Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Katalounien: den Artikel 155, erkläert
Neiegkeeten

Katalounien: den Artikel 155, erkläert

Déi spuenesch Regierung wëll mat aller Gewalt d‘Kontroll iwwert dat

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen
Neiegkeeten

Buergermeeschter vun Danzeg no Uschlag verstuerwen

„Dee bei enger Messerattack schwéier blesséierte Buergermeeschter vun Danzeg, Pawel

Japan: Organspend duerch Mëschwiesen?
Neiegkeeten

Japan: Organspend duerch Mëschwiesen?

Fuerscher aus Japan wëllen elo ee liewegt Mëschwiesen op d’Welt

Gréng Luucht: 37 Milliarden Euro als Ënnerstëtzung vum EU-Parlament wärend der Coronakris

Finanziell Hëllef fir BiergerInnen, Regiounen a Länner

Gréng Luucht: 37 Milliarden Euro als Ënnerstëtzung vum EU-Parlament wärend der Coronakris

En Donneschdeg huet d’EU-Parlament sech fir eng Unzuel vun Noutfallmoossnamen zur finanzieller Ënnerstëtzung vun de vun der Coronakris betraffene Memberstaaten a Regiounen ausgeschwat. An enger aussergewéinlecher Sitzung, déi vun Doheem aus gehale ginn ass, hunn d’EU-Deputéiert iwwert de virgeluechten Text ofgestëmmt.

Mat dëser Moossnam sollen, als Reaktioun op d’Kris, ganzer 37 Milliarden Euro fir Investitiounen a medezinesch Produiten an Déngschtleeschtungen, sou wéi zur Ënnerstëtzung vu klengen a mëttelgrousse Betriber an den Aarbechtsmaart mobiliséiert ginn.

D’Tilly Metz, gréng EU-Deputéiert kommentéiert: „Schnellt Handelen ass onbedéngt néideg, fir datt mir de Covid-19 a seng Folgen andämme kënnen. Ech begréissen d’Virschléi vun der EU-Kommissioun, mat deenen de Gesondheetssecteur an d’Wirtschaft ënnerstëtzt ginn. Als Gréng fuerdere mir d’EU-Kommissioun op, all Méiglechkeeten vum EU-Haushalt ze notzen, fir zousätzlech Gelder ze mobiliséieren an d’Beméiungen fortzesetzen, mat deene Memberstaaten a Regioune bei der Bewältegung vum Noutstand gehollef gëtt. Just mat Solidaritéit a Responsabilitéit fanne mir ee Wee aus der Kris.“

Hannergrond

D’Kommissioun huet am Kader vun der Kohäsiounspolitik d’Zomm vu 37 Milliarden Euro virgeschloen an esou zur Bekämpfung vun der Coronakris een Deel bäizedroen. Wärend engem Joer verzicht een elo op d’Verflichtung d’Sue vun der Virfinanzéierung zeréck ze fuerderen. Duerch d’Méiglechkeet vun der nationaler Kofinanzéierung, déi d’Memberstaaten normalerweis selwer bäidroe mussen, gëtt d’Fräisetze vu Strukturfongmëttel vun der EU an Héicht vun 29 Milliarden Euro méiglech.

Mat der Initiative soll dozou bäigedroe ginn, de wirtschaftleche Folgen entgéint ze wierken. Et stellt een Deel vun den ëmfaassende Reaktiounen vun der EU am Beräich vun der staatlecher Bäihëllef, sou wéi vum Stabilitéits- a Wuesstemspakt duer.

Ee vun de Gréngen/ der EFA-Fraktioun am EU-Parlament an den Europäesche Gréngen verëffentlecht Schreiwes fuerdert europäesch Zesummenaarbecht amplaz nationalen Egoismus als Äntwert op d’Coronakris. Kärfuerderung ass d’Koordinatioun vum Austausch vu Medezin a medezineschem Equipement duerch d’EU-Kommissioun, Corona-Bonds a liicht zougänglech Kreditter fir finanzschwaach Länner, wéi och déi schnell Ënnerstëtzung a medezinesch Versuergung vu vulnerabele Flüchtlingen, Asylsichenden, gefährte Zilgruppen mat chronesche Krankheeten oder Beanträchtegungen.

Opmaacherbild: © James Pond / Unsplash

Ähnlech Sujeten 37 Milliarden, Coronakris, Coronavirus, EFA-Fraktioun, EU-Parlament, finanziell Hëllef, Gréng EU-Deputéiert, Tilly Metz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel