Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwert 600 Persoune waren 2017 ouni Führerschäi mam Auto ënnerweess a goufen erwéscht
soulmate online dating best dating advice blogs

https://moien.lu/dating-afro/

Dobäi sinn dës Zuele méi niddreg, wéi nach am Joer

how can i hookup without craigslist
soulmate online dating best dating advice blogs

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag

De verlängerten Aarm vun al-Quaida a Kenia, d‘al-Schabaab-Miliz, huet um

USA: Sexuelle Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch
soulmate online dating best dating advice blogs

USA: Sexuelle Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch

Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vun den

Op en neits 55 Mënsche viru libescher Küst „gerett“

Spuenesch Hëllefsorganisatioun bestätegt Opnam vu Flüchtlingen am Mëttelmier

Op en neits 55 Mënsche viru libescher Küst „gerett“

D‘ONG „Proactiva Open Arms“ huet gëschter matgedeelt, datt hiert Schëff en Donneschdeg virun der libescher Küst 55 Persounen opgeholl hunn. Ënnert de Flüchtlinge wieren och zwee Bëbeeën. Elo sicht och dëst Schëff no engem sécheren Hafen.

D‘Organisatioun huet weider informéiert, dat nach eng aner Hëllefsorganisatioun Migranten aus dem Mier gefëscht huet. Open Arms ass elo op der Sich no engem sécheren Hafen, deen et wéinst dem Biergerkrich a Libyen net gëtt. Italien ass mam Matteo Salvini den Ament keng gutt Optioun.

Matt 55 Persoune – dorënner 9 Méint jonk Zwillingen – u Bord fäert d‘Crew, datt si wéi och d‘Schëffer vun deenen aneren Hëllefsorganisatiounen, vun der italienescher Regierung keen Zougang erhale wäerten. Do waart aktuell d‘Alan Kurdi op d‘Erlaabnes uleeën ze dierfen.

KüstD‘Schëff vun der däitscher ONG Sea-Eye läit den Ament viru Lampedusa a waart op drop, datt eng Entscheedung getraff gëtt. Den Zougang zu den italienesche Gewässer war dem Schëff vum Inneministère verbuede ginn. Dëse Verbuet hunn d‘Autoritéiten och de Spuenier iwwerdroen.

Et ass iwwregens e „Verbuet“ deen de Matteo Salvini och de Schëffer vun der eegener Küstewaach operleet. Esou huet d‘Schëff „Bruno Gregoretti“ eng Woch „tëscht zwee Waasser gehaangen“ bis Roum a Bréissel op en Neits eng „Noutléisung“ fir d‘Opnam vun de Flüchtlinge fonnt huet.

Op et am Fall vun der Alan Kurdi, der Open Arms an deem anere Schëff dat Flüchtlingen opgeholl huet méi séier geet eng „Léisung“ ze fannen, dat dierf bezweiwelt ginn. Net esoulaang wéi sech d‘Länner vun der Unioun op kee Konzept zur Verdeelung vun de Migranten eenege kënnen.

De Matteo Salvini (grad wéi déi maltesesch Regierung) wëll keng Flüchtlinge méi ophuelen, déi da Méintelaang an Italien musse versuergt ginn, bis en Transfert oder eng Iwwernam méiglech ass. Si stéingen un der Front, an et wier eng eenzeg Zoumuddung, als eenzeg sécheren Hafen ze gëllen.

mat indymedia/rom/aei

Foto: © Open Arms Fund

Ähnlech Sujeten Alan Kurdi, Matteo Salvini, Mëttelmier, MSF, ONG Proactiva Open Arms, Open Arms, Sea-Eye, Séinoutrettung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel