Search

You may also like

UN-Campagne #NotATarget vu Lëtzebuerg matgedroen
Neiegkeeten

UN-Campagne #NotATarget vu Lëtzebuerg matgedroen

De Weltdag vun der humanitärer Hëllef, deen all Joers de

Piraten am Wahlkampf: Gutt Argumenter déi een net ënnerschätze sollt
Neiegkeeten

Piraten am Wahlkampf: Gutt Argumenter déi een net ënnerschätze sollt

Um Donneschdegowend, während sech den Emmanuel Macron an de Xavier

„Junction 48“ – Ee Film iwwert d’musikalesch Leidenschaft
Neiegkeeten

„Junction 48“ – Ee Film iwwert d’musikalesch Leidenschaft

E Freideg, de 14. Dezember gëtt am Ciné Utopia ee

Alles e Samschdeg 9. September op den urbane Rallye

Alles e Samschdeg 9. September op den urbane Rallye

Mat der zéngter, an esou enger Jubiläumseditioun vun „discover Luxembourg“, kann een op e neits d‘Stad mat senge Kuriositéiten a Sehenswierdegkeete spilleresch entdecken. Ënnerstëtzt vum LCTO (Luxembourg City Tourist Office) an der Stad Lëtzebuerg, ass et Spaass fir jonk an al.

De Rallye, deem säi Parcours all Joers ännert hält e sëlleche Statioune parat, wou engersäits Wëssen an anersäits Ausdauer gefrot sinn. Och gëtt et wéi gewinnt zwee Trajeten: ee fir Familljen, deen eppes méi kuerz gehalen ass a sech och mat enger Poussette problemlos bewältege léisst. An dee „groussen“ mat enger Längt vu ronn 10 Kilometer.

Op de Statioune kann ee „Punkte“ sammelen. Gastronomesch, kulturell an historesch Froe kommen hei op d‘Participanten duer. Och sportlech an technologesch Erausfuerderungen dierfte fir gutt Ënnerhalung suergen a Punkten abréngen. Wien sech fir de laangen Trajet entscheet, sollt dann awer wëssen, datt een hei bis zu véier Stonnen ënnerwee ka sinn.

Wéi kann ee matmaachen?

Deelgeholl gëtt an Equippe vu véier Leit. Dës Equippe kënnen e Veräin, eng Firma, awer och Famillje (mat oder ouni Kanner) representéieren. Aus Sécherheetsgrënn muss wéinstens een an der Equippen 18 Joer al sinn. Deel huele kënne bis zu 100 Teams an d‘Aschreiwung kascht 15 Euro pro Persoun. Et ass natierlech och méiglech „individuell“ mat ze maachen. Hei gëtt een dann an eng Equippe „integréiert“.

Den Depart ass um Knuedler, direkt virum Büro vum LCTO. Um Stand vun „discover Luxembourg“ kann ee sech dann och nach den 9. September ab 11:00 Auer aschreiwen. Besser wier et awer wann een dat schonn um Internet ënner www.discover-lux.lu gemaach hätt. Zudeem ass och e Contingent fir d‘Touriste reservéiert.

Während dem Parcours, an am „Package“ deen och vill Informatiounen zum Trajet an de Spiller bereet hält, ass d‘Ëmgangssprooch englesch, franséisch an däitsch. Et ass ee gutt beroden uerdentlech Trëppelschong unzedoen an eventuell virgesinn datt et kéint reene sollt een och. Wien sech um Site ageschriwwen huet, kritt per Mail, Freides den 8. September, seng Startzäit matgedeelt. Hei sollt ee sech dann och 20 Minutte virum eigentlechen Depart um Stand mellen.

De Rallye gëtt am fréien Owend um 19:00 Auer mat enger Präisiwwerreechung ofgeschloss. Gutt en Drëttel vun den Equippen dierfe mat engem Präis rechnen. D‘Arrivée an d‘Plaz vun der Zeremonie sinn awer nach „geheim“. Déi gëtt ee während dem Parcours gewuer, wat dann och d‘Spannung nach ee bëssi erhält.

Eng sozial Komponent

De Rallye „discover Luxembourg“ ënnerstëtzt ëmmer eng ONG déi zu Lëtzebuerg hire Sëtz muss hunn. De Beneficiaire vun der Jubiläumseditioun ass Handicap International.

D‘Organisatioun, 1982 vu franséischen Doktere gegrënnt, déi a Kambodscha de Mënsche gehollef hunn, déi duerch Minnen an anert Krichsgeschir mutiléiert goufen, spillt eng ganz wichteg Roll an der Welt vun haut. Nieft der Hëllef déi och weiderhin a Krichsgebidder geleescht gëtt, huet Handicap International och nach weider Aufgaben iwwerholl.

De Claude Briad mécht dann och drop opmierksam, datt 15% vun der Weltpopulatioun, Mënsche mat enger Behënnerung sinn. Wann elo an eise Länner vill fir déi Leit gemaach gëtt, et esouguer eng UN-Charta gëtt déi hir Rechter soll ofsécheren, esou ass d‘Situatioun op ville Plazen nach ëmmer net roseg.

Esou muss festgestallt ginn, datt vun de 60 Millioune Kanner dee keen Zougang zur Bildung hunn, een Drëttel en Handicap hunn. A villen Entwécklungs- a Schwellelänner gëtt eng Behënnerung nach ëmmer stigmatiséiert, an dëse Kanner eng Ausbildung verwiert. Handicap International wëll och dank dem Rallye „discover Luxembourg“ op déi Thematik opmierksam maachen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Next post Previous post