Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LCGB: Fuerderung vu klore Verbesserungen a Saache Pensioun!
quincy jones dating history

LCGB: Fuerderung vu klore Verbesserungen a Saache Pensioun!

Enn Februar huet den LCGB sech mam Minister fir sozial

dating payment sites
quincy jones dating history

thirteen year olds dating

Wéi 2016 den Zinema Ariston an der Minettemetropol de Rideau

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas
quincy jones dating history

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas

Op der Grenz tëscht Mexiko an den USA, hat et

50 Joer „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“

50 Joer „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“

Et war am Joer 1968, wou d‘Straussfeier vun den éischten dräi Haiser vum Kannerduerf zu Miersch gefeiert ginn ass, a gläichzäiteg d‘ASBL „Frënn vum Kannerduerf“ gegrënnt gouf. Et ass och d‘Joer dat als Referenz gëllt obwuel d‘Geschicht eppes méi fréi ugefaangen huet.

D‘Iddi vun engem Kannerduerf, huet de Marcel Nilles, deemools Member vun der Hellege-Vinzenz-Konferenz (Par Rodange) aus Tirol mat op Lëtzebuerg bruecht. Hien a säi Veräin haten sech schonn ab 1955 ëm Kanner a Nout gekëmmert.

De Marcel Nilles a war 1961 op de Begrënner vum SOS-Kannerduerf-Veräin, Hermann Gmeiner, opmierksam ginn a war sech dat dann och op Imst ukucken. De Projet „Kannerduerf“ hat sech nom Enn vum zweete Weltkrich an der Schwäiz, Däitschland an Éisträich entwéckelt, well erkannt gi war, datt Kanner a Jugendlecher esouwuel op Hëllef ugewise waren, wéi se och en Doheem gebraucht hunn.

Den 10. Juli 1963 dann, ass d‘ASBL „Lëtzebuerger Kannerduerf“ gegrënnt ginn. Déi huet 1965 zu Miersch déi Terraine kaf, wou haut – nodeems 1973 aus der ASBL eng Stëftung ginn ass – nach de Sëtz vun der Fondatioun ass, a mëttlerweil 12 Haiser, eng Hall an Ateliere stinn.

Eng zolidd Basis

Et war dann um leschte Freideg, wou déi Responsabel vun „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“ agelueden haten, fir op déi sëllechen Aktivitéiten hinzeweisen, déi dëst Joer wäerte stattfannen. Iert et allerdéngs esou wäit war, huet och d‘Presidentin vum Verwaltungsrot, Josiane Eippers, e puer Punkten ervirgehuewen a betount, datt d‘Konzept vum Hermann Gmeiner bis haut gëllt.

Si ass dann nach op d‘Entwécklung vum Mierscher Kannerduerf agaangen, an huet un déi éischte „Mamm“, d‘Maggy Walesch, erënnert, déi kierzlech vun eis gaangen ass. Esou si mir gewuer ginn, datt nëmmen e puer Joer vergaange waren, bis 1972 d‘Bauphas vu véier weideren Haiser ugefaangen huet.

Kannerduerf

(v.l.n.r.) Claude Adam, Deputéierte vun déi gréng a Member vum Verwaltungsrot; Michel Malherbe, Buergermeeschter vu Miersch (DP) a Member vum Verwaltungsrot; Josiane Eippers, Presidentin vum Verwaltungsrot; Cynthia Conzemius, Administrativ Direktesch; Karin Kiesendahl, Pedagogesch Direktesch. © Martine de Lagardère/moien.lu

1973 ass da wéi scho bemierkt, aus der ASBL eng Fondatioun ginn, an dräi Joer drop ass ugefaange ginn zwee weider Haiser opzeriichten. 1980 ass den Administrativen an Edukativen Zenter gebaut ginn. An Tëschenzäit haten hei bis zu 50 Kanner en Heem fonnt. Hei ass et dann och wichteg ze betounen, datt all d‘Gebaier ouni staatlech Subventiounen oder soss finanziell Mëttel gebaut goufen.

An d‘Konzept ass dann och erweidert ginn: 1985 entsteet zu Bouneweg de Foyer Cales an d‘Haus Weicker zu Hamm ass jonken Erwuessener zur Verfügung gestallt ginn. Och Personell ass de „Betrib“ gewuess. Haut zielt d‘ONG ronn 135 Mataarbechter, déi 300 Kanner a Famillje betreien. D‘Qualifikatioune sinn esou villfälteg wéi d‘Problemer déi et ze léise gëllt, an déi wichtegst sinn: Kompetenz an Häerz.

Wéi een dat ganzt um „lafen“ hält

Déi pedagogesch Direktesch, Karin Kiesendahl, selwer schonn iwwer 25 Joer fir „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“ am Asaz, huet op den Opwand higewisen deen d‘Betreiung vun de gréisstendeels traumatiséierte Kanner mat sech bréngt. Wien hei schafft, mécht sech d‘Famill zum Beruff, wat dann och bedeit dat d‘Erausfuerderungen den Alldag bedeiten.

Si betount dann och, datt et méi „Nofro“ gëtt wéi et Offere ginn, wat net zu gudder Lescht och un „neie“ Forme vu Mësshandlunge läit. Et si ganz vill Domänen déi een ofdecke muss, an d‘Personal muss och duerch Formatiounen op déi berufflech Ufuerderunge virbereet ginn. Datt engem dëse Spagat geléngt, beweisen dann awer déi ongezielten „Success Stories“.

Dorausser ergëtt sech logescherweis, datt och d‘Aufgabe vun der administrativer Direktesch, Cynthia Conzemius stänneg wuessen. Si betruecht dann och net zu Onrecht, datt „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“ a gewësser Hisiicht eng „Entreprise“ ass. De Joresbudget vu ronn 11 Milliounen Euro verdäitlecht dat dann och. Woubäi een hei muss bemierken, datt 80% dovunner als Personalkäschten opgewannt ginn.

Si leet awer och e grousse Wäert drop, dat d‘Leit solle wëssen, datt d‘ONG ee staarke Partner am soziale Beräich ass, deen ee wichtege Beitrag zur sozialer Kohäsioun zu Lëtzebuerg leescht. Et ass dann och net well „ee se net gesäit, datt et se net gëtt“. Et versteet sech dann och, datt esouwuel de Verwaltungsrot, wéi och béid Directricen, all den Donateure fir hiert Vertraue Merci soen.

De Programm zum Jubiläum

D‘Fondatioun „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“ wëll dann och dëst Joer notzen, fir sech no bausse méi siichtbar ze maachen. Et ass jo och wichteg, datt een d‘Leit mat der Problematik konfrontéiert, mee et soll och dierfe gefeiert ginn.

Op dëser Plaz gräife mir kuerz vir, a freeën eis mat der ONG, datt d‘Post, mat engem ganz speziellen Timber, hei och an engem gewësse Sënn sozial Verantwortung iwwerhëlt. Wéi dësen Timber wäert ausgesinn, a firwat een deen och sollt op seng Bréiwer pechen, datt erziele mir da wann et esouwäit ass.

Wat d‘Manifestatiounen ubelaangt, esou gëtt d‘akademesch Sëtzung zum 50 järegen den 23. Mäerz ofgehalen, de 17. Mee ass et dann en „Charity-Dinner“ deen d‘Opmierksamkeet sollt erwächen. Ganz wichteg, an definitiv en Dag deen sech all eis Lieser sollten an de Kalenner schreiwen, molen oder einfach „rout“ ukräizen: de 24. Juni; dann ass d‘Summerfest am Kannerduerf zu Miersch. En Dag dee kengem dierft onvergiess bleiwen.

No der Schoulrentrée, vum 15. bis de 19. Oktober ginn an der Abtei Neimënster nieft enger internationaler Konferenz, och Virträg an Atelieren zum Thema „Traumapädagogik“ ugebueden. Et ass dëst Joer also eng méi lass, an dat ass gutt esou. A loosst eis ofschléissend nach soen, datt mir alleguerten eist dozou kënne bäidroen, datt de Jubiläum en Erfolleg gëtt an d‘Kanner ëmmer am Mëttelpunkt vun der Gesellschaft musse stoen.

Opmaacherfoto: Vum Cornischong in der Wikipedia auf Lëtzebuergesch – Eegent Wierk, CC BY-SA 1.0, https://commons.wikimedia.org/w/index.php?curid=14894651

Ähnlech Sujeten Claude Adam, Cynthia Conzemius, Josiane Eippers, Karin Kiesendahl, Michel Malherbe, SOS Kannerduerf Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel