Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LuxLeaks: Cassatiounsgeriicht hieft Uerteel géint den Antoine Deltour op
Neiegkeeten

LuxLeaks: Cassatiounsgeriicht hieft Uerteel géint den Antoine Deltour op

Haut de Moien huet d‘Cassatiounsgeriicht zu Lëtzebuerg d‘Uerteel vum Antoine

KONTERBONT: E Grapp voll Lëtzebuerger
Neiegkeeten

KONTERBONT: E Grapp voll Lëtzebuerger

Deen een oder aneren ass weltbekannt, deen nächsten ass onstierflech,

Duebel gratuléiert: S.A.R. de Groussherzog an de Prënz Sébastien hu Gebuertsdag!
Neiegkeeten

Duebel gratuléiert: S.A.R. de Groussherzog an de Prënz Sébastien hu Gebuertsdag!

Um groussherzoglechen Haff kann haut direkt duebel gefeiert ginn. S.A.R

402 Neiinfektiounen an enger Woch, awer keng exponentiell Hausse

402 Neiinfektiounen an enger Woch, awer keng exponentiell Hausse

Et war virauszegesinn, datt wärend dem Deconfinement d’Zuel un Neiinfektiounen klamme wäerten. Aktuell erliewe mir eng staark lineaire, mee keng exponentiell Hausse. D’Gestes Barrièren solle weiderhin agehale ginn, schonn eleng wéinst der Solidaritéit an der Responsabilitéit. Fir nei Mesuren ze huelen wier et awer aktuell nach ze fréi.

Duerch d’Resultater vum groussflächegen Testen gëllt Lëtzebuerg a verschidde Regiounen a Länner schonn als Risikogebitt. Ma, et wëll een awer weiderhin erklären, wéi déi spezifesch Situatioun zu Lëtzebuerg ass, datt ee vill test, souwuel bei symptomateschen, wéi och bei asymptomatesche Persounen an datt och d’Grenzgänger agerechent ginn. Schliisslech dierf kee Land duerch europäesch Solidaritéit gestrooft ginn.

„Mir mussen erklären a mir mussen opklären, mee mir dierfen d’Gesondheet vun der Populatioun net op d’Spill setzen, well verschidde Länner eis elo als Risikogebitt gesinn. Dat wier dat falscht Zeechen. All Infektioun, déi ee ka fannen, all Ketten, déi ee ka briechen, all Transmissioun, déi ee ka stoppen ass wichteg“, sou de Premierminister Xavier Bettel.

Neiinfektiounen

D’Situatioun an Zuelen

Wéi d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert matgedeelt huet, wieren ënnert den positiv Erfaassten 82% Residenten an18 % Non-Residenten. Och Lëtzebuerg ass verflicht offiziell Zuelen zu den Neiinfektiounen op Bréissel ze schécken. Allerdéngs huet een elo decidéiert, just nach d’Zuele vun de Residenten unzeginn, wëll ee soss op blank Zuele verglach gëtt an déi falsch Réckschlëss fir eist Land gezu ginn. D’Altersmoyenne läit mat 35 Joer relativ déif.

D’Persoune mat Symptomer maache 85 % vun de positive Fäll aus. Am Ganze gouf et an der leschter Woch 402 nei Fäll. Glécklecherweis waren 41 % vun den Neiinfizéierten vun der leschter Woch souwisou schonn a Quarantaine, wat beweist, datt de System ze gräife schéngt, wouduerch een och d’Weiderverbreedung aschränkt.

Ma, d’Gesondheetsministesch wollt net verschweigen, datt een a leschter Zäit bëssen a Bedrängnes komm ass: Déi positiv Fäll hunn iwwer 2.000 Kontakter gehat, déi schliisslech och missten ugeruff an informéiert ginn. Dobäi kënnt ee Labo, deen de Weekend duerch Personalmangel net schaffe konnt.

Déi meescht Neiinfektioune ginn et nach ëmmer am private Beräich, wouduerch de Virus dann och an aner Beräicher gedroe gëtt. „Wann e bis do ass, geet en de Wee mat der Persoun déi en dréit. An dee Wee kann iwwerall hiféieren“, ënnersträicht d’Paulette Lenert.

Déi nei Kaart vun der Santé weist dann och, datt et tëscht dem 22. Juni an dem 12. Juli 2020 déi meeschte positiv Fäll am Kanton Esch-Uelzecht gi sinn. Ganzer 329 nei Infektiounen, also méi wéi 15 Neiinfektiounen op 10.000 Awunner, soll et an de leschten dräi Woche gi sinn. Domat weist d’Regioun am Minett méi wéi duebel esou héich Zuelen op, wéi beispillsweis d’Stad Lëtzebuerg. Am Géigesaz dozou sinn d’Zuelen ënnert anerem am Kanton Klierf, mat 7 Infektiounen, immens niddreg.

Neiinfektiounen

Am Horesca-Secteur huet d’Gesondheetsministesch 4 Amenden mam éischte Maximalbetrag vu 4.000 € ausgesprach, wëll ee sech net un d’Reegele gehalen huet. Vun 23 Fäll hu sech ganzer 6 Acteuren bei der zweeter Kéier nach ëmmer net d’Virgabe respektéiert, wouduerch si 8.000 € bezuelen dierfen.

Wéi geet et weider?

Sollten d’Zuelen weiderhin klammen, dann huet de Premier ugekënnegt e Sonndeg de Regierungsrot, zesumme mat de Spezialisten anzeberuffen, fir esou déi nächst Schrëtt an eventuell Restriktiounen ze diskutéieren. Zil ass et, de Gesondheetssystem op kee Fall ze iwwerlaaschten an am Eeschtfall déi néideg Hëllef bidden ze kënnen.

Et gëtt nach emol drun appelléiert, datt ee sech bei Unzeeche vu Symptomer, oder wann ee sech preventiv wéilt teste loossen, net an d’Urgence goe soll. An dësem Fall soll een dem Dokter uruffen, de Fall erklären a sech eng Ordonnance fir en Test schécke loossen.

No engem Schreiwes vum Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, géif Lëtzebuerg virun enger zweeter Well stoen. D’Cellule de Crise gouf reaktivéiert, fir deementspriechend agéieren ze kënnen.

Ähnlech Sujeten Covid-19, Dr. Jean-Claude Schmit, Gesondheetsministère, Groussflächeg Tester, HORESCA, Large Scale Testing, Neiinfektiounen, Pandemie, Paulette Lenert, Risikogebitt, Santé, Xavier Bettel, Zweet Well
Nächsten Artikel Virrechten Artikel