Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

European Cinema Night: Gratis Film-Virféierungen an 34 EU-Stied
https://moien.lu/can-i-hook-up-8-ohm-speakers-to-a-4-ohm-amplifier/ Neiegkeeten

online dating search without joining

Déi éischt Editioun vun der European Cinema Night wäert vum

idea for dating site
https://moien.lu/dating-a-free-spirit-reddit/
https://moien.lu/can-i-hook-up-8-ohm-speakers-to-a-4-ohm-amplifier/ Neiegkeeten

Op der sich no enger gudder Transaktioun

Weien sech e Samschdeg an der Stad ëmgekuckt huet, deem

Politik: Paritéit mécht Sënn, mee den demokratesche Prozess steet driwwer
https://moien.lu/can-i-hook-up-8-ohm-speakers-to-a-4-ohm-amplifier/ Neiegkeeten

Politik: Paritéit mécht Sënn, mee den demokratesche Prozess steet driwwer

Fir d‘Femmes Socialistes schéngt d‘Welt vun Dag zu Dag besser

Spuenien: Iwwer 600 Migranten e Méindeg aus Séinout gerett

Spuenien: Iwwer 600 Migranten e Méindeg aus Séinout gerett

Iwwer 600 Migranten an engen 20 „Nossschuelen“ sinn e Méindeg virun der spuenescher Küst aus dem Mëttelmier gefëscht ginn. Esou zumindest d‘Meldung via Twitter, vun de spuenesche Mier-Rettungsdéngschter. Alles an allem sinn esou 616 Mënschen aus Séinout gerett ginn.

An der Strooss vu Gibraltar, waren et 377 Persounen déi op 18 Booter verdeelt waren, déi vun de Secouristen opgeholl goufen. Si sinn an d‘Häfe vun Tarifa a Barbate geleet ginn. Eppes weider ëstlech, waren et 236 Migranten déi aus dem Alboran-Mier, tëscht Spuenien a Marokko, gerett goufen. Déi sinn uschléissend an d‘Häfe vu Motril an Almeria transportéiert ginn.

Dräi Jonker aus dem Maghreb sinn aus engem Kayak bei Tarifa gezu ginn, heescht dann nach vun der ëffentlecher Associatioun „Salvamento Maritimo“. E Samschdeg waren iwwer 750 Migrante vun der spuenescher Küstewaach an de gläichen Zonë gerett ginn. Dat ganzt eng Woch, nodeems d‘Aquarius no villem hin an hir seng mënschlech Fracht zu Valencia entlueden huet.

Europa feelt et u Solidaritéit a Wäitsiicht

Dat ganzt geschitt, während en däitscht „Rettungsschëff“ grad wéi d‘Aquarius tëscht Malta an Italien festhänkt. Op der „Lifeline“ sinn 234 Migrante u Bord, dorënner vill Fraen a Kanner. Laut den Informatiounen déi virleien, géif et sech ëm Mënschen handelen déi gefoltert goufen an/oder ënner grousser Hongersnout gelidden hunn. Och hinne verbidden Italien a Malta den Zougang.

An deen, duerch de Beholl vun Italien, verstäerkten Drock op d‘EU, deen am Kontext vun enger onkontrolléierter Migratioun fir ganz ënnerschiddlech Mesure suergt, sollt ee beonrouegen. Net eleng, well och de „Mini-Sommet“ zu 16 de leschte Weekend zu Bréissel, huet keng vertrietbar Proposen oder Virschléi ervirbruecht. Et kann ee just zréckbehalen, datt et keng Solidaritéit gëtt.

Et wier dann awer net vu Muttwëll wann ee sech bannent der EU géif eppes besser eens ginn. Dat och am Bezuch op den EU-Sommet Enn Juni. Net ze vergiessen, datt Spuenien als déi drëtt Aganksdier fir Europa gesi gëtt, direkt no Italien a Griicheland.

D‘Zuelen si réckleefeg

Laut der internationaler Organisatioun fir Migratioun (IOM) wier et awer elo wou sollt gehandelt ginn. Et sollt een d‘Situatioun notzen, elo wou géintiwwer dem gläichen Zäitraum 2017, d‘Zuele vun de Migranten déi mat alle Mëttel versichen iwwert d‘Mëttelmier ze flüchten, ëm d‘Hallschent zréck gaange sinn. Woubäi sech Spuenien aktuell mat der dräifacher Zuel muss ausenanersetzen.

Tëscht dem 1. Januar an dem 20. Juni, sinn a Spuenien 12.155 Migranten iwwert d‘Mier am Land ukomm. Aktuellen Zuelen no, sinn an dësem Zäitraum 292 Migranten, beim Versuch déi spuenesch Küst ze erreechen, am Mier erdronk. Laut der IOM hunn zanter Januar, ronn 960 Migrante beim Versuch d‘Mëttelmier ze iwwerquieren, hiert Liewe verluer.

mat AFP

Ähnlech Sujeten EU, Mëttelmier, Migranten, Séinout, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel