Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vatikan: en 21-Punkte-Plang géint de Mëssbrauch?
Neiegkeeten

Vatikan: en 21-Punkte-Plang géint de Mëssbrauch?

21 Punkte fir véier „Themeberäicher“ sollen am Kontext vun der

Äishockey: Beaufort Knights géint Tornado Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Äishockey: Beaufort Knights géint Tornado Lëtzebuerg

Gëschter Owend koum et op der Beeforter Äispist zum Revaliteits-Match

Macron schléit Le Pen
Neiegkeeten

Macron schléit Le Pen

Wahl am Frankräich wéi erwaart ausgaangen Mam Emmanuel Macron huet

Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?

Nom grousse Kongress vun der CSV zur EU-Wahl muss nach just de Wieler iwwerzeegt ginn

Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
© Martine de Lagardère/moien.lu

Ronn 500 Männer a Fraen haten dësem Rendez-vous zougesprach, bei deem et eigentlech nëmmen drëms gaangen ass, déi sechs Kandidate vun der CSV fir e Mandat am EU-Parlament, virzestellen. An awer war et e besonnesche Kongress. Grond dofir war d‘Presenz vum EPP-President, Joseph Daul, an dem EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker.

Fir den Optakt vum Kongress zu Gréiwemaacher huet, huet de Buergermeeschter e puer Wuert iwwert seng Stad verluer, fir sech dann op „Europa“ ze zentréieren. Hei stellt de Léon Gloden fest, datt den Zesummenhalt an der Unioun villes méiglech gemaach huet, a sech nach just déi eeler ënnert eis un d‘Grenzen erënnere kënnen. Et sollt een och net fäerten d‘Erfolleger ervirzehiewen.

A wann een der europäescher Unioun duerchaus Erfolleger zougestoe kann, esou ass se awer a Gefor. A Gefor, well engersäits d‘Populiste mat einfachen Äntwerten op komplex Froen zwar net emol am Usaz Léisungen ënnerbreeden. An et anersäits Länner gëtt, déi et mat der Solidaritéit an der Gemeinschaft net esou genee huelen. Dësen den Dicks ze béien, wier d‘Zilsetzung vun der CSV.

„Erneierung“ dat ass keng Floskel

Et war dunn um engagéierte Parteipresident, deen de Sall op d‘Kandidaten an de Wahlprogramm agestëmmt huet. Hien huet drun erënnert, datt sech d‘Partei eng Verjéngung an Erneierung operluecht huet, a betount „mir schwätzen net vun Erneierung mir maachen se“. An dat trëfft bei de sechs Kandidaten esou och onbestridden zou. Kee vun hinnen sech fir d‘Chamberwahlen opgestallt.

Ouni an den Detail ze goen, huet de Frank Engel de Programm als „erkläert pro-europäesch“ duergestallt, an d‘Membere vun der CSV drop higewisen, datt Europa nëmme funktionéiere kann, wann d‘Bierger un de Projet gleewen, an erkennen dat d‘Unioun hinne méi Vir- wéi Nodeeler bréngt. Dat bréngt awer mat sech, datt et besser muss ginn, besonnesch am soziale Beräich.

CSV

Den EU-Deputéierten a CSV-President, Frank Engel, steet fir en Europa dat déi positiv Chance vun der Globaliséierung wouer hëlt a sech international besser duerchsetzt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Den CSV-President, dee jo aktuell nach EU-Deputéierten ass, an no zéng Joer och wierklech eppes opzeweisen huet, wëll en Europa vun de Mënschen, an net vun de Konzerner. Hien huet kee Versteesdemech, wa festgestallt muss ginn, datt e Buschauffer mat sengem klengen Akommes méi Steieren am Joer bezilt, wéi dat beispillsweis de Fall fir Amazon oder Google ass.

„Europa ass fir jiddereen, net nëmme fir déi Déck“

Der CSV hir politesch Heemecht ass déi europäesch Vollekspartei (EPP), „eng Partei vun den einfache Leit“, esou de Frank Engel, déi sech Suergen iwwert Europa a säi Stellewäert an der Welt maachen. D‘EPP wier och eng Partei déi Verantwortung iwwerhëlt, an Intern och emol den Toun hieft wann ee Familljemember aus der Roll fält, wéi et um Beispill „Orban“ demonstréiert gouf.

Elo hätt de CSV-President et léiwer gehat, d‘EPP hätt sech derzou kënnen entschléissen d‘Fidesz auszeschléissen, mee méi wéi eng Suspendéierung war un Enn net dran. Dat och well de Manfred Weber (CSU) als Spëtzekandidat fir d‘Amt als EU-Kommissiounspresident, d‘Hand iwwert de Viktor Orban gehalen huet. Dee muss sech elo zesummerappen, eng drëtt Chance wäert et net ginn.

Fir eis Lëtzebuerger Chrëschtdemokrate steet och vill um Spill. Si hunn den Ament dräi Vertrieder am Parlament a stellen de Kommissiounspresident. Op hir geleeschten Aarbecht – och wann een net alles gutt fanne muss – dierfen se houfreg sinn. D‘Zil ass ersiichtlech: déi dräi Mandater sécheren a méiglechst nach e weidere Sëtz ergatteren. Si sinn zouversiichtlech datt dës Equipp dat kann.

Sozial Sécherheet an Aarbechtsmobilitéit

Wéi et sech mëttlerweil agebiergert huet, ginn d‘Parteie mat enger paritéitescher Duebelspëtzt an de Wahlkampf, an d‘CSV mécht do keng Ausnam. Dat sinn d‘Isabel Wiseler-Lima an de Christophe Hansen. Si ass Conseillère am Stater Gemengerot, hien de politeschen Ierwe vum Viviane Reding.

Komplettéiert gëtt d‘Equipp vum Romain Osweiler (Buergermeeschter vu Rouspert-Mompech), dem Stefano d‘Agostino (Schäffe Gemeng Mäerzeg), Liane Felten (Conseillère Gemeng Maacher) an dem Martine Kemp (Studentin). D‘Martine Kemp ass mat 24 Joer dat jéngst an der Equipp, a war vun der CSJ virgeschloe ginn. Dëser engagéiert Kandidatin sollt een net ënnerschätzen.

CSV

Fir de President vun der EPP, Joseph Daul, war de Passage zu Lëtzebuerg eng kleng Vakanz. An hie war siichtlech erfreet, zesumme mat sengem Frënd Jean-Claude Juncker esou begeeschtert empfaangen ze ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Dës Equipp versprécht en Europa dat d‘Bierger virun enger globaliséierter Welt schützt, a weist op de Slogan „Fir d‘Mënschen an Europa“ hin. Si wëllen d‘Leit ënnert dem europäesche Fändel vereenen, a veruerteelen all Form vu Populismus, behaapten sech op de Rechtsstaat an op d‘Onofhängegkeet vun der Justiz. Si stinn an, fir e solidarescht an e soziaalt Europa…

Migratioun ass an dësem Wahlkampf e wichtege Sujet, besonnesch grad dann, wann een aus der Famill bei sech doheem, aus politeschem Opportunismus eraus, eng anti-europäesch Campagne féiert andeems hie behaapt d‘EU géif hinne Flüchtlingen operzwéngen an déi illegal Awanderung fërderen. Falsch a geféierlech, verstéisst esou eppes géint déi chrëschtlech Wäerter vun der EPP.

Déi politesch Famill zesummenhalen

Fir de Joseph Daul aus dem Elsass, steet fest datt sech d‘CSV mat dëse Kandidaten eng ganz gutt Ausgangspositioun geschafen huet. Si wieren esouwuel engagéiert wéi determinéiert de grousse Projet zum verdéngten Erfolleg ze féieren. De Programm géif fir d‘EPP stoen, firwat hie sengem „Brudder“ Jean-Claude Juncker an dem Kolleg Frank Engel e grousse Merci gesot huet.

Och hien ass op d‘Kausa „Orban“ agaangen, an huet keen Heel dorausser gemaach, datt wann et him nogaange wier, d‘Fidesz sech nei Spillkomeroden hätt misse sichen. De Konsens vun de 57 Parteien déi an der EPP vertruede sinn, huet awer nëmmen d‘Suspendéierung erméiglecht, an et war och en Ament laang gefaart ginn, datt déi europäesch Vollekspartei kéint auserneebriechen.

Interessant dann eng kontrasträich Bemierkung vum EPP-President, deen duerchaus déi vun de „giele Gileten“ ausgeschwate Revendicatiounen novollzéie kann. Hie wëll datt de Mënsch soll kënne selwer bestëmmen ob hie 35 Stonnen oder 40 Stonnen an de Woch schaffe wëll. Idem bei der Pensioun, wie mat 60 wëll goe soll dat dierfen, wie méi laang schaffe wëll, och.

Net ze ëmgoen: de Brexit

Wann de Joseph Daul nach e Problem mam Balkan gesäit, a sech fir eng besser Afrika-Politik ausgeschwat huet, esou huet den EU-Kommissiounspresident zu Gréiwemaacher de Brexit ugeschwat. Hien huet alt nach emol drun erënnert, datt keen d‘Brite verjot huet, mee si aus eegene Stécker goe wollten. Et war dem Jean-Claude Juncker ofzegesinn, datt de Sujet ermiddend ass.

CSV

De Jean-Claude Juncker trëfft ëmmer gären de richtegen Toun. Um Kongress vun der CSV zu Gréiwemaacher, huet et keng Ausnam ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et gouf sech dann och laang domatter opgehalen, eigentlech ass jo och längst alles dozou gesot ginn. Hien huet dann och dat gemaach wat hien am beschte kann. De Projet Europa verdeedegen an erklären. Him war – och wann dat net bei jidderengem ukomm ass – de soziale Volet ëmmer wichteg, an et gleeft en him datt si „ëmmer méi sozial wéi d‘Sozialisten“ waren… oder?

An wa weder hien nach soss een um Samschdeg op säi méiglechen Nofolger agaangen ass, esou sollt dëse wëssen, datt et grouss Schong sinn, déi e sech iwwerstrëppt. Ënnert dem „Jott-zé-Jott“ goufe 14 Milliounen Aarbechtsplaze geschafen, den Defizit ënner Kontroll bruecht, eng 44 Milliarden Euro an Afrika investéiert an vill aneres méi. Firwat et ignoréiert gëtt, ass net gewosst.

Titelfoto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CSV, CSV-Kongress, Europawahlen 2019, Frank Engel, Jean-Claude Juncker, Joseph Daul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel