Search

You may also like

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral
Neiegkeeten

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral

En Donneschdeg huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP) eng Delegatioun

Zu Hesper sinn se eppes Verwonnert
Neiegkeeten

Zu Hesper sinn se eppes Verwonnert

De Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot vun der Gemeng Hesper

Déi zweet Staffel vun Jessica Jones ass anescht, mee huet seng Stäerkten
Neiegkeeten

Déi zweet Staffel vun Jessica Jones ass anescht, mee huet seng Stäerkten

D’Marvel Serien op Netflix hu bei wäitem net ëmmer dee

5G: D’Regierung wëll mat Transparnez a Wëssenschaft iwwerzeegen

5G: D’Regierung wëll mat Transparnez a Wëssenschaft iwwerzeegen

Nodeems d’Petitioun N°1560 zum Stopp vum Ausbau vum 5G-Netz ganzer 7.306 Ënnerschrëfte gesammelt huet, ass dëst Thema gëschter an der Chamber diskutéiert ginn. D’Ministere Bettel, Dieschbourg a Lenert si sech eens, datt déi nei Generatioun vum Mobilfunk komme wäert. Et wëll een Transparenz beweisen, enk mat der Wëssenschaft zesumme schaffen an duerch Grenzwäerter gesondheetlech Problemer ausschléissen. Ma, iergendwéi ass een d’Gefill net lassginn, datt si tëscht den Zeilen matgedeelt hunn „Dir hat jo scho laang genuch Zäit Veto anzeleeën.“

Esou huet de Premier a Medienminister Xavier Bettel nämlech drop higewisen, datt d’Preparatiounsaarbechte schonn 2 Joer lafen, an ee sech strikt un déi europäesch Verflichtunge vun 2016 vun der EU-Kommissioun hält. Den Ausbau vum 5G-Netz wier och am Koalitiounsaccord vun 2018 festgeluecht ginn. Doropshi huet een divers ëffentlech Konferenzen organiséiert, un deenen d’Bierger Froe stelle konnten.

Grad de Confinement huet bewisen, datt d’Bevëlkerung iwwert de Reseau a Kontakt mat der Baussewelt bleiwe wëll a muss. D’Connectivitéit ass zum Réckgrad vun eiser zäitgenëssescher Gesellschaft ginn.

5G© ChD / Flickr

Angscht viru gesondheetleche Problemer

Natierlech bedeit de 5G en enorme Fortschrëtt a Virdeel fir d’Wirtschaft. Ma, dat gouf schéi verpak an der Ausso, datt Lëtzebuerg seng Konkurrenzfäegkeet behale wëll. Gläichzäiteg ass de Minister Bettel sech sécher, datt et zu enger gesteigerter Liewensqualitéit wäert bäidroen, ouni sanitär Risike mat sech ze bréngen. Et baséiert ee sech schliisslech op aktuell wëssenschaftlech Fuerschungen.

Heizou sief gesot, datt d’Wëssenschaft sech am Beräich 5G streit. Versich u Raten goufen ënnerholl, an och den thermeschen Effekt – et notzt ee Mikrowellen – konnt nogewise ginn. Laangzäitstudien zur Wierkung op Mënsch an Natur ginn et awer keng. D’Angscht bei der Bevëlkerung virun eppes wat ee weder gesinn, nach upake kann ass grouss.

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet iwwerdeems erkläert, datt d’Antenne just do géifen opgestallt ginn, wou sech de Bierger üblecherweis net ophält. Zesumme mat der ITM an dem Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut (ILR) wäert d’Ëmweltverwaltung (AEV) d’Anlagen iwwerwaachen.

Fir gesondheetleche Problemer aus de Féiss ze goen, wéilt een op ee stännege Monitoring zeréckgräifen, deen zesumme mat de rezente wëssenschaftlechen Entwécklungen anhir geet, sou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

5G© ChD / Flickr

D’Digitaliséierung als Deel vum Gesondheetssystem

An Zukunft muss ee weider vum digitale Progrès Gebrauch maachen an esou d’Qualitéit an d’Sécherheet vun de Prestatioune garantéieren. Mat Transparenz an Objektivitéit wëll een dem Bierger näischt virenthalen.

De Marc Hansen (déi gréng) huet ënnerstrach, datt d’Thema 5G d’Bierger enorm beschäftegt. Hir Suerge mussen eescht geholl a Froe beäntwert ginn. De Kollektiv „Stop 5G Luxembourg“, deen d’Petitioun an Ëmlaf bruecht huet, erkläert datt scho kleng Ënnerscheeder bei de Frequenzen biologesch Auswierkungen hunn. D’Membere vum Kollektiv wëlle keng nei Generatioun vum Mobilfunk, ouni d’Laangzäitauswierkungen ze kennen.

5GConchetta Valvason vu “Stop 5G Luxembourg” © ChD / Flickr

Ofgeschloss huet de Premier Xavier Bettel mat engem Appell un d’Responsabilitéit vun den Handynotzer. D’Stralung vum Smartphone wier onofhängeg vun der Stralung vun de 4G- oder 5G-Antennen. Duerch d’Notze vu Kopfhörer kéint ee beispillsweis och uruffen, ouni den Handy bei de Kapp ze halen. Hautdesdaags wier jo och all Handy mam Fluchmodus equipéiert, deen een an der Nuecht umaache kann.

Alles vill méi besser gutt?

Enn Juli hu sech d’Post, Orange,Proximus a Luxembourg Online bei enger Auktioun fir 41 Milliounen Euro d’Notzungsrechter vum 5G-Reseau zougeséchert a wëllen domat d’Netz vun de Superlativer fir Lëtzebuerg garantéieren.

Méi héich Geschwindegkeeten, eng besser Dateniwwerdroung a méi Kapassitéite sollen alles wat et bis ewell ginn ass, mat Ofstand an de Schiet stellen. Den Onmutt an der Bevëlkerung léisst awer drop schléissen, datt ee gären op dës „vill méi besser gutt“ Technologie verzicht, an d’Gesondheet virzitt. D’Angscht viru Kriibs oder och Impotenz ass grouss, genee wéi d’Onsécherheet.

Opmaacherbild © ChD / Flickr

Related topics Antennen, Carole Dieschbourg, Chamber, Dateniwwerdroung, Handy, Laangzäitetüden, Mobilfunknetz 5G, Paulette Lenert, Petitioun 1560, Stop 5G Luxembourg, Stralung, Xavier Bettel
Next post Previous post