Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Piraterie am persesche Golf
Kultur Neiegkeeten

Piraterie am persesche Golf

D‘Lag am persesche Golf schéngt sech vun Dag zu Dag

Brasilien schaaft den Aarbechtsministère of
Kultur Neiegkeeten

Brasilien schaaft den Aarbechtsministère of

Wéi et en héije Responsabel vun der Exekutive, déi den

Allerhellgen zu Esch-Uelzecht
Kultur Neiegkeeten

Allerhellgen zu Esch-Uelzecht

Et ass Traditioun, a kaum ee kann sech deem gudde

Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer

Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu
Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
© Martine de Lagardère/moien.lu

De Summer näipt sech sengem Enn zou, a vill Vakanz ass och net iwwreg. Eigentlech Schued seet ee sech, mee fir der gudder Laun op d‘Spréng ze hëllefen, gëtt et dat gréisste Volleksfest vum Land. Rieds ass vun der 678. Editioun vun der Schueberfouer. An déi mécht den 23. August hir Dieren op.

Grousse Parking: Kierchbierg

Am groussen Theater gouf se de Medie schonn emol virgestallt, hei dierf ee virgräifen a behaapten: déi eleite gëtt „Anescht“. D‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) ass allerdéngs iwwerzeegt, datt déi „verännert“ Fouer genee esou flott gëtt wéi all déi virdrun. Et gouf entspriechend vill um Glacis geschafft, an dat net nëmmen um Tram, deen dëst Joer seng Première op der Fouer feieren dierf.

D‘Lydie Polfer ass dann och erfreet, datt den Tram, dee vun der LuxExpo um Kierchbierg bis bei de Nikloskierfecht um Lampertsbierg rullt, eng gutt Accessibilitéit fir d‘Gäscht vun der Schueberfouer bitt, woubäi dat bescht eigentlech d‘Tatsaach ass, datt een déi 5.000 Parkplazen, déi sech ubidden, ganz bequem notze kann. Esou gëtt och de Quartier Lampertsbierg entlaascht, wat d‘Awunner freet.

Schueberfouer

Bei der Pressekonferenz hunn de Stater Schäfferot an déi verschidde Responsabel vun de Servicer vill Detailer zu der 678. Editioun vun der Schueberfouer geliwwert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Well den Tram fir déi éischte Kéier op d‘Schueberfouer fiert, an dat kéint e Sécherheetsproblem duerstellen, si besonnesch Mesure ergraff ginn. Net nëmmen datt Barrière laanscht d‘Schinnen (an der Scheffer-Allee) opgestallt ginn, nee et soll och Sécherheetspersonal bei den Iwwergäng stoen, déi d‘Fouergäscht vum Iwwertriede vun de Schinne bei Rout sollen ofhalen. Sécherheet geet vir.

E puer interessant Detailer

Säit der „Neigestaltung“ vun der Fouerplaz 2017, huet sech villes um Glacis gedoen. An dat éischt wat engem wäert opfalen: d‘Schueberfouer ass méi kleng ginn. Vun 4,61 Ha am Joer 2016, op dunn 4,54 Ha am Joer 2017, fir elo nëmmen nach 4,44 Ha am Joer 2018 ze hunn. Et wier iwwerdriwwen hei vu Plazverloscht ze schwätzen, well et passen nach ëmmer esouvill Leit op d‘Plaz wéi virdrun.

Dofir kritt, wéi de Verkéiersschäffe Patrick Goldschmidt (DP) erkläert, d‘Fouer méi Zougäng, aacht am ganzen, an d‘Accèse fir d‘Rettungsdéngschter sinn optiméiert ginn. Och fir d‘Livraisoun vun de ville Wueren déi hei all Dag gebraucht ginn, ass ee kloert Konzept ausgeschafft ginn. De Prozess gëtt esou wiesentlech méi Effikass, firwat och Mueres kee Stress méi entsteet.

D‘Iddi, all déi Restauratiounsbetriber laanscht der Scheffer-Allee zesummenzeféieren, huet sech bezuelt gemaach, esou datt een un dësem Konzept fest hält. Alles an allem gëtt et op der Fouer 180 Spiller, Iessbuden a Restauranten. Dozou kommen nach 70 Händler, déi Bewäertes a Neies, fir déi dausende Visiteuren, op hire Stänn ubidden. Am ganze sinn fënnef Nationalitéite vertrueden.

Flott nei Attraktiounen

Een dee sech mat der Schueberfouer gutt auskennt, datt ass de Marc Weydert, vum Stater Service „Foires et Marchés“. An deen huet eis en Iwwerbléck iwwert déi sëllechen Attraktioune vun der 678. Fouer ginn. Fir déi grouss gëtt 23 Spiller, de Butze sinn der 20 virbehalen. Spiller gëtt et der am Ganzen 69, Restaurante 15, Buvetten a Frittebude 35, an 18 Stänn fir déi ganz „Séiss“.

Nei dëst Joer: den Infinity (do ginn engem Dronkenelle scho beim kucken aus), den Tiki Party (wann et der nach ni dronke war, hei sollt et geléngen), den Tower-Jump (de „klénge“ Spaass fir déi ganz Famill), Aqua-Boats (eng Aart Knuppauto um Waasser fir d‘Krapperten) an den Tea Party (dënn entgéint deem éischte Bléck net nëmmen de Knetzele Spaass dierft maachen).

Vermësst an erëmfonnt: E Puer Attraktiounen déi eis „verluer“ gaange ware sinn nees do. Esou den „Circus Circus“, „Power Tower II“, „Spinning Racer“, „Happy Sailor“, „Break Dance“ a „Thriller“ wat eisem Marc e grousst Grinsen an d‘Gesiicht gezeechent huet. Hie weist nach drop hin, datt een net dierft erhéngeren, well d‘Restaurante kënne bis zu 5.500 Leit gläichzäiteg ophuelen.

D‘Police passt op!

Wéi all Joers ass och d‘Police massiv op der Schueberfouer am Asaz. D‘Kommissariat ass wéi gewinnt bei der grousser Entrée vis-à-vis vum Theater installéiert. Wien e Mëssel huet, kann hei all Dag vu 14 Auer Mëttes bis 3 Auer Mueres fir iech do. Eis Police gëtt och dëst Joer nees vun de Kollegen aus Däitschland a Frankräich ënnerstëtzt, wat u sech eng flott a gescheit Iddi ass.

Schueberfouer

E grousst Liefkuchhäerz fir déi 678. Editioun vun der Schueberfouer gëtt et och. © Martine de Lagardère/moien.lu

A well déi Dammen an Hären an Uniform och ee ganzt grousst Häerz fir Kanner hunn, gëtt et selbstverständlech och bei 678. Editioun vun der Schueberfouer de Service „verluere Kanner“. Dëst Joer kënnen d‘Elteren, respektiv d‘Crèchen an/oder Maisons Relais, vu Méindes bis Freides hir Krapperten umellen. D‘Butze kréien dann en Autocollant, mat deenen se indentifizéierbar sinn.

De ganzen Detail zur Prozedur gëtt et ënner https://police.public.lu/fr/commissariat-virtuel/enfants-perdus-foire.html, hei dierf ausdrécklech drop higewise ginn, datt ee säi Kand och op der Plaz am Kommissariat umelle kann. Dat kann dann awer eppes Zäit kaschten, déi awer gutt genotzt ass, sollt engem de Krappert oder d‘Knetzel entwutzen… Sécherheet ass wichteg, an d‘Police ass fir eis do.

Domatter ass nach laang net alles erzielt oder erkläert, firwat et net verkéiert ass bei eis eranzeliesen, well mir hunn iech nach villes ze soen. Wien et net esou laang aushält hei e puer Adresse wou een alles gewuer gëtt:

Foto & Gallerie: Nach gëtt schwéier um Glacis gewuddert, an d‘Foraine sinn och nach net alleguerten ukomm. Et dierf een sech awer schonn esou lues op dat grousst Volleksfest freeën. Déi 678. Editioun vun der Schueberfouer gëtt awer mat Sécherheet genee esou flott wéi et geduecht ass. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Forainen, Gebackene Fësch, Karussel, Riserad, Schueberfouer, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel