Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hawaii: Explosioun um Vulkan Kilauea, d‘Awunner opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen
International Neiegkeeten

Hawaii: Explosioun um Vulkan Kilauea, d‘Awunner opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen

Um Donneschdeg ass no un der Kopp vum Vulkan Kilauea

USA: Kontroverséiert Sanktioune fir den Iran an Knéien ze zwéngen
International Neiegkeeten

USA: Kontroverséiert Sanktioune fir den Iran an Knéien ze zwéngen

Sechs Méint nodeems d‘USA d‘Nuklearofkommes mam Iran zerrappt hunn, huet

D’Europäesch Unioun erkläert – vum CGP Grey
International Neiegkeeten

D’Europäesch Unioun erkläert – vum CGP Grey

WEIDER ARTIKEL ZUM THEMAS.A.R. op Visitt vun der Cellule LogistiqueEU:

50 Millioune Konte geplëmmt: Facebook mat enger neier Kris

50 Millioune Konte geplëmmt: Facebook mat enger neier Kris

„Wéinst engem „Sécherheetslach“ goufe 50 Millioune Facebook-Konte piratéiert“, esou um Freideg d‘Matdeelung vum Facebook Medien-Departement. Eng Informatioun déi dem ugeschloene Ruff an de Finanze vum „Digitale Ris“ net entgéint kënnt. Et ass allerdéngs richteg, datt Facebook en zolitte Problem mam Dateschutz huet.

Wéi oft elo scho bei Facebook „Feelverhalen“ huet misse festgestallt ginn? Et huet een ewell mat zielen opgehalen… Den Ubidder vun engem sozialen Netzwierk, deen sech op 2,2 Milliarden User behaapt, gesäit op e neits de Wäert vu sengen Aktien an de Keller goen. E Freideg huet d‘Aktie vu Facebook mat -2,59% ofgeschloss, a läit aktuell bei 164,46 US-Dollar.

De Patron, Mark Zuckerberg, huet an enger Telefonskonferenz mat Journalisten erkläert, datt de „Feeler“ schonn en Donneschdeg konnt behuewe ginn. „Mir wëssen net op dës piratéiert Konte mëssbraucht goufen, mee mir ënnersiche grad op wat d‘Piraten Zougrëff haten, a wat se op a mat de Konten ugestallt hunn“. Laut Facebook ware ronn 50 Millioune Konte betraff.

„Bal 50 Milliounen User sinn direkt vun dësem Piratage betraff. Dat heescht dat d‘Piraten direkten Zougrëff op d‘Informatioune vum Profil haten (Numm, Genre, Stad…). Dat duerch de Piratage vun der Funktionalitéit ‚Gesinn als‘, déi et engem erméiglecht den eegene Profil ze kucken, wéi wann een en aneren User wier“, esou d‘Informatioun vu Facebook.

Gett „bedaueren“ nach duer?

Dës Revelatioun ass eng weider Kugel um Fouss vum Grupp an sengem iwwermächtege CEO. Deen hat et déi vergaange Woch net einfach. Zwee „Dirigente“ vu senger Filial „Instagram“ hunn iwwerraschend d‘Handduch geschmass, nodeems et zu Konflikter mam Mammenhaus komm war.

Laut dem Mark Zuckerberg, war dëst Sécherheetslach schonn en Dënschdeg entdeckt ginn: „en Ugräifer huet eng technesch Lück genotzt fir sech Zougangsméiglechkeeten ze ‚beschafen‘ a sech esou an de Facebook-Account vu ronn 50 Milliounen User anzeloggen“. Dës Schlësselen (op englesch Token genannt“ erlaben et sech automatesch mat sengem Konto ze verbannen.

Esouwäit et Facebook bekannt ass (déi an dëser Affär mam FBI zesummeschafft) konnten d‘Piraten un d‘Daten déi an de Profiller enthale sinn zougräifen. Et wier net gewosst, wat si mat den Donnéeë gemaach hunn, oder wat si domatter wëlles hunn. „D‘Pirate konnten allerdéngs de Kont benotzen, wéi wann si den Titulaire dovunner wieren“, esou de Guy Rosen vum Produktmanagement.

„Et deet eis leed“, füügt de Guy Rosen bäi, dee sech muss agestoen, net ze wësse wien hannert dësem Piratage stécht. Et ass gewosst, datt d‘Piraten dëst „Sécherheetslach“ net genotzt hunn, fir op de geplëmmte Konte Saachen ze verëffentlechen. Si solle keen Zougrëff op déi „privat Messagerie“ gehat hunn. Informatiounen zu Passwierder oder Kreditkaarten, waren och net zougänglech.

„Piratéiert Vertrauen“

Zur Stonn huet Facebook d‘Funktionalitéit „Gesinn als“ suspendéiert an déi 50 Millioune Konten deconnectéiert, där hir Funktioun „Gesinn als“ rezent genotzt gouf. D‘Titulaire vun dëse Konte mussen sech nei „aloggen“ fir nees op hire Kont zougräifen ze kënnen. Zudeem sinn „preventiv“ weider 40 Millioune Konten, aus dem gläiche Grond deconnectéiert ginn.

De Mark Zuckerberg stellt fest: „Dëse Piratage weist eis op e neits, datt d‘Rennen zur ‚Bewaffnung‘ mat konstanten Ugrëff, déi d‘Zil hunn Daten ofzegräifen, voll am gaangen ass“. Fir Facebook ass et allerdéngs e Réckschlag – deem seng Dimensioun nach ze klären ass – a reit sech an eng ganz Serie vu „Feelschléi“ an, déi de Grupp säit elo gutt zwee Joer ëmmer nees an d‘Schlagzeile bréngt.

Fir de Rohit Chopra, Member vun der amerikanescher Regulatiounsagentur FTC, sinn elo awer Äntwerten néideg. D‘Organisatioun fir d‘Verdeedegung vun den digitale Rechter, Fight for the Future, ass et un der Zäit, datt d‘Politik endlech legiferéiert. „Ze vill, ass ze vill“, esou de kuerze Statement vun der Organisatioun.

Elo muss een dann och dierfe feststellen, datt d‘Vertraue vun de Facebook-Clienten an de leschte Méint zolidd op d‘Prouf gestallt ginn ass. E Skandal huet deen anere gejot, an esou Facebook an seng gréisste Kris – vu senger jonker Geschicht – gestierzt.

Wann et un dat „agemaachte“ geet

Facebook huet béis an der Kritik gestanen, als Plattform fir „politesch Manipulatioun“ hierzehalen. Dat besonnesch am Bezuch op d‘Presidentewahl an den USA 2016. Si haten och net gutt ausgesinn, nodeems bekannt gi war, datt si zeg Milliounen User, ouni dat déi eppes dovunner gewosst hätten, der britescher Entreprise Cambridge Analytica „iwwerlooss“ haten.

De Mark Zuckerberg, deem hei keng Absicht oder e schwéiere Feeler kann ënnerstallt ginn, huet sech widderholl fir dës „Pannen“ entschëllegt. Hien hat virum US-Kongress d‘Feeler agesinn a versprach, datt ee Mesure géif ergräifen, déi esou Virfäll verhënnere sollen. Mee am Internet ass et wéi am „richtege“ Liewen: 100% Sécherheet gëtt et net!

Wann dann déi sëlleche Skandaler laang Zäit keen Afloss op déi „finanziell Gesondheet“ vum Grupp haten, esou huet sech d‘Situatioun zanter Juli fatzeg verännert. Do hat Facebook seng Zuele fir de Trimester bekannt ginn. Esouwuel den Ëmsaz wéi d‘Unzuel un User war vun den Experten als „enttäuschend“ interpretéiert ginn.

Gesäit een awer emol vun de Skandaler of, da sollt een och drun erënneren, datt Facebook scho virun zwee Joer annoncéiert hat, datt och hire „Wuesstem“ mat der Zäit eppes méi lues géif ginn. Wat d‘Piratage betrëfft, esou ass dovunner net nëmme Facebook betraff. Och Yahoo an Uber – déi dës Woch héich Strofe berappt hunn – gi reegelméisseg Affer vun Internet-Brigangen.

mam Julie Charpentrat/AFP

Ähnlech Sujeten Dateschutz, Facebook, Hacker, Internet, Mark Zuckerberg, Piratage
Nächsten Artikel Virrechten Artikel