Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dronen-Attack op Saudesch Raffinerie
Meenung

Dronen-Attack op Saudesch Raffinerie

A Saudiarabien goufen zwou Ariichtunge vum Staatskonzern Aramco mat Dronen

UNESCO Molconcours – D’Jugend zeechent de Weltierwen
Meenung

UNESCO Molconcours – D’Jugend zeechent de Weltierwen

Um Freideg, de 7. Juni 2019 ass an der Stater

D’Kris am Logement: „D’Leit si méi wäit, wéi d’Politik“
Meenung

D’Kris am Logement: „D’Leit si méi wäit, wéi d’Politik“

Gëschter haten déi Lénk op hir Pressekonferenz zum Pacte Logement

Hues de scho gewonnen oder spills de nach?

Hues de scho gewonnen oder spills de nach?

Dat ass eng Fro déi sech eng Amerikanerin net méi ze stelle brauch. D‘Fra vun 53 Joer huet mat engem Lous – an elo haalt iech e Moment un, sech setze kann och hëllefen – 758,7 Milliounen US-Dollar gewonnen.

Verständlech dat d‘Madamm hire Job gekënnegt huet, wëll se elo genuch Kappzerbrieches dierft hunn, wéi mat deem Geld ëmzegoen ass. Verständlech och, datt de Gewënn vun esou enger Zomm e gudde Sujet ass fir um an ronderëm de Comptoir ze braddelen.

Dat geet vun: „wat géifs du da mat esouvill Goss maachen?“ bis „D‘Firma an där ech schaffe kafen, an dann de Patron entloossen“. Sécher, bal jiddereen um Comptoir gëschter, hätt fir unzefänken emol en Haus Kaf oder dat Kaaften direkt ofbezuelt. An en neien Auto, bei deem Montant ass och nach dran.

Wou ech mech dann allerdéngs gewonnert hunn, well vill vun de Kollegen a Bekannten um a ronderëm de Comptoir si Familljepappen. Et gëtt der esouguer déi mat esou vill Damme Kanner hunn do kriss de et schwéier se all ze zielen. Komesch fir mech, datt eréischt wou se drop ugeschwat gi sinn, déi meescht och eng „Reserve“ fir d‘Kanner ugeluecht hätten.

Dowéinst elo direkt wëllen ze behaapten, datt Geld de Charakter géif verdierwen, wier wahrscheinlech falsch. Et kann een awer feststellen, datt d‘Aussiicht op de Gewënn vun enger kaum virstellbarer Zomm Geld, all meng Frënn gëschter Owend onbewosst egoistesch reagéiere gelooss huet.

Se hunn all u sech geduecht, de Liewenspartner an déi heimatter verbonne Mënschekanner sinn eréischt an de Fokus geréckelt, wéi se drop ugeschwat gi sinn. Dorausser ergëtt sech fir mech d‘Feststellung: datt een d‘Geld nach net emol muss hunn, fir déi, vun deenen ech ausginn datt se eigentlech dat wichtegst am Liewe sinn, ze „vergiessen“.

Gutt, vergiessen ass de falschen Ausdrock, a wierklech „vergiess“ bleiwen se jo och net. Hei ass wuel éischter zoutreffend, datt „déi“ ausgeblend gi sinn. D‘Diskussiounsëmfeld – ënner Comptoirsfrënn – den Ofschloss vum Dag an dee Saz, wou mat „stell der emol vir“ ufänkt.

Kee vun deenen aus der Ronn vu gëschter ass ee „schlechten“ (sécher et sinn och elo net alles Engelen), mee et gëtt där Momenter, wou e banalen, éischter onwahrscheinleche Virfall, déif Ablécker an d‘Psyche erlaabt. De Mënsch, ass wuel e „Rudeldéier“ mee et dierft erwise sinn, dat engem dat eegent Hiem méi no un der Haut ass wéi dem Noper säint.

Mee so emol, wat wier dann emol dat éischt wat‘s du mat 645 Milliounen Euro géifs maachen?

Ähnlech Sujeten Egoismus, Lotterie, Lotto
Nächsten Artikel Virrechten Artikel