Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Beim parlamentaresche Bilan vun der ADR kënnt d‘Regierung net gutt ewech
dating advice lds

Beim parlamentaresche Bilan vun der ADR kënnt d‘Regierung net gutt ewech

Wéi de Freideg d‘ADR hire parlamentaresche Bilan virgeluecht huet, ass

seeing a girl vs dating
dating advice lds

muslim dating sites free usa

Um 4. Mee gëtt S.R.A. de Grand-Duc Jean begruewen. Aus

An d’Häerz getraff: Tréinen iwwert Barcelona
dating advice lds

An d’Häerz getraff: Tréinen iwwert Barcelona

Et ass moies fréi, zwou Auer an der Alstad vu

Am Juli goufen zu Lëtzebuerg 38 nei Refugiéeën unerkannt

Am Juli goufen zu Lëtzebuerg 38 nei Refugiéeën unerkannt

Vum 1. Januar op den 31. Juli vun dësem Joer sinn 1.195 Demandë fir internationale Schutz bei der Direktioun vun der Immigratioun (Ausseministère) agaangen. Am Juli eleng waren et der 133. De Januar war de Mount mat de meeschten Ufroen (226). Dat sinn 151 Demande manner wéi 2018.

Aus dem Bericht vun der Administratioun geet ervir, datt d‘Eriträer säit Ufank Joer déi gréisste Communautéit duerstellen (361 Persounen). Aus Syrien kommen 127 Leit, aus dem Afghanistan nach 90, aus dem Irak 77 an Algerien 40. Bei der Ventilatioun vun den Zuelen no Kontinent, Land an Nationalitéit, waren am Juli d‘Afrikaner (59) dee gréisste Grupp, gefollegt vun den Asiaten (50). aus Europa gi 16 Leit an aus Südamerika 8 Persounen notéiert. D‘Südamerikaner sinn iwwregens alles Mënschen aus dem Venezuela.

Wat d‘Decisioune vum Ministère iwwert dem Mount Juli betrëfft, esou ass festzehalen, datt 38 Leit de Statut vum Refugié unerkannt kritt hunn. Säit Ufank vum Joer sinn et der insgesamt 397, déi de Statut zougesprach kruten. Am Juli goufen awer och 50 Demande refuséiert (vu Januar bis Juli sinn insgesamt 238 Demande refuséiert ginn). Dat gewosst, weist d‘Administratioun drop hin, datt de groussen deel vun den Decisiounen sech am Kontext vum Transfert ofgespillt hunn. Dat trëfft op 55 Demandeure fir eleng de Mount Juli zou.

Et kann een nach ervirhiewen, datt 44 Demandeuren am Verlaf vun der Prozedur d‘Handduch geworf hunn. Am Rapport zu der Zuel vun den entscheeten Transferten a Richtung Memberlänner, an am Aklang mat der Dublin III Reglementatioun, sinn 229 Mënsche „weidergeleet“ ginn. Déi sinn haaptsächlech an Däitschland (65), Frankräich an Italien (47) transferéiert ginn. Bei den Transferte Richtung Lëtzebuerg si jeeweils 13 Persounen aus Griicheland an Holland bei eis komm. Insgesamt sinn 49 leit esou op Lëtzebuerg komm.

Sougenannt „erzwonge“ Réckféierungen huet et der och ginn. Säit dem 1. Januar waren dat 29 leit, vun deenen der 5 am Juli ausgewise goufen. Bei de fräiwëllege „Retouren“, wat u sech déi prekoniséiert Moossnam ass, sinn zanter Januar 75 Persounen ausgereest. Fir eleng de Juli beleeft sech d‘Zuel op 7 Mënschen. Et dierft ugesiichts der Lag am Mëttelmierraum nach zu weideren Transferten a Richtung Lëtzebuerg kommen. Dat passt an de Kontext vun der ugestriefter Politik op europäeschem Niveau an der noutwenneger Solidaritéit.

Ähnlech Sujeten Ausseministère, Migratioun, Refugiéeën
Nächsten Artikel Virrechten Artikel