Search

You may also like

EuroBirdwatch Day – Déi fléiend Faszinatioun um 5. a 6. Oktober
Neiegkeeten

EuroBirdwatch Day – Déi fléiend Faszinatioun um 5. a 6. Oktober

Den EuroBirdwatch Day (Internationalen Dag vum Vullenzuch) gëtt zënter 26

Brexit: Europa stellt seng Konditioune fir eng Transitiounsperiod
Neiegkeeten

Brexit: Europa stellt seng Konditioune fir eng Transitiounsperiod

E Méindeg huet d‘EU fir d‘Transitiounsperiod nom Brexit seng „rout

Monsanto hat ee ganz besonnescht A op seng Kritiker
Neiegkeeten

Monsanto hat ee ganz besonnescht A op seng Kritiker

Déi däitsch Bayer AG, déi den US-Chimiekonzern am Summer 2018

#MacronLeaks, erkläert

#MacronLeaks, erkläert
Och wann d’Walen elo eriwwer sinn, muss een sech iwwert de Wahlkampf selwer e puer Froe stellen. E Phänomen dat mëttlerweil opfalend oft optaucht sinn sougenannt “Leaks”. Bei dëse Fuitten kommen oft Donnéeën un de Public, déi deen een oder aneren Kandidat schwäche sollen. Sou geschitt beispillsweis bei de Presidentschaftswalen an den USA, wou esou Leaks dem Hillary Clinton geschuet hunn.
D’Macron Leaks sinn de Freiden opgetaucht. D’Presse a Frankräich konnt se net opgräifen, well et an där Hisiicht di lescht zwee Deeg virum Wahltermäin eng Spär gouf. Dat huet net verhënnert, datt déi geleakten Informatiounen iwwert d’sozial Netzwierker verbreet gi sinn.
Genau heihinner muss een och kucken, fir eraus ze fannen, wou d’Informatiounen ursprénglech hierkommen. Den Nicolas Vanderbiest, Assistent un der kathoulescher Universitéit vu Louvain, huet der franséischer Noriichtenagentur AFP erkläert, wéi et fonctionnéiert huet: hie gesäit 4chan, en Imageboard, wou jidderee poste kann, als Heemecht vun dësem Leak. Dëse Site, virun allem /pol, gëtt gären als Trump- an Alt-Right-noh beschriwwen. Ënnert dësem Sammelbegrëff vereenege sech eng Zuel vu méi oder manner rietsextremen Usiichten.

Wéi huet et sech verbreet?

Dunn goung et séier: Wéi de Nicolas Vanderbiest weider opweist, goufen d’Informatiounen spéiderhin op Twitter vum Jack Posobiec, “en netzwäit bekannten Rietsextremen”, dem Vanderbiest no, op Twitter verbreed. Dëst ass vir d’Éischt op Englesch geschitt, bis sech de Konto Onescapee ëm d’Verbreedung op franséisch gekëmmert huet. Just kuerz virum Schluss vum Wahlkampf ass dëst dann och vum Florian Philippot vum Front national iwwerholl ginn.
Déi franséisch national Kontrollkommissioun fir d’Kampagnen während der Presidentielle hat d’Bierger dozou opgeruff, des Informatiounen net ze deelen. Ausserdeem wäre falsch Informatiounen drënner gemëscht.
Net ze vergiessen ass, datt Informatiounen wéi des och dankbar vu gewëssen Subreddits, wéi den an där Hisiicht bekanntenen r/the_donald, deen eng wichteg Roll am Netzwahlkampf vum Donald Trump gespillt huet, opgegraff ginn ass.

Wat ass 4chan/pol?

Den sech selwer als „Politically Incorrect“ bezeechnenden Board op 4chan konzentréiert sech op politesch Themen. Ween och nëmme flüchteg driwwer scrollt, mierkt, datt dat ganzt zimlech staark no Riets ausschléit. Am Post zum Macron Leak gesäit een dann och, wéi se sech organiséieren: Et gëtt en Hashtag geschafft an et gëtt gewisen, wéi ee schnell an efficace e fake Konto op Twitter opmaache kann, fir vun do aus Verbreedung ze fannen. Esou kann een en Hashtag op Twitter relativ schnell zu engem Trending Topic maachen. All dëst kann ausserhalb vun der Kontroll vun enger Kommissioun, Regierung oder Partei geschéien.

Foto: Screenshot/4chan

Sinn d’Informatiounen falsch?

Sou wäit huet op mannst den Twitter-Konto vu Wikileaks e puer Hiweiser dorobber, datt op mannst Deeler vun den Informatiounen gefälscht oder fabrizéiert kéinte sinn.

Foto: Screenshot/Twitter

Foto: Screenshot/Twitter

Wat bedeit de Leak fir eis?

Leaks wéi des wäerten am aktuellen politesche Klima wahrscheinlech ëmmer méi oft optauchen. Dest kann zu Lëtzebuerg während dem Dauerwahlkampf eventuell eng Roll spillen. Am däitsche Wahlkampf ass d‘Wahrscheinlechkeet net ze ënnerschätzen, datt esou eng Netzkampagn wäert gefouert ginn. Dëst ergëtt sech aus der Hëtzegkeet vun den Diskussiounen an de sozialen Netzwierker.
Sven Wohl mat pcm/fmi/bma (AFP)
Related topics 4chan, Altright, Frankräich, Macron Leaks
Next post Previous post