Search

You may also like

Esch-Uelzecht: De „Provisorium“ engem Enn Zouféieren
Kultur Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: De „Provisorium“ engem Enn Zouféieren

An der Gemengerotssëtzung vum leschte Freideg, huet déi fir Soziales

Black Friday – Eiser aller Sécherheet muss garantéiert ginn!
Kultur Neiegkeeten

Black Friday – Eiser aller Sécherheet muss garantéiert ginn!

De Syndikat Commerce vum OGBL erënnert drun, datt sech um

surprise
Sozialversécherung: d‘Prioritéite vun 2018 sti fest
Kultur Neiegkeeten

Sozialversécherung: d‘Prioritéite vun 2018 sti fest

De Sozialversécherungsminister Romain Schneider huet en Dënschdeg, déi fir 2018

Neies vum Bichergeck : 54 Minutten

Neies vum Bichergeck : 54 Minutten

„Jeder hat Angst vor dem Jungen mit der Waffe“ (vum Marieke Nijkamp)

War et gutt, dëst Buch virun der Rentrée ze liesen? Bestëmmt! Ech hoffen Dir maacht et och …

  • 54 Minutten – an alles huet sech verännert.
  • 54 Minutten – se ginn duer fir duerch d’Hell ze goen. An ze stierwen …
  • 54 Minutten – bedeiten ee Liewe laang Angscht an Albdreem.
  • 54 Minutten – kënnen sech onendlech ufillen!
  • 54 Minutten …Peng! Wow! Puh …

Oh vreck, ech sinn iwwerwältegt vun de ganzen Emotiounen, vum Leed, wat d’Buch mech spiere gelooss huet.

Et ass Méindeg, ee Schouldag vu villen – mir liesen d’Geschicht aus véier Erzielperspektiven. D’Autumn an d’Sylvia sinn an der Aula a lauschteren der Directrice hirer Ried no, den Tomás brécht während deems an de Büro an, fir d’Schoulakten ze duerchsichen. D’Claire leeft seng üblech Ronnen.

Obwuel d’Schüler op ënnerschiddleche Plaze sinn, héieren se dat selwecht – Schëss! Den Tyler ass erëm an der Schoul – mat enger Waff, déi hien och ouni ze zécke benotzt … D’Buch weist eis schounungslos, wéi Bezéiungen, Mobbing a Mëssbrauch, d’Psych vun engem Mënsch zerstéiere kann …

Wie gëtt zum Mäerder A wie lieft säi Liewen trotz allem weider – a probéiert dat Bescht draus ze maachen? Een Amoklaf an enger Schoul – et ass leider een aktuellt Thema, et gesäit een et dacks an den Noriichten.

Mä doriwwer ze liesen, och wann d’Geschicht fiktiv ass, ass erëm eppes ganz aneschter … Et war bedréckend! De Schreifstil vun der Autorin huet mäin Häerz haart klappe gelooss, ech hunn net nëmme gelies, ech war matzen dran.

D’Biller am Kapp – scho bal ze realistesch. D’Angscht – net onbegrënnt, zemools wann ee selwer Kanner am Lycée huet … Et war schwéier op Distanz ze bleiwen.

Ginn d’Schüler hei am Land opgekläert? Wéi sollen se a sou engem Fall handelen? Wéi kënnen se sech retten? Sollen se hëllefen? Oder sech eraushalen? Verstoppen? Held sinn?

Dir gesitt d’Buch geheit vill Froen op – hëlleft et schonn, wann eis Kanner méi driwwer nodenken, wéi se sech an der Schoul de Matschüler géigeniwwer verhalen? Ech weess et net. Ech hoffen.

Related topics 54 Minutten, Buchvirstellung, de Bichergeck, Marieke Nijkamp
Next post Previous post