Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereedegung vun zwee Beruffsoffizéier bei der Arméi
dating driffield Sport

https://moien.lu/gregg-sulkin-britt-robertson-dating/

Gëschter huet de Verdeedegungsminister François Bausch nees zwee Beruffsoffizéier vun

https://moien.lu/dating-a-single-mom-with-herpes/
dating driffield Sport

OGBL: Gesetzesprojet zur Reform vun der Studiëbäihëllef

Nodeems de Lëtzebuerger Staat um Europäesche Geriichtshaff nees Onrecht kritt

2. – 5. Mee: Luxembourg Street Photography Festival
dating driffield Sport

2. – 5. Mee: Luxembourg Street Photography Festival

Vum 2. bis de 5. Mee 2019 fënnt zu Bouneweg

40 Joer Dakar: eng Geschicht a fënnef Joreszuelen zesummegefaasst

40 Joer Dakar: eng Geschicht a fënnef Joreszuelen zesummegefaasst

Et ass dee berühmtste Rallye am Motorsport: den Dakar. Dee feiert haut säi 40. Jubiläum zu Lima am Peru. Haut ass den Depart vun der Kompetitioun, wat eis d’Geleeënheet gëtt, e Bléck op seng beweegte Geschicht ze geheien.

1978: D’Première

Op den Äsche vum Abidjan – Nizza, deen Afrika an der Wanteren 1976 a 1977 mat Europa verbonnen huet, konnt den Thierry Sabine den Dakar opbauen. De fréiere Moto-Pilot, deen d’Enduro-Course 1975 um Touquet lancéiert hat, war eng gewote Wett agaangen.

Et war eng „aner Zäit“ a villes huet nach improviséiert ausgesinn. Trotzdeem haten sech 176 Konkurrente fir dës „Aventure“ ageschriwwen, ouni wierklech ze wëssen, wat se do géif erwaarden. Den Depart war 1978 um „Trocadero“. Vun allen den 26. Dezember zu Paräis gestarten Equippen ass manner wéi d’Hallschent am Senegal ukomm.

Vun de 74 déi ukomm sinn, haten de François Genestier op engem Range Rover, bei den Autoen, an de Cyril Neveu op enger Yamaha (XT 500), d’Nues vir. D’Camione sinn deemools nach net an der Competitioun ugetrueden.

1986: De Rallye dréit schwaarz

Mam Start deen elo an de Januar verluecht ginn ass, huet den Dakar sech am Motorsportkalenner etabléiert. De charismateschen Organisateur an de gudde Marketing hunn dem Evenement seng verdéngte Plaz erméiglecht.

De 14. Januar 1986 awer huet de Rallye e schwéiere Schlag missen hinhuelen. Den Thierry Sabine, säi Frënd Daniel Balavoine, zwee Journalisten an de Pilot vum Helikopter si bei engem Accident ëm d’Liewe komm.

Wéi et zum Ofstuerz am Mali, bei der Arrivée vun der 14. Etapp zu Gourma-Rharous komm ass, doriwwer gëtt haut nach spekuléiert. Trotz dem Schock an der Trauer, ass de Rallye weidergaangen. Gewonnen haten deemools bei den Autoen: de René Metge op Porsche; bei de Motoen: op e neits de Cyril Neveu, awer op enger Wierks-Honda; bei de Camionen: de Giacomo Vismara op Mercedes.

2002: Rock’n Roll

Den Dakar war awer och séier zu engem Event ginn, deen „d’Stären“ aus der People-Zeen ugezunn huet. Vill berühmt Leit, meeschtens aus dem Showbusiness, hu sech gären am Biwak opgehalen. Et sollt net laang dauere bis se „matgemaach“ hunn.

An den 80er hu populär „Gréissten“, wéi de Michel Sardou, de Claude Brasseur, mee och d’Caroline vu Monaco oder de Raymond Kopa an de Jacques Anquetil um Dakar deel geholl. 2002 dann ass et den Johnny Halliday deen, ouni eng Grëtz Erfarung, mat engem Nissan un de Depart geet.

De franséische Rock-Star kënnt ënner déi 50 Bescht am General an hannerléisst eng vun de Pärelen, déi vun de Kamerae veréiwegt konnt ginn: „Kanns de der virstellen, datt wa mer net eng Stonn an eng véierel verluer hätten, da wiere mer scho säit enger Stonn an eng véierel hei?“.

Gewonnen haten 2002 bei den Autoen: den Hiroshi Masuoka op Mitsubishi; bei de Motoen: de Fabrizio Meoni op KTM a bei de Camionen: de Wladimir Gennadijewitsch Tschagin op KAMAZ.

2008: Terroriséiert

De 4. Januar kënnt den Dakar vun der Strooss of. Gestart gi sollt zu Lissabon, mee um Virowend vum Depart entscheeden d’Organisateuren d’Course ofzesoen. Wéinst der Bedreeung duerch den Terrorismus a Mauretanien, ass et net méiglech d’Sécherheet vun de Leit ze garantéieren.

Zéng Deeg virum Depart ware véier franséisch Touriste bei engem Ugrëff vun Terroristen, déi der Al-Qaida zougerechent gi sinn, ermuert ginn. E Virfall mat grousse Konsequenzen: 2.500 Participante sinn um europäesche Kontinent „hänke“ bliwwen. Den Dakar sollt Afrika net méi zu Gesiicht kréien.

2009: Ze schéi fir opzehalen

Afrika war ze geféierlech fir d’Organisateure ginn, an et ass no Alternative gesicht ginn. De Kontinent ass gewiesselt ginn, de Numm vum Rallye allerdéngs net. Wéi sollt een och e Markennumm änneren?

Esou also ass den Dakar a Südamerika ukomm, méi genee an Argentinien. Do war 2009 dann och den Depart. De Rallye féiert zanterhier duerch d’Pampa, d’Anden an d’Atacama-Wüst.

De Giniel de Villiers gewënnt op Volkswon déi éischt südamerikanesch Ausgab vum Rallye. Bei de Motoen ass et de Marc Coma op enger KTM deen sech kann duerchsetzen, de Firdaus Kabirow op KAMAZ ass dee beschten an der Klass vun de Camionen.

2018 ass dann och déi 10. Editioun um südamerikanesche Kontinent.

mat AFP

Foto: De portugisesche Pilot a fréiere Cheftrainer vun Chelsea an Tottenham, Andre Villas Boas, bei der Pressekonferenz um Virowend vum 40. Dakar. © Franck Fife/AFP

Ähnlech Sujeten Dakar, Motorsport, Rallye
Nächsten Artikel Virrechten Artikel