Och de Mäerz verzeechent positiv Entwécklungen um Aarbechtsmarché
Op e Joer gekuckt waren 411 Persoune manner ouni Aarbecht,
Op e Joer gekuckt waren 411 Persoune manner ouni Aarbecht,
Déi éischt Ronn vun der Coupe de Luxembourg am Volleyball,
28 Joer laang war Ost- a Westdäitschland duerch eng Mauer
Halloween steet virun der Dier. An domatter eng ganz speziell grujel Stëmmung. Wie gäre Bicher liest, deen duerchwullt elo seng Regaler no de Klassiker vum Horror. Mir bei moien.lu hunn do e puer Suggestiounen, déi et duerchaus der Wäert sinn, grad zu dëser Zäit ze liesen.
Wourëm geet et? Den Atticus Turner, e Krichsveteran, muss sech net nëmmen mam alldeeglechem Rassismus an den USA vun de 50er Joren ofginn, mee muss och géint iwwernatierlech Kräft ukämpfen. Dobäi fënnt en net nëmmen d’Wourecht hannert engem Kult, mee och hannert senger Familjevergangenheet eraus.
Firwat ass et interessant? Lovecraft Country versammelt vill Klischeeën aus der klassescher Horrorliteratur a vermëscht se zu eppes neiem. D‘Reflektioun vun den éischter problemateschen Elementer vum H. P. Lovecraft senger Literatur souwéi fantastescher Literatur aus där Zäit am allgemengen gëtt der Geschicht en zousätzlecht usprochsvollt Element.
Wourëm geet et? E Schrëftsteller soll zesumme mat senger Famill en ofgeleeënt Hotel duerch de Wanter managen. Eleng gelooss erleit de Schrëftsteller lues awer sécher dem Wahnsinn, während säi Bouf seng eege Muecht entdeckt.
Firwat ass et interessant? Net nëmmen de Setting ass klassesch, mee och insgesamt betruecht verspréiht dëst Buch all déi gutt Elementer, déi ee vum Stephen King kennt. Dozou gehéiert d‘Spannung wéi och de psychologesch déif gräifenden Horror.
Wourëm geet et? Eng Equippe vu Wëssenschaftler fënnt an der Antarktis eng verstoppte Stad. An nach vill méi.
Firwat ass et interessant? Et ass wuel eng vun deenen essentiellste Geschichte vum H. P. Lovecraft: Si ass düster, spannend an atmosphäresch. A kuerz genuch, fir se an engem Nomëtten duerch ze liesen!
Wourëm geet et? Eng Fra decidéiert sech, wéinst grujelegen Dreem Vegetarierin ze ginn. Doduerch erlieft se psychesche wéi physeschen Abus duerch hir Famill.
Firwat ass et interessant? Net nëmmen ass d‘Buch gutt geschriwwen, mee et weist, wéi ausgeliwwert an ausgegrenzt eng eenzel Persoun duerch e perséinleche Choix ka ginn.
Wourëm geet et? E jonke Mann huet psychesch Problemer. Mee säi Psychiater behaapt, datt en a Wierklechkeet och nach Leit ëmbréngt. Dorunner kann en sech allerdéngs net erënneren.
Firwat ass et interessant? Spannend an düster, och mol richteg grotesk, hieft sech Cabal vum Rescht vun den hei virgestallte Bicher ganz angenehm of. Wien och mol Gore wëll hunn, ass hei nëmme richteg.