Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Interview mam Tom Sauber (LSAP): Wat kann zu Dikrech nach alles erreecht ginn?
Neiegkeeten

Interview mam Tom Sauber (LSAP): Wat kann zu Dikrech nach alles erreecht ginn?

An der Nordstad ass niewent Ettelbréck Dikrech wuel dee wichtegste

Breaking News – CFL Linn 60 am Nomëtteg gestéiert!
Neiegkeeten

Breaking News – CFL Linn 60 am Nomëtteg gestéiert!

Aus operationelle Grënn muss op der Linn 60, d‘Streck tëscht

Fondatioun IDEA: „e bessere politeschen Dialog fërderen!“
Neiegkeeten

Fondatioun IDEA: „e bessere politeschen Dialog fërderen!“

Am Kontext vun de Chamberwahle gëtt et keng Vereenegung, Associatioun,

Recht hunn a Recht kréien

Recht hunn a Recht kréien

Um Dënschdeg a Mëttwoch war eng Lëtzebuerger Delegatioun bei der UN zu Genève. Heibäi ass ëm d‘Konventioun (CRDPH) déi d‘Rechter vun de Mënsche mat Handicap behandelt gaangen, a wéi Lëtzebuerg se ëmsetze kann.

Den Dialog huet mat den Experte vum Comité, déi d‘Konventioun begleet, stattfonnt. Ugesicht der iwwergräifender Natur vun de Froen déi sech am Kader vun der Behënnerung stellen, war et eng grouss Delegatioun déi sech mat de Vertrieder getraff huet.

Representante vun néng verschiddene Ministère, Vertrieder vun der consultativer Mënschrechtskommissioun an der ziviller Lëtzebuerger Gesellschaft hunn un de Gespréicher deel geholl.

Lëtzebuerg huet d‘CRDPH, déi 2006 um UN-Sëtz zu New-York gestëmmt gi war, schonn 20111 ratifizéiert. D‘Ëmsetzung vun den Dispositiounen esou wéi an der Konventioun virgesinn, gëtt vum Familljeministère koordinéiert. Dat am Kader vun engem interministerielle Comité an Zesummenaarbecht mat Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft fir behënnert Persounen.

Gedold dréit Friichten

D‘Revisioun vum nationalen Aktiounsplang fir d‘Ëmsetzung vun der Konventioun ass fir Enn 2017 virgesinn.

Lëtzebuerg ass zimlech engagéiert a befollegt d‘Reegelen an d‘Instrumenter vum internationale Recht, grad beim CRDPH. De Marc Bichler, Ambassadeur a Mënscherechtsfroen huet hei dann och op d‘Akzenter zu Lëtzebuerg higewisen.

Autonomie an Inclusioun an der Gesellschaft, mee och um Aarbechtsmaart, hunn en héije Stellewäert bei eis am Land, och wann et engem net ëmmer direkt ersiichtlech ass. D‘Accessibilitéit ass och, zesumme mam Zougang zu Bildung an dem Matsproocherecht bei der Bildung, e wichtege Sujet.

Konstruktiivt Gespréich

Den Dialog mat den Experte vum Comité, huet op der Grondlag vun engem schrëftleche Rapport vun der Lëtzebuerger Regierung, stattfonnt. Och en alternative Rapport vun der ziviller Gesellschaft war am Virfeld agereecht ginn.

Mat deenen Informatiounen, konnt d‘Reunioun op dräi Froebléck, am Zesummenhang mat den Artikele vun der CRDPH, festgeluecht ginn. D‘Äntwerte vu Lëtzebuerger Säit ware virbereet a si vun den Agente vun de verschiddene Ministèrë virbruecht ginn. D‘Koordinatioun hat hei d‘Sandy Zoller vum Familljeministère.

D‘Conclusiounen a Recommandatiounen, déi aus der Entrevue mam Comité fir d‘Rechter vu Mënsche mat enger Behënnerung ervirginn, beaflossen déi nächst Schrëtt vun der Regierung, déi gewëllt ass den Engagementer déi am Kader vun der CRDPH geholl goufen, Rechnung ze droen.

Wahrscheinlech gëtt et ni Perfekt, mee zu Lëtzebuerg gëtt sech d‘Regierung vill méi, eng gläichberechtegt an inklusiv Gesellschaft op alle Niveauen ze erméiglechen.

mam SIP

Ähnlech Sujeten Familljeministère, Handicap, Mënscherechter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel