Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU: 20 Länner fir ee Parquet zu Lëtzebuerg
Meenung Neiegkeeten

EU: 20 Länner fir ee Parquet zu Lëtzebuerg

D”Justizministere vun 20 EU-Länner en Accord finaliséiert, fir e spezialiséierte

Algerien: Den ale Mann an d‘Muecht
Meenung Neiegkeeten

Algerien: Den ale Mann an d‘Muecht

Endlech huet den ugeschloene President vun Algerien säi Récktrëtt annoncéiert.

Déi Stater Sozialisten an d‘Fondatioun Robert Krieps éieren de Menn Dahm
Meenung Neiegkeeten

Déi Stater Sozialisten an d‘Fondatioun Robert Krieps éieren de Menn Dahm

Zesumme mat Vertrieder vun de Gaasperecher Veräiner, hunn de Franz

Ass de 5G-Reseau eng Gefor fir Leif a Séil?

Ass de 5G-Reseau eng Gefor fir Leif a Séil?

Virun enger Woch hu mir informéiert, datt LOL (Luxembourg Online), Orange, Post a Proximus zesummen 41 Milliounen an de Grapp geholl hunn, fir sech d‘Nëtzungsrecht vum 5G-Reseau hei sécheren ze kënnen. Fakt ass allerdéngs och, datt et eng gewëssen „Géigewier“ vu Mënsche gëtt, déi iwwerzeegt sinn, datt de 5G-Reseau eng Gefor duerstellt.

Dozou hat wien dann och eng Petitioun ginn, déi ganzer 5.286 Ënnerschrëften erhalen huet an esou och en Debat an der Chamber mat sech bréngt. De grondsätzleche Virworf: „Dës Technologie wier kenger wëssenschaftlecher Laangzäitstudie ënnerzu ginn, déi den Impakt op Mënsch an Natur géif noweisen“. Zanter 2017 gëtt et dann och Wëssenschaftler déi virum Gebrauch vu 5G warnen.

An Däitschland hate beispillsweis 70 Dokteren aus Baden-Würtemberg dem Ministerpresident ee Bréif geschriwwen (Äerzte warnen vor 5g-Mobilfunknetz), an deem si op d‘Gefore vun dësem neie System hiweisen. Et geet méi prezis ëm den Afloss vun der „Stralung“ am Kontext vum engem Krankheetsbild, dat als „Elektrohypersensibilitéit“ (EHS) beschriwwe gëtt.

Hei ass da sënnvoll op de Studieniwwerbléck „Review zu de Risike vum Mobilfunk“ hinzeweisen. Et ass nämlech net esou, wéi wa sech nach kee mam Thema „wëssenschaftlech“ ausenanergesat hätt, och wann et zum 5G de facto keng Laangzäitstudie an deem Sënn gëtt. 85 Studie sinn an der Review op de Leescht geholl ginn. Vun de genannte Bedreiwer an der Regierung huet kee se gelies.

Wëssenschaft versus Wirtschaft

Elo liewe mir natierlech an enger Welt, wou de finanzielle Profit vu ganz wéinegen, och politesch iwwert d‘Interesse vum Mënsch gestallt gëtt, an et soll sech elo keen Hoffnunge maachen, datt een den Ausbau vum 5G-Reseau nach ophale kann. All déi involvéiert Acteuren hunn därmoosse vill Geld investéiert – a Campagnen zur „Entwarnung“ – ee Réckzuch ass esou ondenkbar wéi utopesch.

A well d‘POST en 100% Staatsbetrib ass, ass et dës Entreprise, déi sech genéidegt gesäit, ouni „en connaissance de cause“ ze sinn, d‘Bierger am Land ze „berouegen“. Si schéngen also iwwerzeegt ze sinn, géintiwwer den Awunner eng gréisser Kredibilitéit ze hunn. Déi aner diert et freeën, datt sech den Direkter vu POST-Telekom an d‘Schosslinn bruecht huet an hinnen de Réck fräi hält.

Wéi och ëmmer, den Direkter Cliff Konsbrück – deen eenzeg finanziell Interessen huet – weess datt vill falsch Informatiounen zum Thema 5G-Reseau zirkuléieren. De Chef-Wëssenschaftler vun der Post, Pierre Scholtes (Technologie & Transport) stellt dann och kloer: „D‘Angscht virun dausenden Antennen déi géifen opgeriicht ginn, ass vëlleg onbegrënnt. De kritesche Beräich géif ni erreecht“.

Domadder huet dann emol ee bei der POST bestätegt, datt et do ee „kritesche Beräich“ gëtt a bewisen, datt Kommunikatioun eng Konscht ass, et bei de POST leider keng Kënschtler huet. Dat trëfft onglécklecherweis och op de Luc Welter, Direkter vum Service „Experience Client“ zou, dee kloer stellt datt „5G“ méi Kapassitéite bitt, an d‘Intensitéit (Stralung) vum Handy reduzéiert.

Et ass wéi mat de Fraisen am Schalter

Mee d‘Jonge vun der POST sinn éierlech Gesellen a stelle Kloer: „POST kënnt hei nëmmen engem Besoin no, deen de Maart fuerdert“. Stëmmt, genau dat selwecht Argument huet d‘POST och ugewannt, fir enger sozial-wirtschaftlecher méi schlecht gestallter Populatioun ze erklären, datt si fir un déi puer Cent ze kommen déi um Kont sinn, elo bezuele musse, well de Maart dat esou wëll.

An de Maart, dat weess All Kand, regelt bekanntlech alles, firwat mir zu Lëtzebuerg dat grousst Gléck hunn, net nëmmen dat Land mat den am Duerchschnëtt räichsten Awunner ze sinn, mee och dat Land wou Wunnen, dank dem „Maart deen alles regelt“, d‘Kafkraaft vun de Menagen opfrësst. „Et kann ee net géint d‘Evolutioun vun der Welt goen“, esou de Cliff Konsbruck.

Zudeem konnt een tëscht den Zeile „liesen“ datt, et de 5G-Reseau an éischter Linn den Entreprisen am Land wäert eng Plus-value bréngen, an d‘Bierger indirekt vun dësem Service mat profitéieren. A wann een deem net wierklech widdersprieche kann, esou muss bedauert ginn, datt um Mëttwoch an der Pressekonferenz näischt virgeluecht ginn ass, datt d‘Awänn vun den Dokteren entkräft.

Säitens der Uni-Lëtzebuerg, wou d‘Interessen och éischter der Wirtschaft an hire Besoine gëllen, hätt ee sech kënnen erwaarden, datt déi wéinstens e puer wëssenschaftlech Erkenntnisser géife bäisteieren, aus deenen ervirgeet, datt d‘Angscht an d‘Bedenken onberechtegt sinn. Et ass elo och net gewosst, op d‘POST sech d‘Méi gemaach huet, eis Wëssenschaftler zum Sujet ze befroen.

mam Laure Schlesser an indymedia/str

Illustratioun: © Mika Baumeister / unsplash

Ähnlech Sujeten Gefor, Kommunikatioun, Mobilfunknetz 5G, Post Telecom, wëssenschaftlech Etüd, Wirstschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel