Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Franséische Beamte war e radikaliséierten Islamist
International Neiegkeeten

Franséische Beamte war e radikaliséierten Islamist

De Mickael Harpon schéngt net méi als „presuméierten Täter“ gehandelt

Spendemarathon fir ee Covid19-Impfstoff
International Neiegkeeten

Spendemarathon fir ee Covid19-Impfstoff

„Ouni Impfstoff keen Enn vun der Covid19-Pandemie“, esou EU-Kommissiounspresidentin Ursula

What the Fakt – Déi grouss Séil vun Indien gëtt ëmbruecht
International Neiegkeeten

What the Fakt – Déi grouss Séil vun Indien gëtt ëmbruecht

De Mohandas Karamchand Gandhi ass weltwäit bekannt als Fräiheetskämpfer vun

50 Joer Cargolux: Fléien am Design vun de 70er!

50 Joer Cargolux: Fléien am Design vun de 70er!

En halleft Joerhonnert Bestoen feiert d’Cargolux mat engem Fliger am Retro-Design. D’Boeing 747-400 ERF gouf nämlech mat engem Hauch Vintage nei agekleet a verbënnt esou d’Geschicht vun der Frachtgesellschaft mat der erfollegräicher Géigewaart.

Bei der LX-NCL huet ee sech um ausgesinn vun de Fligeren aus de 70er Joren inspiréiert. Deemools huet d’Cargolux nach op d’Canadair CL-44 zeréckgegraff, ier dës vun der Douglas DC-8 ofgeléist ginn ass. Ganzer 50 Joer méi spéit huet ee sech dofir decidéiert, d’Erënnerungen un d’Vergaangenheet nees opliewen ze loossen.

Nodeems duerch déi sanitär Kris déi geplangt Evenementer zum Jubiläum flaach gefale sinn, kann een alt esou e bësse feieren. Cargolux ass immens houfreg gutt Relatiounen zu China, Asien an de Rescht vun der Welt ze hunn. Just esou war et méiglech, schnell an relativ einfach medezinescht Material aus dem Ausland an eis Géigend ze bréngen.

Ähnlech Sujeten 50 Joer, 70er Joer, Boeing 747-400 ERF, Canadair CL-44, Cargolux, Frachtgesellschaft, Gebuertsdag, LX-NCL, Retro-Design, Vintage
Nächsten Artikel Virrechten Artikel