Asaz vu chemesche Waffen an Syrien: Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot op Ufro vu Russland
Fir haut huet Russland eng Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot aberuff. Et
Fir haut huet Russland eng Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot aberuff. Et
Enn Mee 2020 huet den Natur- & Geopark Mëllerdall voller
Siwe Männer am Alter tëscht 39 bis 72 Joer sinn
De 24. Februar 2019 ass et 35 Joer hir, datt d’Sproochegesetz vun 1984 ënnerschriwwe gouf. Et ass ënnert anerem der konsequenter Aarbecht vun de Membere vun der «Aktioun Lëtzebuergesch» ze verdanken, datt 1984 d’Sproochegesetz an d’Chamber koum. Den 23. September 2018 ass d’Gesetz geännert ginn, andeems d’Dispositiounen iwwer d’Gebäerdesprooch dobäigesat goufen.
D’Gesetz vun 1984 definéiert expressis verbis keng offiziell Sprooch, mee erkläert Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch hei am Land als 3 gläichberechtegt administrativ a juristesch Sproochen. Franséisch gëtt d’Referenzsprooch vun eise Gesetzestexter, a Lëtzebuergesch gëtt zu eiser Nationalsprooch erhuewen. Et ass dat éischt Gesetz, dat eis Sprooch iwwerhaapt als eng Sprooch, an domat net als Dialekt deklaréiert.
Viru 35 Joer gouf et schonn eng beschreiwend Grammaire vum Robert Bruch, en Dictionnaire, dee vun der Lëtzebuerger Regierung an Optrag gi gouf, an 1977 eraus koum, wéi och eng Orthographie déi 1975 an engem Reglement festgehale gouf.
35 Joer méi spéit, ass d’Lëtzebuerger Sprooch weider standardiséiert an dokumentéiert ginn. Et gi Coursen, informatescht Hëllefsgeschiir wéi z.B. Spellcheckeren, Conjugatiounstabelle fir Verben, Deklinatiounstabelle fir Adjektiver, en offiziellen Online Dictionnaire an esouguer e Master Studiegang am Lëtzebuergeschen.
An deem Aspekt, stellt sech d’Fro, ob am Artikel 4 d’Formuléierung «dans la mesure du possible», déi deemools sécher hire Sënn hat, hautdesdaags net duerch eng aner Formuléierung, déi eiser Méisproochegkeet an der Entwécklung vum Lëtzebuergesche méi gerecht gëtt, kéint ersat ginn, z.B. duerch:
Lorsqu’une requête est rédigée en luxembourgeois, en français ou en allemand, l’administration doit se servir, pour sa réponse, de la langue choisie par le requérant. La traduction des annexes, des citations et des documents de support, tels que des extraits de loi ou des documents techniques n’est pas obligatoire dans le contexte de la réponse.
Mir als «Aktioun Lëtzebuergesch», géifen äis och freeën, wa méi Websäite vu Staat a Gemenge méisproocheg wieren, och op Lëtzebuergesch. E kuerze Begréissungstext op Lëtzebuergesch, e ganz einfache Geste, wier op all Websäit vu Staat a Gemeng op alle Fall e gudden Ufank.
Fir de Comité vun der AL, Claude Bache (President) an Patrick Kaell (Sekretär)