Wéi gutt kenns du dech mam Tram aus?
[onionbuzz quiz-id=69][/onionbuzz] Zënter dem 10. Dezember 2017 fiert deen neien
[onionbuzz quiz-id=69][/onionbuzz] Zënter dem 10. Dezember 2017 fiert deen neien
Datt déi ganz Aschränkungen an soss Mesurë vum Covid19-Gesetz bis
Um 17:08 Auer gëschter Owend huet den 112 d’Noriicht vun
De ganzen Dag iwwer proposéiere méi wéi 40 Stänn déi verschiddenst Aktivitéiten. Esou ass et beispillsweis méiglech, een Abléck an d’Programmatioun ze kréien, Drone fléien ze loossen, Roboter ze steieren oder och sech un digitale Spiller ze erfreeën. An dësem Joer soll da virun allem de Beräich vun den erneierbaren Energien an der nohalteger Entwécklung ervirstiechen.
Wien deelhuele wëll brauch keng speziell Kenntnisser ze hunn. Et sollt ee just virwëtzeg sinn an Interessi un den neien Technologie weisen.
D’MakerFest, dat 2 Mol am Joer organiséiert gëtt – ee Mol am Summer an am Wanter – ass den Héichpunkt vun den 29 Makerspaces, déi am ganze Land an 26 Lycéeën, 3 Primärschoulen an am Forum Geesseknäppche verdeelt sinn.
Am Joer 2015 huet dat Ganz ugefaangen an déi sougenannt Makerspaces bidde kreative a pluridisziplinär Raum fir all jonke Mënsch, dee sech un der Technologie interesséiert. Dobäi ka jiddweree säi Projet realiséieren an Accès zum gëeegenten Equipement kréien. Esou soll virun allem d’Kreativitéit, d’Talent an de Geescht fir d’Entreprise stimuléiert ginn, an dat am Kontext vun der Digitaliséierung vun eiser Gesellschaft an Ekonomie.
Um 9. Juli wäerte 7 ausgewielte Lycéeën an der Final vun der éischter Editioun vum Goodyear STEM Student Challenge (STEM: Science, Technology, Engineering, Math) openeen treffen. Um selwechten Dag wäert och d’Präisiwwerreechung stattfannen.