Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schlechten Timing fir d‘Inauguratioun vun der US-Ambassade zu Jerusalem
Neiegkeeten Stories

Schlechten Timing fir d‘Inauguratioun vun der US-Ambassade zu Jerusalem

Während zu Jerusalem déi nei US-Ambassade ageweit ginn ass, an

Esch-Uelzecht: de Camionnetten de Krich erkläert
Neiegkeeten Stories

Esch-Uelzecht: de Camionnetten de Krich erkläert

Den Handwierker, oder vill méi de Camionnette vu den Handwierker,

Lëtzebuergesch ass Deel vun eisem Land an eiser Identitéit. Elo ginn d’Bierger gefrot, wéi een se weider stäerke kann
Neiegkeeten Stories

Lëtzebuergesch ass Deel vun eisem Land an eiser Identitéit. Elo ginn d’Bierger gefrot, wéi een se weider stäerke kann

Se gehéiert zu eisem Alldag. Et dierf een se bei

6 kreativ Käpp -1 Iddi: The Brips ass gebuer!

6 kreativ Käpp -1 Iddi: The Brips ass gebuer!

Do muss een emol drop kommen! Nieft der innovativer Iddi kënnen déi 6 Schüler aus dem Bouneweger Lycée d’Liewensmëttelverschwendung reduzéieren an dem Client eppes richteg Guddes ze iesse bidden: Mat „The Brips“ erlieft eelert Brout nees zu neiem Liewen, an dat a Form vu Chips!

Mini-Entreprisen aus de Schoule denke sech ëmmer erëm esou kreativ Produiten aus, datt ee sech nëmme wonnere kann iwwert eis Jugend – awer am positive Sënn. Mat hirem Firmenkonzept hunn déi sechs Lycéesschüler decidéiert, net konsuméiert Liewensmëttel nees opzewäerten an hinnen eng nei Verwendung ze ginn. Mat „The Brips“ kommen elo, an Zesummenaarbescht mam Naturata a biologesche Bäckereien, fantastesch Chipsen eraus, op Basis vu Bio-Brout, dat net kaaft a giess ginn ass.

brips

Schonn eleng mat der Verpakung zéie si de Client sécherlech direkt un!

Reinkarnatioun vum Brout

Nodeems d’Tatiana Fontes, d’Zilane Yurtman, d’Melissa Ribeiro, de Patrick Azevedo, den Ilan Fraccalvieri an d’Aurélie Ferreira sech déifgrënneg mam Thema Liewensmëttelverschwendung ausenee gesat hunn a virun Aen gehale kruten, wéi vill Liewensmëttel a perfektem Zoustand ewech geheit ginn, hu si aus hirer Kritik eng Ännerung ervir geruff.

Mëttlerweil ginn et d’Brips an dräi verschiddene Goûten ze kafen, déi sécherlech och är Geschmacksknopsen zum explodéiere wäerte bréngen! Dozou gehéieren:

  • Olicrunch, mat engem natierleche Goût, den jiddwerengem gefält
  • Firi-Firi, fir all déi Leit, déi de staarke Geschmaach genéisse wëllen
  • Pizzator, mat herrlechem italieneschen Aroma

brips

Fir hir Iddi och an Zukunft nach esou ëmsetzen ze kënnen, brauchen d’Schüler natierlech och Hëllef vun Iech. Nieft der wuessender Clientele ass natierlech och de Message vum Anti-Gaspillage am Virdergrond, woubäi si immens frou wiren, wann si scho geschwënn an d’Anti-Verschwendungsära andauche kéinten!

Wien elo d’Zong laang gemaach krut an onbedéngt de Produit emol schmaache wëll, den kann sech hire Site op Facebook oder Instagram ukucken. Op Froe wäerten si sécherlech gäre mat Rot an Dot un ärer Säit stoen!

Ähnlech Sujeten Bio-Brout, Liewensmettel, Mini-Entreprise, Naturata, The Brips, Verschwendung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel