Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Medikamenter richteg entsuergen: Eng kleng Erënnerung vun der Ëmweltverwaltung
how to use our time dating site

Medikamenter richteg entsuergen: Eng kleng Erënnerung vun der Ëmweltverwaltung

Wie kennt et net – wann een seng Medikamentskëscht raumt

drummond dating icarly
how to use our time dating site

D’Gripp zu Lëtzebuerg ukomm: Op wat een elo oppasse sollt

An dëser Woch konnten déi éischt Grippefäll zu Lëtzebuerg festgestallt

De Kulturministère op der Sich no musikalesche Kompositiounen
how to use our time dating site

De Kulturministère op der Sich no musikalesche Kompositiounen

Fir d’Saison 2020-2021 lancéiert de Kulturministère elo een Appell un

50 Joer Mouvement Ecologique: Zum Gebuertsdag en Timber

50 Joer Mouvement Ecologique: Zum Gebuertsdag en Timber

50 Joer, datt ass e laangen Dag. Datt een esou eppes wierdeg zelebréiert, ass selbstverständlech. Dat een zum Gebuertsdag och deen een oder anere Kaddo kritt, och. D‘POST Lëtzebuerg, huet et sech dann och net huele gelooss, dëser „Grande Dame“ vun der Zivilgesellschaft, op hir ganz eegen Aart a Weis ze gratuléieren.

Esou war da leschte Méindeg op der Postdirektioun an der Stad ee besonneschen Dag, de Chef vum Service „Post Philately“, Emile Espen hat d‘Vertrieder vum Mouvement Ecologique an d‘Medien agelueden, fir un der Iwwerreechung vum Gebuertsdagskaddo deel ze huelen. E Kaddo deen net nëmmen eenzegaarteg ass, mee och als grousse Merci fir de jorelaangen Asaz kann ugesi ginn.

De Generaldirekter vun der POST Lëtzebuerg, Claude Strasser, huet a senger Ried drop higewisen, datt et fir hien ëmmer eppes Besonnesches ass, esou eng „Timber-Emissioun“. Hie weess, datt net ëmmer alles „einfach“ war, de Mouvement Ecologique haut awer zu enger Institutioun ginn ass, op déi kee méi – ausser vläicht e puer Politiker a Konzerner – wéilt verzichten.

50 Joer

D‘Presidentin vum Mouvement Ecologique, Blanche Weber, an de Generaldirekter vu POST Lëtzebuerg, Claude Strasser, zesumme mat den Invitéeën. Mam Timber zum „Gebuertsdag“ gëtt déi gutt a pertinent Aarbecht vun der Ëmweltschutzorganisatioun gewierdegt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir de Claude Strasser, dee sech bewosst ass, datt d‘Aktioune vun dëser Ëmweltschutzorganisatioun net ëmmer an iwwerall fir „Unanimitéit“ suergen, war et wichteg drun ze erënneren, datt et hinnen awer gelongen ass d‘Mënschen am Land ze sensibiliséieren an deels och opzeklären. „Mir brauchen och emol Leit déi d‘Stëmm erhiewen“, esou de Generaldirekter vu POST Lëtzebuerg.

Eis Post, dat ass e Fakt, huet de Message vum Mouvement Ecologique héieren. Si engagéiert sech bewosst fir d‘Nohaltegkeet an den Ëmweltschutz. Domatter gëtt d‘Entreprise e Beispill, och wann, oder grad well, déi kommerziell Ausriichtung vun engem Betrib, et engem net wierklech einfach mécht. Am Kontext vu senger Entwécklung, kann d‘Post sech bretzen, hei Jalone gesat ze hunn.

Der Presidentin vum Mouvement Ecologique, Blanche Weber, konnt en déi grouss Freed am Gesiicht ofliesen. Si war och net eleng komm, mee hat sech mat ville gudde Leit ëmginn, fir dëse Moment wierdeg ze feieren. Si huet den „Timber“ vir d‘Organisatioun entgéintgeholl, an am Numm vum Mouvement Ecologique, dem Claude Strasser e grousse Merci ausgedréckt.

50 Joer

D‘POST Lëtzebuerg, huet et sech dann och net huele gelooss, dëser „Grande Dame“ vun der Zivilgesellschaft, op hir ganz eegen Aart a Weis ze gratuléieren.

Si ass kuerz op déi (laang) Geschicht vum Mouvement Ecologique agaangen, huet dobäi net ausgelooss, datt de „Veräin“ 1968 als Jugendbeweegung gegrënnt gouf, a sech mat der Zäit zu enger gesellschaftspolitescher Beweegung entwéckelt huet. D‘Atomkraaft war laang Zäit en zentrale Punkt, un deen sech „Klimawandel“ a „Wuesstem“ drugehaangen hunn.

A wann e vläicht deem engen oder aneren net ëmmer direkt ersiichtlech ass, de Mouvement Ecologique ass eng „politesch Neutral“ Organisatioun, déi sech kengen Theme verschléisst, beméit ass „konstruktiv Kritesch“ d‘Interesse vun der Allgemengheet ze verdeedegen. Et kann ee sech dann och sécher sinn, dat hinnen d‘Erausfuerderungen net wäerten ausgoen.

D‘Blanche Weber stellt fest: „Esou en Timber als Unerkennung huet en immens héije symbolesche Wäert an ass Zäitzeien zugläich“. D‘Illustratioun, déi vum Kënschtler Oli Eickholt kreéiert ginn ass steet fir de „Matenaner“ vu Mënsch a Natur. „Mir kënnen d‘Problemer nëmmen zesumme léisen“, ënnersträicht d‘Presidentin vum Mouvement Ecologique.

Foto: Zum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Ecologique, huet et vun der POST Lëtzebuerg e wäertvolle Kaddo ginn. Entworf vum Kënschtler Oli Eickholt, huet dësen Timber am Wäert vu 70 Cent – dat entsprécht engem Standardbréif – en Oplag vun 100.000 © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Blanche Weber, Claude Strasser, Emile Espen, Mouvement Ecologique, Post Lëtzebuerg, Post Philately
Nächsten Artikel Virrechten Artikel