Search

You may also like

Philharmonie: D’rainy days sinn ofgesot – den Uergelfestival fënnt awer nach stattfannen
Auto Meenung WTF

Philharmonie: D’rainy days sinn ofgesot – den Uergelfestival fënnt awer nach stattfannen

Duerch déi nei Bestëmmungen fir d’Ausbreedung vum Coronavirus ze limitéieren,

Treffen Thunberg-Merkel: Den enorme Sputt tëscht wëssen an handelen
Auto Meenung WTF

Treffen Thunberg-Merkel: Den enorme Sputt tëscht wëssen an handelen

D’Bundeskanzlerin Angela Merkel huet haut d’Klimaaktivistinnen Greta Thunberg, Luisa Neubauer,

US-President wëll sech aus UN-Waffenofkommes zréckzéien
Auto Meenung WTF

US-President wëll sech aus UN-Waffenofkommes zréckzéien

Op der Generalassemblée vun der „National Rifle Association“ (NRA), der

surprise

Editorial: De luesen Doud vum Diesel

Editorial: De luesen Doud vum Diesel

Zerfriess vun der Skandaler, gebeidelt duerch ëmmer nei Normen, an elo och nach bedréit duerch en Hausverbuet an de Stied, dem Diesel geet et wierklech net gutt. Besonnesch an der Gonscht vu honnert dausende Pendler, dat net zulescht wéinst senger Wirtschaftlechkeet, kënnt en net zur Rou.

Um Dënschdeg mécht de Frankfurter Autosalon nees seng Dieren op. Dee Salon deen 2015 de Showdown fir den Dieselgate sollt bedeiten. Volkswon mat senge getierkten Diesel Gefierer stoung voll an der Schosslinn, si waren iwwerfouert ginn, si haten dach tatsächlech gefuddelt.

Gutt si waren net eleng, a vill Acteuren hunn si beim Gefuddels ënnerstëtzt. Mee de Schued war ugeriicht. Vertrauensverloscht beim Client, Geriichtsaffairë weltwäit a Geldstrofen dat et engem schwindeleg ginn ass. D’Automobilindustrie, an der éischter Rei déi däitsch, hat dat eegent Kand vergëft.

D’Verkafszuele sinn a ganz Europa Réckleefeg a Besserung a keng a Siicht. Dobäi ass et verréckt, well et haaptsächlech eng Fro vun der Ausstafféierung ass. An hei läit d’Kromm an der Heck. Richteg equipéiert ass den Diesel nach ëmmer eng gutt Optioun.

Sécher, et muss een eppes méi déif an d’Täsch gräife. Experte ginn dovunner aus, datt bei engem Auto vun 20.000 Euro, d’Moossname fir den Diesel ze entgëfte bis zu 1.500 Euro dierfte kaschten. Vun „ad-Blue“ bis zu effizienten Ofgasfilter, Léisunge gëtt et scho mee anscheinend keen deen se wëll bezuelen.

Net ze vergiessen, datt dëse Problem net duerch eenzeg an eleng d’Ëmsteigen op en Elektro-Auto an de Grëff ze kréien ass. Zum engen ass och deen Deier an esouvill Steckdousen huet et net, datt sech de Frontalier sécher dierft sinn och en Aller-retour ze packen. An et kritt een all déi Leit och ni, egal wéi een sech uleet, an den ëffentlechen Transport.

Gutt, dem Diesel den Zougang zu de Stied ze verwieren, zwéngt d’Automobilindustrie elo tatsächlech zu Moossnamen. Och d’Geldstrofen hunn hir Wierkung net ganz verpasst, et sollen der esouguer am Prisong sëtzen. Mee iwwert d’Verantwortung vun der Politik, déi dem Dreiwe jorelaang nogekuckt huet, ass wéineg Rieds.

Et ass wéi et ëmmer war, de Konsument bezilt d’Rechnung. Hei wéi gewinnt dee mam klenge Portmonnie, dee wou sech geduecht alles richteg ze maachen. Ëmmerhi waren et d’Politiker déi en ermontert haten sech en Diesel ze kafen. Et war net d’Autosindustrie eleng déi de Leit de Fuerz an de Kapp gesat hat, den Diesel wier ëmweltfrëndlech.

An esou läit den Diesel um Stierfbett. Keen deen do wier him Trouscht ze spenden, keng Medezin déi wierklech schéngt unzeschloen. D’Verantwortung dofir droe mir alleguerten, déi wou gefuddelt hunn, déi wou nogekuckt hunn an déi, deenen et egal war. Ech mengen ech gëtt héich Zäit datt mer nees zur Besënnung kommen.

Related topics Auto, Diesel, Fuerverbuet, Politik
Next post Previous post