Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CETA: „déi gréng“ maachen et méiglech!
Kultur Neiegkeeten

CETA: „déi gréng“ maachen et méiglech!

Eigentlech hätt de Fräihandelsaccord mat de Kanadier schonn am Abrëll

Solidaritéitscampagne vum Kierchbierg Shopping Zenter
Kultur Neiegkeeten

Solidaritéitscampagne vum Kierchbierg Shopping Zenter

Mat der „Mauer fir de Merci“ wëll d‘Ekipp vum Kierchbierg

Kiffe fir de Staatshaushalt
Kultur Neiegkeeten

Kiffe fir de Staatshaushalt

D‘Fransouse sinn ënnert den Europäer déi „gréissten“ Cannabiskonsumenten an och

60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!

60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
© Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
Live-Performance vum Patricia Lippert © Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
Virdergrond: Turping Laurent - Hannergrond: Patricia Lippert © Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
Kot-Bach Katarzyna© Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
Jans Assy © Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
Besch François © Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
Blasen Chantal © Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
Balban Florin © Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
(v.l.n.r.) Reding-Schroeder Margot, Claude Gérard, Veerman Zahrée © Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
Vandivinit Mario © Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
© Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
Michels Jill © Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
Claude Gérard © Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
Guion Margot © Shari Pleimelding/moien.lu
60 Joer ARC: Ma dat huet Kapp a Fouss!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Am Kader vu sengem 60. Gebuertsdag huet den ARC – Këntschlerkreess e Freideg op de Vernissage vun der Expo Kapp a Fouss zu Téiteng an der Schungfabrik invitéiert. Nach bis de 26. Januar kann een d’Panoplie u Wierker vun enger Rëtsch Artisten kucke kommen an un der räichhalteger Diversitéit un Technike, Materialien an Iddien deelhuelen.

Den ARC, ee Kënschtlergrupp, dee sech d’Ofkierzung vun Art Contemporain am Numm veréiwegt huet, hält schonn zënter 60 Joer un der zäitgenëssescher Konscht fest a mécht et méiglech Artisten duerch Brécken ze verbannen. Datt een an dësem Secteur d’Vergaangenheet abezéien, a mam Neien kombinéiere muss, war sech de President Serge Koch scho beim Unhuele vu sengem Mandat am Joer 2017 bewosst. D’Bréck vun där hie schwätzt gëtt allerdéngs net nëmmen tëscht de Kënschtler, mee och tëscht de verschiddene Generatiounen, Stilmëttel a Besoinen kreéiert, sou datt och nach no sechs Joerzéngten de Publikum vum Gesamtkonzept begeeschtert ass.

Ugefaangen huet de Kënschtlergrupp iwwregens mat enger Expo an der Orangerie zu Munneref am Joer 1959. Ënnert den zuelräichen Artisten war deemools och de Jacques Zenner, Moler a Geschäftsmann vun Dikrech. Ganz dem kreative Geescht no huet ee sech no dëser erfollegräicher Ausstellung weiderhin zesummefonnt, fir sech selwer a seng Wierker am Grupp ze presentéieren. Och an der Konscht gëllt nu emol: Zesummen ass ee staark!

Mat Passioun an Energie konnt ee sech an all dëse Joer ënnert anerem am Konschthaus Beim Engel, an der Galerie Source Kind zu Munneref, beim Salon des Antiquaires et de l’Art Contemporain zu Gréiwemaacher, wéi och zu Lëllgen um Konstfestival oder och um Veiner Nëssmoort ervirbréngen an iwwerzeegen.

Elo fënnt een den ARC – Kënschtlergrupp zu Téiteng an der Schongfabrik. Iwwer 2 Etage verdeelt fënnt ee vun der Molerei, iwwert Statuen bis hin zu der Live-Performance vum Patricia Lippert – vun Acryl, iwwert Metall bis hin zu Holz – vun der Faarf, iwwert d’Gefill bis hin zur Geschicht all Element, dat d’Konscht ze bidden huet. De Wee an de Süden ass et der Wäert, fir dat Bekannt erëm ze gesinn an Neies kennenzeléieren. Eng artistesch Aventure waart op Iech!

Wéi, wat a wou?

D’Expo Kapp a Fouss ass vum 18. bis den 26. Januar 2020 all Dag vun 15:00 bis 19:00 Auer op. Fannen kann een d’Ausstellung zu Téiteng an der Schungfabrik (14, rue Pierre Schiltz), den Entrée ass gratis.

Mat dobäi sinn de BACKENDORF Rol, de BALABAN Florin, de BESCH François, d’BLASEN Chantal, d’BLASEN Dany, de BRUNORI Angelo, de CLAUDE Gérard, d’GUION Margot, d’HAAG Juliette, d’HERBER Marina, de JANS Assy, d’JUHASZ Nora, de KOCH Serge, d’KOEMPTGEN Astrid, d’KOT-BACH Katarzyna, d’LIPPERT Patricia, d’MICHELS Jill, d’PAULIN Eva, d’PIRSON Isabelle, d’RADICATI Stella, d’REDING-SCHROEDER Margot, d’RICHTER Milly, d’RISCHETTE Yvette, de RIZZI-GRUHLKE Reiny, de SCHANDELER Ingo, d’ THEIS Jessica, den TURPING Laurent, de VANDIVINIT Mario, d’VEERMAN Zahrée, de STEFFEN Théophile (Artiste invité) an de BLUM Laurent (Artiste invité)

Ähnlech Sujeten ARC, Ausstellung, Balban Florin, Blasen Chantal, Kapp a Fouss, Kënschtlerkreess, Konscht, Margot Reding-Schroeder, Patricia Lippert, Schungfabrik, Serge Koch, Téiteng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel