Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
NAFTA: Ginn sech d‘Kanadier mat den Amerikaner eens?
signs of dating a con man free online dating websites for 50+

dakota johnson dating andrew garfield

Bei der „Reform“ vum Fräihandelsofkommes NAFTA, dee säit 1994 déi

what advice would you give to the person dating your ex funny
signs of dating a con man free online dating websites for 50+

Chamberwahlen 2018: den Drénglechkeetsprogramm vun der KPL

Et ass eng vun den eelste Parteien zu Lëtzebuerg, oft

Kenns du dës Uertschaften?
signs of dating a con man free online dating websites for 50+

Kenns du dës Uertschaften?

Kommt an trëppelt mat eis nees eng Kéier duerch d’Land.

surprise

Zoufftgen: D‘Douane saiséiert 57 Kilo Marihuana

Zoufftgen: D‘Douane saiséiert 57 Kilo Marihuana

Am Kader vun der Konventioun zur grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht (26. Januar 2016) tëscht der Lëtzebuerger a Franséischer Douane, gi reegelméisseg gemeinsam Kontrollen op der Grenz duerchgefouert. An datt „véier Ae méi gesi wéi zwee“ ass keen domme Sproch.

Esou dann och de Constat no der gemeinsamer Aktioun vum 16. Mee um Grenziwwergang Zoufftgen (Diddeleng), wou den Douanieren e gudde Coup gelongen ass. Hei haten d‘Beamten hire mobille Röntgen-Scanner agesat, an sinn domatter op eng gréisser Quantitéit Droge gestouss.

Géint 11 Auer moies, haten déi franséisch Kollegen e spuenesche Killcamion ugehalen. Deem seng Remorque ass mam Scanner duerchliicht ginn, an d‘Beamte sollten net schlecht staunen, wéi si déi net sonnerlech diskret agepaakten Drogen um Schierm entdecke konnten.

Marihuana

De Mobille Röntgen-Scanner vun der Lëtzebuerger Douane. E Gefier dat, esou op e neits mat der Saisie vu ronn 57Kg Cannabis erwisen, sech bezuelt mécht. © Admin. Douanes & Accises

Beim Scannen, waren de Beamte vun der Douane, nieft der ugemellter Wuer, och Päck opgefall, déi esouguer näischt mat Geméis ze dinn haten. D‘Remorque huet missen opgemaach ginn, fir deem ganzen op de Fong ze goen. Wéi et heescht wier de Chauffer vum Camion heibäi ganz kooperativ gewiescht.

De rumänesche Chauffeur huet sech gläichermoossen erstaunt gewisen, wéi d‘Beamten. Hie konnt just uginn, datt hien a Spuenien Geméis gelueden huet, dat hie sollt an Dänemark ofliwweren. Dat an sengem Camion 56,850 Kg Marihuana verluede gi sinn, hätt hien net matkritt.

D‘Drogen an de Camion sinn emol saiséiert ginn, wat mam Chauffer geschitt ass, war aus der Pressematdeelung net ze enthuelen. Gewosst ass dann awer, datt Laut der Douane, de Verkafswäert vun den Drogen eng hallef Millioun Euro ausmécht.

Foto: 56,850 Kg Marihuana (Cannabis) loossen sech net esou einfach verstoppen. De Wäert vun dëser Saisie gëtt vun der Douane op ronn eng hallef Millioun Euro festgeluecht. © Admin. Douanes & Accises

Ähnlech Sujeten Douane, Marihuana
Nächsten Artikel Virrechten Artikel