Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Bréissel geet vun enger Scheedung ouni Accord aus
https://moien.lu/red-flags-how-to-know-when-youre-dating-a-loser/ top dating websites usa

https://moien.lu/with-her-dating-app/

E Méindeg hunn déi europäesch a britesch Dirigenten nach verkënnt,

best online dating apps sydney
https://moien.lu/red-flags-how-to-know-when-youre-dating-a-loser/ top dating websites usa

De Bichergeck – eng kleng Virstellung

Wann ech an engem Molbuch krozelen, molen ech iwwert de

Cambridge Analytica weist, wéi d‘Sammlung vun Donnéeën duerch Facebook enger Demokratie schuede kann
https://moien.lu/red-flags-how-to-know-when-youre-dating-a-loser/ top dating websites usa

Cambridge Analytica weist, wéi d‘Sammlung vun Donnéeën duerch Facebook enger Demokratie schuede kann

Vir gewéinlech ass den Dag nach jonk, wa mer fir

Bréissel: D‘Police entdeckt 68 Béischten an eng 35M² Appartement

Bréissel: D‘Police entdeckt 68 Béischten an eng 35M² Appartement

D‘Poliziste vun de der Zon Bréissel-Ost haten de 26. Juli an engem Appartement zu Jette (Regioun Bréissel) 68 Béischten op 35M² lokaliséiert, esou de Communiqué vun e Méindeg. 22 vun den Déiere goufen dorops hin saiséiert. Wéi et heescht, handelt et sech heibäi ëm Kätzchen, Dauwen, Deckelsmouken, Huesen an Mierschwéngercher. Si sinn un en Déierepark vermëttelt ginn.

Et ass d‘Brigad „Déiereschutz“ vun der Police déi zu Jette agegraff huet, dat nodeems et vun de Nopere widderholl „Reklamatiounen“ wéinst dem Gestank am Appartementshaus. Wéi et säitens der Police heescht, war et den 20. Juni zu enger éischter Kontroll komm, bei deenen d‘Beamten iwwer 60 Déieren opfonnt hunn, déi zesummegepercht op 35M² „gelagert“ goufen.

AppartementHeibäi handelt et sech nieft enger Dose Kätzchen, Hënn, Mierschwéngercher, Deckelsmouken an och Fësch, deels och ëm geschützten Déierenaarten. 17 vun den 29 Vullen déi d‘Beamten an der klenger Wunneng séchergestallt hunn, stellen e flagrante Verstouss géint den Aarteschutz duer. Et heescht d‘Käfeger wieren iwwertenaner gestapelt gewiescht, esouguer an der Kichen an um Balcon.

Fir direkt op d‘Fro ze äntwere firwat net schonn am Juni „duerchgegraff“ gouf: No der „Kontroll“ hunn d‘Beamten de e Bericht misse verfaassen an dësen un déi zoustänneg Autoritéite weider ginn. Déi hunn unhand den Informatiounen e Mandat ausgestallt, wat awer ee Mount gedauert huet. Du konnten d‘Beamte mat „Partner“ eng nei Visite vum Appartement virhuelen an täteg ginn.

Appartement

Wéi et am Communiqué heescht, wier a mindestens 12 Fäll géint den Aarteschutz verstouss ginn. © Police Bruxelles-Ouest

Zéng Kätzchen déi aus enger „Wallis“ gerett goufen, esou wei Huesen a Mierschwéngercher, dräi Deckelsmouke goufen direkt matgeholl. D‘Musse goufe mam Accord vun der SRPA Veeweyde un d’Asbl „Chat Libre“ weidergeleet, Veeweyde këmmert sech ëm déi aner. D‘Villercher an d‘Exoten huet den Déierepark „Pairi Daiza“ an Obhut geholl. Do ass eng aartgerecht Haltung séchergestallt.

Wat déi (on)mënschlech Bewunner vum Appartement betrëfft, esou handelt et sech laut der Police ëm eng Koppel an de Véierzeger. Si wieren der Justiz netz onbekannt, esou de Communiqué. Géint dës „onmanéierlech“ Gesellen ass Protokoll erstallt ginn an d‘Wuert huet elo de Procureur…

Foto: Auserhéngert an enger Wallis agepaakt, esou hunn d‘Beamte vun der Police dës butzeg Fellnuesen opfonnt. © Police Bruxelles-Ouest

Ähnlech Sujeten Aarteschutz, Bréissel, Déiereschutz, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel