Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Damme vum VFL Bochum op Besuch beim SC Beetebuerg
International Neiegkeeten Stories

D‘Damme vum VFL Bochum op Besuch beim SC Beetebuerg

Huele mir d‘Resultat direkt an de Grapp: SCB 0 –

Roy Reding likt PD-Kommentar
International Neiegkeeten Stories

Roy Reding likt PD-Kommentar

Datt een als Politiker oppasse muss, wat een sou op

Nei Timbere vun der Post: „Roses de Luxembourg“
International Neiegkeeten Stories

Nei Timbere vun der Post: „Roses de Luxembourg“

Um Haaptsëtz vun der Post war um Mëttwoch eng weider

Aktiv fir de Klima: Ethiopien planzt 350 Millioune Beem an engem Dag!

Aktiv fir de Klima: Ethiopien planzt 350 Millioune Beem an engem Dag!

Als Deel vun der nationaler Green Legacy Initiativ gëtt geplangt, datt an Ethiopien nach an dësem Summer 4 Milliarde Beem gesat ginn. Mat der erstaunlecher Leeschtung vun 350 Millioune geplanzte Beem an engem Dag begeeschteren si elo weltwäit!

Generell soll d’Bevëlkerung dozou encouragéiert ginn, datt all Persoun op mannst 40 Setzlingen an de Buedem verplanze soll. De Projet gesäit vir, esou der Entwaldung entgéint ze wierken an och nach an Zäite vum Klimawandel eppes Guddes fir d’Ëmwelt ze maachen. De Vereenten Natiounen no geet hire Plang op!

War Ethiopien am Joer 2000 just zu 4% mat Bësch iwwerdeckt, esou kënnen si elo schonns mat 35% gréng liichten. Den ethiopesche Minister fir Innovatioun an Technologie, Dr. Getahun Mekuria huet iwwer Twitter matgedeelt, datt um Méindeg Moien d’Zuel u geplanzte Beem bei 353 Millioune louch. Domat hu si ee Rekord gebrach: Déi 50 Millioune geplanzte Beem am Joer 2016 an Indien hu si mat immensem Virsprong iwwertraff.

Wisou brauche mir Beem?

Beem huelen den CO2 aus der Loft a bauen de Kuelestoff vun den Dreifhausgaser an hir eege Biomass an. Weltwäit kéinten 900 Milliounen Hektar fir Opholzungsprojeten genotzt ginn. Géif een hei wierklech alles mat Beem verplanzen, esou kéinten dës 205 Gigatonne Kuelestoff aus der Atmosphär ophuelen. D’Beem hunn awer nach ee weidere Virdeel!

Mat der Energie aus dem Sonneliicht gi Waasser an Nierstoffer vun de Wuerzele bis an d’Blieder transportéiert. Duerch déi sougenannt Spaltëffnung vun de Blieder kënnt et zum Gasaustosch tëscht dem Bam an eiser Ëmwelt. Dobäi hëlt de Bam de Kuelendioxid ob a verschafft en zu Zocker. Dëse Virgang nennt sech och nach Photosynthes.

Och fir de Bam entsteet hei een Offallprodukt: de Sauerstoff, dee mir fir ze Ootme brauchen. Verschidde Leit soe jo „Géife Beem Internet ausstralen, da géife mir der méi planzen. Mee si produzéiere jo just Sauerstoff“. A Recht hu se mat dëser Ausso!

Ethiopien

Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus?

De Grand-Duché besteet, laut dem Ëmweltministère, aus 35% Bëscher. An awer sinn d’Beem an d’Bëscher, déi sech aus hinne Formen, a kengem gudden Zoustand. Duerch Stierm an Dréchenten aus der Vergaangen heet sinn 36,8% vun alle Bëscher endommagéiert ginn. Fir weider Verschlechterungen ze verhënneren an eng nohalteg gréng Zukunft ze garantéieren, muss elo jiddweree säi Wëssen notzen, sou datt ee sech besser u verschidde Konditiounen upasse kann. Fir a Richtung Kreeslafwirtschaft an nohalteg Bewirtschaftung ze steieren, mussen déi 3 Piliere verbonne ginn!

Als Long vun eisem Planéit späichert de Bësch net nëmmen CO2, mee e filtert och d’Waasser. Souwuel fir d’Diversitéit vun den Déieren, wéi och fir de Mënsch hunn dës Plazen eng sozial Funktioun, woubäi virun allem mir vum stressegen Alldag ofschalten an d’Rou genéisse kennen.

Opmaacherfoto: De Premierminister Abiy Ahmed planzt säi Bam zu Addis Adaba © Aron Simeneh (Offiziell Säit)

Ähnlech Sujeten 350 Millioune Beem, Abiy Ahmed, Bësch, Dr. Getahun Mekuria, Ethiopien, Green Legacy, Opholzung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel