Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-President warnt Peking
International Neiegkeeten

i'm dead wanna hook up traduzione

D‘Situatioun zu Hong Kong ass liicht ugespaant, well d‘Bierger der

what to expect when dating a cuban man
International Neiegkeeten

Si wollten d’Paradäis, kritt hunn se e Massegraf

Vun der ganzer Welt hierkomm oder op der Plaz rekrutéiert,

Déi jonk Enseignanten hunn es bis iwwert d‘Oueren
International Neiegkeeten

Déi jonk Enseignanten hunn es bis iwwert d‘Oueren

Et geet duer, d‘Mooss ass voll! Esou an net anescht

Eng Majoritéit vun de Fransouse géint d‘Reform vum Aarbechtsrecht

Eng Majoritéit vun de Fransouse géint d‘Reform vum Aarbechtsrecht

Laut dem Sondage vun „Harris interactive“ fir RMC (Radio Monte Carlo) an Atlantico, sinn 58% vun de Fransousen net mat den Ordonnancen, déi d‘Aarbechtsrecht reforméieren, averstanen. Bei genauer Betruechtung vun den Zuelen, muss een dann awer feststellen, datt d‘Wieler vum Macron, d‘Reform zu 82% begréissen.

Eng gréisser Majoritéit vun de befrote Persounen (71%) fäert, datt mat de Reformen d‘Matsproocherecht vun de Gewerkschaften an den Entreprisë condamnéiert ass. Fir 54% vun de sondéierte Persounen ass mat enger Verschlechterung vun den Aarbechtskonditiounen ze rechnen.

Nëmmen 43% vun de Leit gleewen, datt d‘Reformen d‘Kompetitivitéit vun den Entreprisë verbessert. 36% sinn der Meenung, datt mat de Reformen de wirtschaftleche Wuesstem sécher gestallt ass. Nach just 31% kënnen sech virstellen, datt mat de Reformen de Chômage reduzéiert gëtt.

Den ugeschwate Sondage ass online den 31. August bei engem Echantillon vun 1.004 Persounen déi iwwer 18 Joer al sinn gemaach ginn. Déi wier, no der Methode vun de Quoten, representativ.

Mam zweeten och net besser

Am Sondage „Odoxa“ fir de Figaro a franceinfo, dee virum bekannt gi vun den Ordonnancë gemaach gouf, sinn 52% vun de Befroten der Meenung: „datt eng Reform vum Aarbechtsrecht den Zougang zur Aarbecht verbesseren an d‘Aktivitéit vun den Entreprisë favorabel beaflosse kann“.

Gefrot zu verschiddene Mesuren, déi am Regierungsprojet festgehale sinn, hunn sech 57% net domadder averstanen erkläert, d‘Entschiedegungen am Fall vun enger net berechtegter Kënnegung ze plafonnéieren.

70% awer ënnerstëtzen zwou aner Mesuren, déi an den Ordonnancen ogefouert sinn: „d‘Erweiderung vum CDI op aner Secteure wéi deem vum Bau“ an „d‘Méiglechkeet fir kleng Entreprisen, en Accord mat engem Personalvertrieder ofzeschléissen, och wann dee keng Gewerkschaft representéiert“.

Um Donneschdeg verëffentlecht, war den Sondage Odoxa och online, den 30. an 31. August, bei engem Echantillon vun 995 Persounen déi iwwer 18 Joer al sinn gemaach ginn. Och dese Sondage wier, no der Methode vun de Quoten, representativ.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, Emmanuel Macron, Frankräich, Sondage
Nächsten Artikel Virrechten Artikel