eppes ze vill op den Datenzenter konzentréieren, während d‘Digitalisatioun vu Lëtzebuerg 80.000 Aarbechtsplaze sollt schafen. Gutt dogéint sinn déi 300 vu Google an Aussiicht gestallte Jobs e Fuerz.

Ähnlech Sujeten Biissen, Etienne Schneider, Google, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel