Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA-Iran: Eng gezéckte Waff erschwéiert den Dialog
dating forster nsw

USA-Iran: Eng gezéckte Waff erschwéiert den Dialog

Wéinst dem Dissens tëscht den USA an dem Iran ass

https://moien.lu/dating-someone-my-own-age/
dating forster nsw

dating sites canada over 50

Fir d‘Katholiken ass déi traditionell Iechternacher Sprangprëssessioun, déi wichtegst reliéis

Motorsport: Gutt Laun bei de Power Bull‘s zu Platen
dating forster nsw

Motorsport: Gutt Laun bei de Power Bull‘s zu Platen

Viischt war nach et an och eekeleg fréi, wéi d‘Equipp

D‘EU kritt de Bauch wéi a mir ass et scho schlecht

D‘EU kritt de Bauch wéi a mir ass et scho schlecht

Wéi ech da gëschter Owend héieren a gelies hunn, datt déi dichteg Hären zu Bréissel, well Bayer Monsanto iwwerhuele wëll, de Bauch wéi hunn, war mir bal de Gen-Mais zu Popcorn an der Täsch explodéiert.

Dobäi hunn déi, vun deenen een eigentlech ausgoe sollt, datt se eis Interesse vertrieden, ee ganz anere Problem mat der Fusioun vun zwou Entreprisë wéi een et vläicht kéint hoffen. Et geet kengeswees dorëms ze préiwe, wéi schiedlech fir d‘Welt an d‘Natur e Megagigant am Geseems ka sinn.

Nee Bréissel suergt sech eenzeg an eleng ëm d‘Konkurrenz. Den Zesummeschloss an de Beräicher Geseems, Pestiziden an aneren agrar-ekonomesche Secteure besuergt d‘Margarethe Vestager. Net besuergt ass de Kommissär fir Natur an Ëmwelt, Karmenu Vella.

Bon et ass jo gewosst, datt et bei der EU ëmmer virrangeg ëm Wirtschaftsinteressen geet. An eigentlech hätt ee sech jo awer kënne soen „Tjö dat ass dach en Europäer dee sech eng amerikanesch Boîte kroopt, cool“. Jo bon mee nee, esou einfach ass dat mat der Konkurrenz och nees net.

Grondsätzlech sinn déi meescht zu Bréissel frou, datt Bayer Monsanto frësst. Leider awer eben nëmme Grondsätzlech. Erënnere mer eis, Goldman Sachs (USA) huet mam Mario Draghi déi Europäesch Zentralbank iwwerholl. An d‘Amerikaner fannen et net besonnesch gutt, datt eng däitsch Firma hinnen d‘Spuerschwäi wëll ewech huelen.

Zemools wou de agrar-chemesche Marché, also do wou richteg brutal Goss gemaach gëtt, eben déi aner Säit vum grousse Pull ass. Déi sinn et déi tonneweis Round-Up – bei eis heescht de Knascht Glyphosat – op hire Felder verstreeën. E mega Business… an, falls Bayer et erlaabt kritt, e politescht Gewiicht, do hiefs de der e Broch.

Gutt et gëtt der dann awer och nach zu Bréissel déi riicht an hire Stiwwele stinn. Déi Gréng aus Däitschland, Frankräich a Spuenien (hei feelt mer elo grad de Claude Turmes) hu scho viru véier Méint d‘Kommissioun schrëftlech opgefuerdert de Milliardendeal ze verbidden.

Ok cool, mee ech soen iech elo wéi et ausgeet. Bayer dierf Monsanto kafen, mee muss Deeler dovunner, aus renger wirtschaftlecher Betruechtung eraus, weiderginn. Dofir kritt Bayer natierlech Geld an souwisou bleift alles wat Bayer léif an deier u Monsanto ass, erhalen.

Also esou gesinn, wann een dann tatsächlech ëmmer muss déi Zopp selwer ausläffelen déi e sech agebrockt huet, jo da kann esouguer ech verstoen, datt se zu Bréissel de Bauch wéi hunn.

Ähnlech Sujeten Bayer, Bréissel, EU, Monsanto
Nächsten Artikel Virrechten Artikel