Gen-Mais: Greenpeace kritiséiert EU-Kommissioun
Wéi Greenpeace-Letzebuerg um Donneschdeg matdeelt, huet d’Lëtzebuerger Parlament um 1.
Wéi Greenpeace-Letzebuerg um Donneschdeg matdeelt, huet d’Lëtzebuerger Parlament um 1.
Also wann ee sech esou d‘Zuelen ukuckt, da kéint een
„Carry Fire“ ass no dräi Joer, zanter dem leschten Album, endlech nees eppes Neies vum beléifte Museker. Eelef Lidder, dobäi begleet vun de „Sensational Space Shifters“ déi och beim Album „Lullaby“ matgemaach hunn, verspriechen op e neits gutt Ënnerhalung.
Eelef Lidder fir den eeleften Album, et gëtt ebe keng Zoufäll. Heiranner enthalen: „The May Queen“ e Lidd dat de Robert Plant schonn op sengem YouTube-Kanal verëffentlecht huet. Voller Melancholie, gräift de Robert Plant hei op Bewäertes a Bekanntes zréck. Elementer aus „Stairway to heaven“ ginn dësem „Song“ dann och dat besonnescht.
De Museker selwer erkläert dann och, datt him vill u sengen ale Wierker geleeën ass. Richteg ass dann allerdéngs, datt de Robert Plant vun Ufank un, bei senger Solo-Carrière, sech ëmmer op seng al Aarbechte beruff huet. „Fir Neies ze maachen, ass et eng Inspiratioun sech vun alem beaflossen ze loossen“, esou de Plant, dee sech bis Haut gären u seng Zäit bei a mat Led Zeppelin erënnert.
An de Regaler sollt „Carry Fire“ ab dem 13 Oktober ze fanne sinn. Op de Marché kënnt den neien Album iwwer Nonesuch/Warner Records, a misst dann och iwwert all virtuell Plattformen erofzeluede sinn. Wien sech eng besonnesch Editioun vum Album wëll kropen, kann eng Virbestellung um Site vum Museker maachen. Opgepasst, déi ass net nëmme „Limited“ mee och eppes méi deier.
Wien de Robert Plant Live wëll gesinn, sollt sech am November deen een oder aneren Dag fräihalen. D‘Tour zum Album gëtt et awer emol fir unzefänken nëmmen an Irland an a Groussbritannien. Ob a wéini de Robert Plant an d‘Groussregioun kënnt, war einfach net gewuer ze ginn.
Fir déi Virwetzeg hu mir hei awer schonn emol d‘Tracklist vum Album, de link zum YouTube-Kanal fannt dir hei: http://www.youtube.com/user/RobertPlantVideos
Carry Fire: 1. “The May Queen” 2. “New World…” 3. “Season’s Song” 4. “Dance With You Tonight” 5. “Carving Up the World Again… a Wall and Not a Fence” 6. “A Way With Words” 7. “Carry Fire” 8. “Bones of Saints” 9. “Keep it Hid” 10. “Bluebirds Over the Mountain” 11. “Heaven Sent”
mat Indymedia
Foto: courtesy Nonesuch/Warner Records