Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘NATO op Besuch am Wäissen Haus
Neiegkeeten Stories

how to write a fun dating profile

70 Joer al gëtt se déi nordatlantesch Militärallianz NATO, a

https://moien.lu/recommended-gay-dating-apps/
eso dating
Neiegkeeten Stories

Florida gëtt sech e Gesetz mat deem Schoulmeeschter bewaffent kënne ginn

E Mëttwoch huet de Kongress vu Florida e Gesetz gestëmmt,

Gesondheetsministère: Noutwenneg Impfung géint Riedelen!
Neiegkeeten Stories

Gesondheetsministère: Noutwenneg Impfung géint Riedelen!

D’Direktioun vun der Santé appelléiert un d’Populatioun fir d’Impfung géint

natur&ëmwelt: Ass d’Juegd nach zäitgeméiss?

natur&ëmwelt: Ass d’Juegd nach zäitgeméiss?

D’Juegd ass een Thema, bei dem sech d’Geeschter scheeden. Passionéiert Vertrieder stoussen op fervent Géigner. Allgemeng, awer och hisiichtlecher zur bevirstoender Debatt am lëtzebuergesche Parlament, wëll natur&ëmwelt sech als Naturschutzorganisatioun zur Juegd positionéieren. All Aussoen am Folgende baséieren ausschliisslech op wëssenschaftlech Begrënnungen a perséinlech oder emotional Argumenter goufe bausse virgelooss.

D’Juegd: Déiereschutz vs Naturschutz

A wéi fern iwwerschneiden sech den Déieren- an Naturschutz? Wéi eng Gemeinsamkeeten a Géigesätz sinn ze berécksiichtegen? Ass eng Vereenbarung vu béiden Ziler wënschenswäert? Am Déiereschutz läit de Fokus op dem Individuum. Jee no Ausleeung besteet d’Zil doran, d’Déierewuel ze garantéieren, engem Déier Leed a Qual ze erspueren oder et virun dem Dout ze retten. Dëst zielt besonnesch fir Haus- an Notzdéieren, ka bis ewell awer och fir Wëld gëllen.

Den Naturschutz dogéint bezitt de kompletten Ökosystem mat an. Dës ganzheetlech Perspektiv leet d’Haaptaamierkt op de Schutz vun den Aarten an hirem Bestand. An dësem Sënn kënnen d’Interesse vum Déieren- an Naturschutz duerchaus iwwerlappen, obwuel et och Konfliktpunkte ka ginn. Ee Beispill dofir ass déi aktuell Debatt ronderëm d'(Dreif)-Juegd zu Lëtzebuerg. Juegdgéigner veruerteelen d’Dout-Maache vun onschëllege Geschëpfer a verweisen op dat hinnen zougefüügte Leet, sou wéi de Stress virum Dout. D’Verfechter dogéint behaapten, datt just eng Reguléierung d’Bestänn vum Ökosystem Bësch op Dauer schützen an erhale kann.

Juegd

Aktuell Zuelen a Reegelungen

2017/2018 hunn zu Lëtzebuerg zirka 2.200 Persounen ee Juegdschäi gehat. Ier sou een eng éischt Kéier ausgestallt ka ginn, musse 60 Stonnen Theorie-Coursë bei der ANF absolvéiert ginn. Donieft gëtt de Kandidaten eng Aféierung an d’Schéisse bei der Juegd, sou wéi ee Stage op engem oder méi Juegdlousen operluecht. Zum Ofschloss mussen eng schrëftlech an eng mëndlech Prüfung, sou wéi eng praktesch Schéissprüfung bestane ginn.

All Joer muss een neie Juegdschäin ugefrot an d’Zomm vun 150 € bezuelt ginn, fir d’Juegd praktizéieren ze dierfen. Ze beuechten ass och, datt ee responsabele Jeeër onbedéngt seng gutt gezillten Hënn matféiere muss, fir eventuell blesséiert Wëld a kierzester Zäit ze fannen. De Jeeër kann dann dat ugeschossent Déier schnell vu sengem Leet erléisen.

Wëllschwäin a Réier gi momentan am meeschte geschoss. All Joer ginn tëscht 5.000 a 7.000 Exemplare béider Aarten erluecht. Donieft gi jeeweils knapp ënner 1.000 Kanéngercher, Huesen, Stackinten a Grouss Bëschdauwen, sou wéi 350 Routhirschen geschoss.

Dobäi kommen déi net heemesch Neozoen-Aarten Damhirsch, Mufflon, Wäschbier a Bisam. Als Neozoon gëtt eng Déierenaart bezeechent, „déi sech duerch direkt oder indirekt, bewosst oder onbewosst Hëllef vum Mënsch an engem Gebitt ugesidelt huet, an dem et op natierlech Weis net virkoum an do oft Problemer bereet“. Wëll dës Déieren als invasiv agestuuft Aarten eng Konkurrenz fir eis heemesch Flora a Fauna duerstellen, ass d’Juegd op déi sech méi oder wéineger schnell ausbreedent Aarten och op. Damhirscher ginn all Joer ronn 150 geschoss, Mufflons wéineger wéi 100. De säit 2011 als „Wëld“ agestuufte Wäschbier zielt all Joer tëscht 600 an 900 erluechten Exemplaren.

Juegd

Ass d’Juegd nach zäitgeméiss?

1 bis 2 Mol am Joer gëtt eng Dreifjuegd organiséiert. Frënn, Famill a Bekannter treffen sech, ginn zesummen op d’Juegd, uschléissend gëtt zesumme giess. Aus Spaass un der Freed? Sou den O-Toun vu munche Juegdgéigner. Sollt d’Juegd net léiwer de Professionellen iwwerlooss ginn, wéi beispillsweis am oft zitéierte Genfer Kanton? Fakt ass, datt ouni Juegd d’Bestänn vu Wëllschwäin, Réi a Routhirsch däitlech klamme géifen. D’Absence vun natierleche Feinden, wéi zum Beispill dem Wollef, ass ee Grond dofir.

Eng weider bedeitend Ursaach fir déi steigend Dicht sinn déi mëll Wanteren, bedingt duerch de Klimawandel. Et kënnt also ëmmer méi seele vir, datt d’Biedem iwwert ee längeren Zäitraum gefruer sinn. Ausserdeem ginn heefeg Mastjoer bei de Lafbeem festgestallt, déi doduerch eng méi héich Unzuel u Som produzéieren. Esou fannen d’Déiere bal duerchgängeg Iessen am Bësch, och an den eigentlech méi haarde Méint. Speziell d’Wëllschwäi frësst sech donieft d’Maisfelder a senger noer Géigend, sou datt d’Engpäss bei der Ernierung bal ganz verschwannen.

Bis zur Upassung vum Juegdrecht 2011 huet zudeem déi vu munche Jeeër praktizéiert, zimlech intensiv Wëldfidderung dës Engpäss verhënnert. Deementspriechend steigt d’Unzuel un Déieren, déi duerch den Hongerdoud verenden a gläichzäiteg steigt d’Unzuel un Iwwerliewende Frischlinge bzw. Kitze. Zwar wierken sech Facteure, wéi Krankheeten oder Autosverkéier asw. negativ op d’Bestänn vu Réi, Wëllschwäin a Routhirschen aus, awer eng wierklech Reduktioun ass ouni Agräife vum Mënsch (spréch ouni Juegd) bei dëse Planzefrësser net ze erreechen.

D’Konsequenze vum Usteige vun heefege Wëldaarten zu Lëtzebuerg ass problematesch fir eis Wëllbestänn an, op mannst a verschiddene Gebidder, een eeschte Konfliktpunkt fir d’Landwirtschaft. Wëllschwäin, Hirschen a Réi friessen haaptsächlech Knospen a Som, wéi Eechelen a Buvaker. Och déi jonk Sprosse vu verschiddene Bamzorten si bei de Planzefriesser besonnesch beléift. Eng Steigerung vun der Unzuel u Schuelewëld bedeit also, datt de Beem manner Som fir hir eege Fortplanzung zur Verfügung stinn an esou d’Iwwerliewe vu bestëmmte Bamzorte gefährt ass.

Juegd

D’Wëllschwäifrësst doriwwer hinaus och Wierm a Larven, wat am Bësch bei „Schädlingen“ nach positiv wier, am oppene Land allerdéngs dozou féiert, datt oft Wisen a Weede bei der Nahrungssich duerchgewullt a reegelrecht ëmgegruewe ginn. D’Landwirten hunn ausserdeem mat der Plünderung vun hire Felder duerch Wëllschwäin ze kämpfen, op alle Fall do, wou si net opwenneg duerch z.B. een Elektrozong geschützt ginn. Nach méi héich Individuenzuele beim Wëllschwäi géifen deemno de Risiko vun negativen Impakter op Weesszorten just verstäerken.

Bei den invasiven Aarte geet et haaptsächlech dorëm, de Bestand anzedämmen an hir Ausbreedung ze stoppen. Si stellen eng Konkurrenz fir déi heemesch Aarten duer. Wéi bei alle Paarhufer sti beim Damhirsch a Mufflon jonk Sprossen, Eechelen a Buvaker, Friichten a Knospen um Menü. Extrem héich Schied ginn duerch d’Schiele vu Bamrind am Bësch verzeechent. Duerch hir weider Ausbreedung an een Usteige vun den Exemplare ginn d’Beem a Straicher engem zousätzleche bedreeleche Facteur ausgesat an eng Verjéngung vun de Lafbeem gëtt schwiereg bzw. ganz verhënnert.

Op dëser Plaz ass de Verglach mam Fuuss relevant. „Wisou ass d’Zuel un Individue beim Fuuss net explodéiert nom Juegdverbuet?“ froen sech verschidde Leit. De Fuuss ass ee Raubdéier an erniert sech haaptsächlech vu Mais, Raten, Insekten, Uebst a geleeëntlech och vu gréissere Beutedéieren. Dat bedeit, datt et een Zesummenhang tëscht de Bestänn vu senger Beute a sengem eegene gëtt. Ginn et an engem Joer vill Mais, sou fënnt de Fuuss vill Iessen an d’Populatioun klëmmt, am ëmgekéierte Fall geschitt de Géigendeel. Esou reguléiert sech de Fuussebestand ënnert anerem am Bezuch op déi virhanden Beute.

Positiv Entwécklung an de leschte Joren

natur&ëmwelt huet schonn zuelräich Empfeelungen zum Thema Juegd verfaasst. Säit der éischter Broschür mam Titel „Juegdgesetz a Vulleschutz“ aus dem Joer 1924 sinn zuelräich Ännerungen an dësem Beräich getraff ginn, souwuel zu Gonschte vum Naturschutz, wéi och vum Déiereschutz. An de vergaangene Joer sinn verschidde Fuerderunge vun eiser Organisatioun gesetzlech festgehale ginn, zu Lescht mat dem 2011 a Kraaft getruedenen neie Juegdgesetz.

Zum engen ass d’Juegdverbuet fir verschidden Aarten erlooss ginn. Gefährt Aarten, wéi d’Riefhong, den Dach oder d’Wëllkaz si vun der Juegd ausgeschloss oder genéissen ee ganzjärege Schounstatus. Si sinn soumat vollstänneg geschützt an hir Bestänn konnten sech op mannst deelweis erhuelen. Zum anere ginn aktuell just nach Aarte gejot, déi entweder invasiv sinn oder genotzt kënne ginn (z.B. fir de Konsum). Zudeem si wéineg selektiv a qualvoll Praktiken, wéi d’Juegd mat Falen endgülteg verbannt ginn. Och d’Fiddere vu Wëld an Hegemoossnamen gehéiere mëttlerweil der Vergaangenheet un. Duerch d’Fiddere ginn nämlech onnatierlech héich Wëlddichten begënschtegt, déi dat biologescht Gläichgewiicht an d’Wanke bréngen a soumat eng Gefor fir de ganzen Ökosystem duerstellen.

Juegd

Zum Fleeschkonsum

D’Iesse vu Fleesch gëtt hautdesdaags ëmmer méi a Fro gestallt. Vegetarier, Veganer a Flexitarier, awer och Ëmwelt- a Klimaschützer plädéiere fir ee méi oder manner staark ausgepräägte Verzicht op Fleesch, Fësch an/oder aner déieresch Produkter. Oft spillt dobäi d’Léift zu den Déieren eng Roll, vill äusseren domat awer och Kritik um aktuellen Agrarsystem an der Déierenhaltung. natur&ëmwelt wëll un dëser Plaz allerdéngs weder een Exkurs an d’Landwirtschaft maachen, nach eng Recommandatioun zum Fleeschkonsum ofginn, mee sech zur Juegdpraxis zu Lëtzebuerg positionéieren.

Fakt ass, datt bei der Juegd, wéi se bei eis duerchgefouert gëtt, dat geschossent Wëld och verwäert gëtt, wat eng Notzung vu lokalen, natierlechen, nowuessende Ressourcen duerstellt. D’Déiere liewe bis zu hirem Dout an hirem natierlechen Ëmfeld, gi vu Stress an engem Véitransporter oder Schluechthaus verschount, kënnen sech fräi beweegen an op Fuddersich goen. Doriwwer hinaus setzt d’Juegd eng gewëssen Ausenanersetzung mat der Natur an dem Verhältnis tëscht Mënsch an Déier, sou wéi tëscht Wëld an Iesse viraus.

De Bezuch zum ehemoolege Liewewiese gëtt beim Ubléck vun engem Burger oder Salamibréitchen oft net automatesch hiergestallt. D’Entkopplung féiert zu engem onbewossten an onverantwortleche Konsumverhalen an enger Entfriemung zum Thema Schluechten. Fazit: Wie Fleesch iesse wëll, muss sech och domat offannen, datt Déieren dout gemaach ginn.

Juegd

Dreifjuegd oder d’Juegd vum Héichsëtz?

Muss dat wierklech sinn? Dreifjuegten si bei Géigner besonnesch onbeléift, wëll bei dëser Praxis ginn d’Déieren opgescheicht, stinn ënnert Stress an d’Trefferquot géigeniwwer vum Schéisse vum Héichsëtz ass méi kleng, sou datt d’Wëld méiglecherweis net op der Plaz stierft. Lëtzebuergesch Zuele weisen allerdéngs, datt zirka 80 % vun de Wëllschwäin a ronn 60 % vun de Réi an de Méint vun der Dreifjuegd geschoss ginn. D’Zuel un erluechten Exemplaren ass also däitlech méi héich, wéi um Héichsëtz. Dat gëllt besonnesch fir Ruddeldéieren, wéi d’Wëllschwäin, déi net selektiv gejot kënne ginn. Fir dës Aarten ze schéisse bzw wierksam ze reduzéieren, ass eleng d’Juegd vum Héichsëtz net ausräichend.

Aus naturschutzfachlecher Siicht schneit d’Dreifjuegd grondsätzlech besser of wéi den Héichsëtz. Zum enge fanne pro Joer duerchschnëttlech 1 bis 3 Dreifjuegde pro Lous statt, wëll dës just wärend engem Zäitraum vun 3 Méint erlaabt sinn (am Joer 2018 war dat de Fall vum 13.10 bis den 16.12 op Réi a Routwëld, bis zum 31.01.2019 op Wëllschwäin). Zum aneren dauert d’Dreifjuegd am Schnëtt ronn 3 Stonnen. Dat heescht, datt zum Beispill 2 Mol am Joer eng Dose bis 50 Jeeër sech treffen an 3 Stonne laang d’Natur stéieren.

Déi meescht Aarte kënnen op mannst tëscht August an Dezember gejot ginn, wärend d’Juegd op anerer, wéi d’Wëllschwäin an net heemesch Aarten, wéi Damwëld, Mufflon oder Wäschbier just tëscht Mäerz a Mëtt Abrëll zou ass. Bei dëser Aart Juegd gëtt d’Natur also vill méi oft, reegelméisseg an iwwer ee längeren Zäitraum gestéiert. Fir de Stéierfacteur anzegrenzen an d’Effizienz ze steigeren, wier et optimal, lousiwwergräifend Dreifjuegten ze organiséieren.

Juegd

Schlussfolgerung

Bedéngt duerch de staarke Wuesstem vun eiser Bevëlkerung an eise stressege Liewensstil an de leschte Joerzéngte steigt den Erhuelungsdrock op d’Natur. Dat ass am Allgemenge kee Problem, wann d’Naturnotzer gewësse Verhalensreegele respektéieren. Virun allem Jogger oder Mountainbiker, déi net op de gekennzeechente Weeër bleiwen an esou iwwerraschend a schnell u soss rouege Plazen opdauchen, versetzen d’Bëschdéieren a Panik. Wanderer a Spadséiergänger, déi hir Hënn fräi ronderëm lafe loossen, verursaache sougenannte Fräizäitstress.

Fannen dës Aktivitéiten awer ëmmer op de selwechte Strecke statt a ginn doduerch „berechenbar“, gewinnen sech d’Déieren am Bësch mat der Zäit dorun. D’Juegd ass ouni Zweiwel ee Stéierfacteur, mee déi fräiliewend Déierewelt ass all Dag diverse Stéierfacteuren ausgesat. D’Juegd ass am Wandel, verschidde Praktike ginn iwwerduecht a reforméiert an d’Prüfung fir de Juegdschäin ze kréie gëtt vun der zoustänneger Administratioun duerchgefouert.

Mir sinn der Meenung, datt ënnert dësen Ëmstänn net ganz op den Agrëff duerch d’Juegd verzicht ka ginn. Op eng reng professionell Juegd iwwerzegoen ass aus finanziellen a perséinleche Grënn momentan zu Lëtzebuerg net méiglech. Wat bleift ass déi ethesch Fro. All Mënsch huet d’Recht dorop, sech seng eege Meenung zu kontroversen Theme wéi der Juegd ze bilden. Fir natur&ëmwelt steet den Natur- an Aarteschutz op éischter Plaz. Aus dëser Perspektiv, déi de ganzen Ökosystem abezitt, gëtt eng gutt reglementéiert Juegd als vertrietbar Moossnam fir den nohaltegen Ëmgang mat eise Bëscher gewäert.

Duerch d’Juegdpraxis ginn d’Populatiounsbestänn vun den heefegsten Aarte reguléiert. Dat bedeit, datt Wëldschied, sou wéi Ausfäll bei der Recolte verréngert a soumat d’Forst- a Landwirtschaft besser viru Schied geschützt ginn. Dat wierkt sech positiv op déi biologesch Diversitéit an den allgemengen Zoustand vun eise Bëscher aus.

Quellen:

  • Bulletin technique de l’Administration de la nature et des forêts, numéro 7, 2018.
  • Loi du 25 mai 2011 relative à la chasse, Recueil de Legislation, A-N° 111, 31 mai 2011
  • Règlement grand-ducal du 14 février 2018 concernant l’ouverture de la chasse pour l’année cynégétique 2018/2019, A-N° 159, 7 mars 2018
  • Säugetiere Luxemburgs, Laurent Schley & Jan Herr, ANF, natur&ëmwelt a.s.b.l, MDDI

Matgedeelt vun natur&ëmwelt – Iwwersat vum Shari Pleimelding

Ähnlech Sujeten Aarteschutz, Déiereschutz, Dreifjuegd, Juegdgesetz, natur&ëmwelt, Naturschutz, Réi, Wëllschwäin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel