E Gesetz fir Whistleblower a Journalisten ze bestrofen
Pressefräiheet, Meenungsfräiheet an d‘Recht op Ongerechtegkeeten hinzeweisen, jo esouguer ganz
Pressefräiheet, Meenungsfräiheet an d‘Recht op Ongerechtegkeeten hinzeweisen, jo esouguer ganz
Zanter elo 25 Joer organiséiert de Luxembourg City Tourist Office
Zuelräich Enseignanten, Presidente vu Schoulcomitéen, Direktere vu Primärschoulen a Lycéeen, Collaborateure vu Ministèren an Universitéiten hunn en Dënchdeg un der Konferenz fir d’Zesummenaarbecht am Prozess vun der schoulescher Entwécklung am Forum Geesseknäppchen deelgeholl. Organiséiert gouf d’Evenement vum Service de Coordinatioun de la Recherche et de l’Innovation Pédagogiques et Technologiques (SCRIPT) vum Ministère vun der nationaler Educatioun, de Kanner an der Jugend.
Säit der Rentrée 2017/2018 schafft all Schoul ee sougenannten Entwécklungsplang (PDS) aus. Dodra setzen si hir eege Schrëtt fest fir den Erfolleg vun hire Schüler ze garantéieren. D’Demarche vum PDS gesäit eng enk Collaboratioun mat der schoulescher Communautéit vir. Fir dëse Plang ze entwéckele ginn d’Enseignanten, mee och Partner vun der Schoul, dorënner och Eltere vun de Schüler mat abezunn.
Doduerch soll virun allem Zesummenaarbecht tëscht den Enseignante gestäerkt ginn, fir eng qualitativ héichwäerteg Bildung bidden ze kënnen. Fir déi eenzel Schrëtt vum PDS ze ënnerstëtzen huet de Ministère verschidde Ressourcen zur Verfügung gestallt:
D’Begleedung ass och um alldeeglechen Terrain, bei Aarbechtsseminairen an Diskussioune virgesinn. Heivir ass beispillsweis d’Konferenz vum 12. Mäerz als Outil Informatique organiséiert ginn. Heibäi setzen sech de SCRIPT, den IFEN, Direktioune vun de Primärschoulen an d’Ministèren enorm an.
Zur Ouverture vun der Konferenz huet den Edukatiounsminister Claude Meisch ervir gehuewen datt d’Zesummenaarbecht net einfach beemol do ass. Just duerch progressiv Aarbecht entwéckelt si sech lues a lues.
Laëtitia Progin © MENEJ / SCRIPT
Bei der Konferenz huet d’Laëtitia Progin, Dokter an den Edukatiounswëssenschaften, een Exposé iwwert d’Aarbecht an d’Cooperatioun an der Ekipp fir d’Enseignantë gehalen, bei dem de Publikum gespaant nogelauschtert huet.