Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Amerikaner um elektresche Stull
Kultur Neiegkeeten

En Amerikaner um elektresche Stull

En Amerikaner, deen et virgezunn huet duerch en déidlechen elektresche

Fake News am Viséier
Kultur Neiegkeeten

Fake News am Viséier

D’Regierung hëlt sech de Fake News un. Sou schéngt et

Elo nach schnell sech fir den ACL Hiecht Klassik 2017 umellen!
Kultur Neiegkeeten

Elo nach schnell sech fir den ACL Hiecht Klassik 2017 umellen!

Den Automobilclub Lëtzebuerg invitéiert all seng Memberen dëst Joer un

6. Editioun vum Walfer Konscht- & Hobbymaart

Den 30. Juni vun 11:00 bis 18:30 Auer

6. Editioun vum Walfer Konscht- & Hobbymaart

Hobby-Handwierker, et ass nees Zäit sech zu Walfer ze versammelen! E Sonndeg, den 30. Juni 2019 ass an a ronderëm d’Sportshal vun 11:00 bis 18:30 eng Gréisser lass. Dee selwer betitelte “gréisste Konscht- an Hobbymaart an der Groussregioun” wäert wuel och dëst Joer nees vill Leit op Walfer lackelen.

Organiséiert gëtt dës sechst Editioun vun der Hobbykënschtler Lëtzebuerg A.s.b.l. mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Walfer. Ronn 150 Kënschtler an Handwierker aus Lëtzebuerg an der Groussregioun wäerte sech op deenen zuelräiche Stänn zu Walfer erëmfannen.

Musikalesch ënnermoolt gëtt dat Ganzt vun der Fanfare Lëntgen, der Kannerchorale Hueflachspatzen vu Stroossen, vun der Gitarren AG Orscholz an dem Duo les Copains.

Ausserdeem weisen de Karate Club Walfer an d’Stater Schmatten, wat si sou drop hunn. Do dernieft kann ee dem Christiane Engelmann beim Konscht-Schweessen nokucken.

Nieft der Legoausstellung vu LuxLug sinn nach Ausstellunge vun de Lëtzebuerger Gaarde Bunn Frënn oder “Les poupées d’Heidy”.

Fir de Kascht sief dann och nach gesuergt, anzwar vum FC Résidence Walfer, den Hobbykënschtler Lëtzebuerg, FoodTruck Riders an Orania Walfer A.s.b.l..

Iwwerbléck

Wéini? Sonndeg, den 30. Juni 2019

Auerzäit? 11:00 bis 18:30 Auer

Wou? Zu Walfer an a ronderëm d’Sportshal

Entrée: fräi

Opmaacherfoto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Hobbymaart, Konscht, Konscht- an Hobbymaart, Konschtmaart, Walfer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel