Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Polen: Kaczynski fiert aus der Këscht, Parlament ënnerbrécht Aarbecht
Meenung Neiegkeeten

Polen: Kaczynski fiert aus der Këscht, Parlament ënnerbrécht Aarbecht

An der Nuecht e Mëttwoch sollt d’Parlament a Polen eng

Dem Trump säi Wirtschaftsberoder geheit d‘Handduch
Meenung Neiegkeeten

Dem Trump säi Wirtschaftsberoder geheit d‘Handduch

Et ass e klengt Äerdbiewen datt d‘Washington um Dënschdeg getraff

Tragesche Rouseméindeg
Meenung Neiegkeeten

Tragesche Rouseméindeg

Am hessesche Volksmarsen ass e Gefier an den Ëmzuch zu

600 Milliounen Euro verschwent fir onnéideg militäresch Programmer

600 Milliounen Euro verschwent fir onnéideg militäresch Programmer

Ënnerhalb vu wéinege Méint huet d’Regierung decidéiert, méi wéi 600 Milliounen Euro an zwee Militärprojeten ze investéieren. Den éischte Projet ass de Kaf vun engem Militärsatellit, fir deen d’Regierung am vergaangene Summer Ausgaben an Héicht vun 170 Milliounen Euro geplangt hat. Dës Ausgaben hu sech op Grond vun enger spektakulärer Feelaschätzung méi wéi verduebelt! De Satellit soll elo 350 Milliounen kaschten.

Beim zweete Projet handelt et sech ëm déi erhieflech Erhéijung vum Lëtzebuerger Beitrag zu engem Militärprogramm aus dem Joer 2016: De „Multi-Role Tanker Transport“ (MRTT) Programm. Et geet dorëm bestoend Sputten am NATO-Niveau am Beräich Loftbetankung zou ze maachen. Ursprénglech waren 172 Milliounen Euro, gestaffelt iwwert een Zäitraum vun 30 Joer, fir dëse Programm virgesinn.

déi Lénk war déi eenzeg Partei, déi sech dëser Investitioun widdersat huet. De Verdeedegungsminister François Bausch huet e Freideg d’Opstocken vum ursprénglechen Beitrag ëm 462,4 Milliounen Euro gefuerdert. Den 2016 festgeluechte Beitrag wäert sech dofir méi wéi verdräifachen! De Ministère begrënnt dës Erhéijung mat der Feststellung, datt „d’Méiglechkeet besteet, d’Participatioun vu Lëtzebuerg un dësem Programm ze erhéijen.“

De Staatsrot bemängelt, datt d’Regierung dës „Méiglechkeet“ an déi domat verbonnen Ausgaben just onzausräichend erkläert huet. De Gesetzesentworf enthält just zimlech vague Erklärungen iwwert d’Grënn, déi zu esou enger Erhéijung vum Beitrag gefouert hunn. D’Regierung behaapt an hirem Entworf, datt déi nei Ausgaben am Detail opgelëscht wieren. De Staatsrot schwätzt allerdéngs just vu „vague definéierten Ëmrësser.“

déi Lénk fuerderen d’Regierung op, de Gesetzesentworf zum MRTT-Programm zeréckzezéien. Et ass weder geleeën, nach sënnvoll an een MRTT-Programm ze investéieren, dat ee militärescht Ugrëffsinstrument duerstellt an deem seng Nëtzlechkeet sech der Regierung selwer ze entzéie schéngt.

déi Lénk hu sech ëmmer fir een erhiefleche Réckgang vun de Militärausgaben agesat. D’Coronavirus-Pandemie weist, datt dës Suen vill méi effizient kënnen agesat ginn, wéi militäresch Programmer, déi haaptsächlech der Rëschtungsindustrie ze Gutts kommen. D’Regierung schéngt allerdéngs keng Bedenken ze hunn, méi wéi 600 Milliounen Euro onnéideg auszeginn, wärend d’Land dës Suen benéidegt, fir d’Auswierkungen vun enger beispielloser sanitärer Kris entgéint ze wierken.

Matgedeelt vun déi Lénk

Opmaacherfoto © israel palacio / Unsplash

Ähnlech Sujeten Budget, déi lénk, Militärausgaben, Militärsatellit, Multi-Role Tanker Transport, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel