Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Immigratioun: de Jean Asselborn ergräift Positioun
Kultur Neiegkeeten

https://moien.lu/over-50-dating-north-wales/

Nom Pressecommuniqué vun der consultativer Kommissioun vun de Mënscherechter (CCDH),

https://moien.lu/muslim-casual-dating/
Kultur Neiegkeeten

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)

„Der Däiwel nach eng“ sot mer de Jang gëschter Mueren

E positive Joresbilan vir den ACL
Kultur Neiegkeeten

E positive Joresbilan vir den ACL

Bei der Generalversammlung vum Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) sinn den Aktivitéitsbericht

Stad Lëtzebuerg: „Mir feiere vum 7. bis 10. Juni Nopeschfest!“

Stad Lëtzebuerg: „Mir feiere vum 7. bis 10. Juni Nopeschfest!“

An eiser Haaptstad huet d‘Nopeschfest mëttlerweil Traditioun an och entspriechend Erfolleg. Vun der Gemeng gëtt dëst Fest mat vill Engagement ënnerstëtzt a gefërdert. Esou kënnen d‘Bierger, déi sech an hirer Strooss oder dem Quartier wëllen organisatoresch betätegen, bei der Gemeng gehollef kréien: et kann een ufroe fir Bänken an Dëscher ze kréien, och Promotiounsmaterial ass virgesinn.

Wou et noutwenneg wier a machbar ass, kann et punktuell zur Spärung vun enger Strooss kommen, esou datt dem Zesummekomme vu gréissere Mënschegruppe méi Raum zur Verfügung steet. Hale mir nach fest, datt de genannten Zäitraum net a Stee gemeesselt ass, an een d‘Nopeschfest op en „eegenen Datum“ verleeë kann. Promotiounsmaterial gëtt awer, fir de Recht muss een eens ginn…

Wou kritt e gehollef?

Wie Promotiounsmaterial wëll oder brauch, sollt sech vertrauensvoll un d‘Chantal Krier, vum Service „Integratioun a spezifesch Besoinen“ ënnert der Telefonsnummer 4796-2389 wennen. D‘Saache kann een dann am Prinzip bis de 14 .Juni am Service um Knuedler (42, Place Guillaume II – opgepasst d‘Entrée ass an der Notre Dame Strooss) ofhuelen. Hei gëllen Ëffnungszäiten.

Nopeschfest

De Service ass op all Dag (ausser Weekend, Christi Himmelfahrt a Päischtméindeg) vun 8.30 bis 12 a vu 14 bis 16 Auer. Et besteet d‘Méiglechkeet e Rendez-vous ze vereenbaren. Vum Service kann een: Invitatiounskaarten, Plakater, T-Shirte, Ballonen a Informatiounsmaterial iwwer „Fair Trade“ Produite kréien. Wéi ee gesäit, sech am viraus gutt organiséieren bréngt zolidd Virdeeler.

Dir braucht Bänken an Dëscher?

Wien fir d‘Noperschaft net genuch Still am Haus huet awer säi Fest net am Stoe wëll feieren (ass jo och méi praktesch e Maufel z‘iesse wann ee sëtzt) dee sollt sech mat Zäite beim Service vum Architekt-Maintenance mellen. Dat am léifste via e-Mail secretariat-archmaint@vdl.lu oder den Telefon 4796-4948. Uecht gedoen, et kann nëmmen esouvill verléint gi wéi Material do ass.

Denkt w.e.g. och drun, datt d‘Bänken an Dëscher (an enger Transportkëscht sinn ëmmer 10 Dëscher an 20 Bänken) nëmme fir den Zäitraum vum 7. bis den 10. Juni zur Verfügung gestallt ginn.

Wat de Volet „Stroossespär“ betrëfft, esou muss dat vum Service „Circulation“ accordéiert ginn. Wou et méiglech ass kënne Moossnamen ergraff ginn. Tëscht dem 7. an 10. Juni ass et gratis, duerno a bis de 16. Juni muss eng Taxe bezuelt ginn. Seng Demande sollt een och am beschte per e-Mail un circulation-chantiers@vdl.lu maachen, mee Telefon geet och: 4796-4487

Ähnlech Sujeten Fëte des Voisins, Nopeschfest, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel